Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De SYVICOL huet Fuerderungen
operation hydra matchmaking

De SYVICOL huet Fuerderungen

Bei senger Sëtzung vun e Méindeg, huet de Syndikat vun

39 year old woman dating 28 year old man
operation hydra matchmaking

Festival vu Cannes 2019: Och Lëtzebuerg ass mat dobäi!

De Grand-Duché ka sech freeën! Dëst Joer ass Rout-Wäiss-Blo nämlech

Geschicht méi no bei Iech
operation hydra matchmaking

Geschicht méi no bei Iech

Geschicht ass eis all allgéigenwäerteg, sou och fir d’Membere vum

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip

Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Stranger Things
Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
STS2_205_JLD_0215_0701.cr2
Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Stranger Things
Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Stranger Things
Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Stranger Things
Stranger Things ass och a senger zweeter Staffel méi, wéi e blousse Nostalgietrip
Stranger Things

D’80er Joren ze imitéieren ass einfach. Eppes Interessantes an Originelles dorausser ze maachen, nach laang net. Stranger Things war eng vun deene groussen Iwwerraschungen vum leschte Joer, huet et dat fäerdeg bruecht, wourunner sech sou vill ouni Erfolleg probéieren: En éierlechen Hommage un d’80er Joren, dee flott a spannend ass, ouni dobäi missen et ze iwwerdreiwen.

Déi üblech Fal, an déi esou vill Serien, Bicher a Filmer verfalen, ass et, ee konstant dorunner ze erënneren, datt et sech an den 80er ofspillt. „it’s the 80’s” jäizt do all Dialogzeil a Plotelement, an dat geet engem nawell ganz schnell ganz vill op d’Strëmp. Dëst evitéiert Stranger Things. Zwar spillt d’Serie an den 80er, mee dat ass méi en ästheteschen a stilistesche Choix, wéi e reng inhaltlechen.

Di separat Handlungssträng ginn der Serie Zäit a Plaz, fir d’Figure wuessen ze loossen

Mee eng kéier kuerz eriwwer a Richtung Plot: Nodeems de Will an der éischter Staffel gesicht a fonnt ginn ass, schéngt den Upside-Down – eng aner Dimensioun – ëmmer méi an eis Realitéit eran ze bludden. Dat féiert och dozou, datt de Will Visiounen aus dëser anerer Dimensioun huet, déi him weisen, wéi d’Monstréisitéiten ëmmer mi déif agräifen. Zäitgläich gesi mer, wat aus dem Eleven, dem telekinetesch begaabte Meedchen aus der éischter Staffel, geschitt ass. Hatt lieft elo an enger Hütt am Bësch verstoppt zesumme mam Chief Hopper zesummen. Dëst ass e ganz gudde Grëff, wat de Plot ugeet, vue datt hier Kräft mat Liichtegkeet d’Bedreeung aus dem Upside Down kontere kéint. D’Schreiwere notze par konter d’Geleeënheet, fir dës Figur ze verdéiwen an et eréischt mi spéit an den Haaptplot ze integréieren.

Och aner Figure kréie méi Zäit spendéiert. D’Romanz tëscht dem Nancy an dem Jonathan dierft hei wuel e klengen Highlight duerstellen, vue datt hei eng ugedeite Relatioun aus der éischter Staffel weider gefouert gëtt. Sou richteg iwwerzeege konnt mech dogéint d’Max net: Den Neizougang mécht zwar vill, fir d’Diversitéit vun der Grupp vu Jongen ze vergréisseren, mee packt et net, eng richteg Déift ze erreechen. Villäicht braucht et dofir nach eng weider Staffel. Och de Bob Newby, gespillt vum „Goonie“ Sean Astin, kritt ze wéineg Zäit spendéiert, als datt ee wierklech mat him waarm gëtt, a seng Roll am grousse ganzen huet e relativ virausschaubare verlaf.

Et sinn net nëmmen d’Referenzen, mee och d’Qualitéit vun der Produktioun, déi d’Serie fir Filmfrënn nach méi flott mécht

Dat ännert awer näischt dorunner, datt een hei op seng Käschte kënnt. All Episod ass spannend, d’Maacher ginn sech Méi, alles aus de Figuren eraus ze huelen a wien sech mat de Genre-Filmer aus der Zäit auskennt, dee kann e richtegt d’Drénk Spill ronderëm d’Erkenne vu Referenzen maachen. Kaum eng Kamera-Astellung, Sound, Museksbeat oder Dialog, déi een net un en anere Film erënneren. An dach ass Stranger Things méi wéi d’Somme vun senge Referenzen. Dank senger stänneger Spannung, sengem Humor a senger éierlecher Léift zu den 80er ass et e weidert Highlight vum gëllenen Zäitalter vun der Tëlee.

Fotos: Courtesy Netflix

Ähnlech Sujeten Kultur, Nertflix, Serien, Stranger Things
Nächsten Artikel Virrechten Artikel