Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!
International Neiegkeeten

SIREN’S CALL 2019 – Metronomy, Cat Power, Band of Horses a villes méi!

De Siren’s Call Music & Culture Festival, mat senge multidisziplinären

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln
International Neiegkeeten

What the Fakt – Den éischten Ëmzuch fir Rosenmontag zu Köln

All Kölner ass ewéi bänzeg op déi fënneft Joreszäit. Och

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
International Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

Op e neits gëtt et Sträit tëscht den USA an der UNO

Op e neits gëtt et Sträit tëscht den USA an der UNO

D‘USA hunn um Mëttwoch ugekënnegt de Niveau vun hirer Vertriedung zu enger anti-Terror Konferenz ze reduzéieren. Eng eemoleg Konferenz déi haut a muer um Sëtz vun de Vereenten Natioune stattfënnt. D‘Amerikaner protestéiere géint déi ze mann Plaz, déi der Zivilgesellschaft vum russeschen Organisateur bei dëser Konferenz zougestane ginn ass.

Laut enger amerikanescher Quell déi net wëll genannt ginn, hätt Washington och entscheet, säi finanzielle Bäitrag fir den anti-Terror Büro vun der UNO ëm zwou Milliounen US-Dollar ze kierzen. Dëse Büro, dee vum UN-Generalsekretär Antonio Guterres virun engem Joer gegrënnt ginn ass, gëtt vum Russ, Vladimir Voronkov geleet, deen och d‘Verantwortung fir d‘Konferenz huet.

De fréieren Diplomat Vladimir Voronkov, gehéiert zum Krees vum Antonio Guterres sengen Adjointe fir de Beräich „Terrorismus“. Et ass dann och dem Russ säi Büro dee beoptraagt ass, déi antiterroristesch Aktioune vun der UNO ze koordinéieren. Dobäi gëtt et schonn eng Dosen UN-Agencen, déi sech op iergendeng Aart a Weis mam Sujet ausenanersetzen.

An d‘Konferenz soll, esou de Wonsch, all zwee Joer organiséiert ginn. Déi éischt vum Genre leeft wéi gesot iwwert zwee Deeg. Bedeelegen dinn sech eng 185 Länner a 25 Organisatiounen. Wann d‘Sëtzunge vum Donneschdeg hannert verschlossenen Diere stattfannen, esou ass fir e Freideg en „oppent Format“ virgesinn. Hei dierfen dann och Vertrieder vun der Zivilgesellschaft deelhuelen.

D‘Nikki Haley ass „not amused“

„Et ass e Skandal datt de neien anti-Terror Büro vun de Vereenten Natiounen d‘Participatioun vun der Zivilgesellschaft blockéiert“, iergert sech d‘US-Ambassadrice Nikki Haley an engem kuerze Communiqué. Si hätt et begréisst, wann d‘Zivilgesellschaft un alle Sëtzunge bedeelegt gi wier. Mee et geet och hei ëm „grouss“ Politik, an dofir erkläert sech d‘Ambassadrice.

Fir dëse Choix géif et keng verstänneg Erklärung, ausser déi „dem politeschen Drock vun enger Handvoll Länner noginn ze hunn, déi a Saache ‚Konter-Terrorismus“ kengerlee Kredibilitéit hunn – wéi ebe Russland, Syrien, Iran, Kuba a Venezuela – a wéi et bei hinnen üblech, der Zivilgesellschaft d‘Dieren zouzehalen“, betount d‘Nikki Haley, déi hei och en Abus denoncéiere wëll.

An der Konsequenz – well et net esou leeft wéi dat vu Washington gewënscht ass – reduzéieren d‘USA de Niveau vun hirer Representatioun bei der Konferenz. Déi ass elo engem Diplomat vum Ausseministère „zougeschanzt“ ginn. D‘Amerikaner setzen sech domatter ganz offensichtlech an déi zweet Rei, a suergen och weiderhi fir Dissens innerhalb de Vereenten Natiounen.

„D‘Virwërf sinn net berechtegt“

Op d‘Aussoe vun den USA reagéiert dem UN-Generalsekretär säi Pressespriecher, Stéphane Dujarric, esou: „Den Antonio Guterres huet duerch seng Aktiounen a Rieden, ëmmer de Besoin vu Raum fir d‘Zivilgesellschaft a seng Rechter verdeedegt. Bei dëser Konferenz si Vertrieder vun iwwer 60 Organisatiounen aus der Zivilgesellschaft (…) an déi bedeelegen sech den 2. Dag aktiv“.

Et gëtt da säitens der UNO och erkläert, datt d‘Optioun vun de Sëtzungen „hanner verschlossen Dieren“, wéinst dem vertrauleche Charakter vun den Informatiounen zréckbehale ginn ass. D‘Zil vun der Konferenz wier och den Echange vun „best practice“. An et géifen och verschidde Cheffe vun anti-Terror Agencen, hir Adjointen an/oder Vertrieder vun den Inneministère erwaart.

Laut enger Quell aus dem Beräich vun der Organisatioun, géif sech, wann d‘Wuert ergraff gëtt, eigentlech net vill doen. Bei dëser Konferenz ass et wéi bei villen aneren: déi wierklech interessant Gespréicher fannen um Gank statt, bei klengen, bilateralen oder multilateralen Treffen. An eigentlech wier d‘Konferenz schonn dann en Erfolleg, wann d‘Leit e Bewosstsinn entwéckelen.

mat AFP

Foto: D‘US-Ambassadrice Nikki Haley ass veriergert doriwwer, datt de Russ, Vladimir Voronkov eng anti-Terror Konferenz organiséiert, awer d‘Zivilgesellschaft net genuch dorunner bedeelegt gëtt. Am gläiche Sënn, kritt de Voronkov virgeworf, als Russ net kredibel ze sinn, wëll Russland selwer de Terrorismus géif ënnerstëtzen. © Andrew Caballero-Reynolds/AFP

Ähnlech Sujeten Russland, Terrorismus, UNO, USA, Zivilgesellschaft
Nächsten Artikel Virrechten Artikel