Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
Neiegkeeten

leuke dating apps 2018

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

rsd tyler dating
Neiegkeeten

COP24: D’Regierung muss schnellstméiglech handelen!

Den COP24 huet net méi bruecht wéi den absolute Minimum

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn
Neiegkeeten

Rambazamba um Knuedler: Nei, modern an Innovativ, esou muss et sinn

Et war dann emol déi lescht Taass Kaffi, déi eis

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Straussfeier fir d’Sportshal vun der Lallenger Schoul

Um Mëttwoch war de Virwëtz an der Lallenger Primärschoul grouss. Vill friem Gesiichter haten sech kuerz virun der Mëttegstonn hei afonnt, fir un der Straussfeier vun der neier Sportshal deel ze huelen. E Gebai, esou noutwenneg wéi sënnvoll, dat och zousätzlech Klassen enthält.

Den Timing fir dëst klengt Fest dierf een dann och als „optimal“ ëmschreiwen, well um haidege Freideg geet et am Gemengerot zu Esch-Uelzecht ënnert anerem och ëm d’Schoulorganisatioun fir d’Rentrée 2018/19. Esou konnt een engem ganz zefriddene Schäfferot a Buergermeeschter gehéier schenken, deen nieft der Tatsaach, datt déi Sportshal – déi esouwuel fir d’Schüler, mee och de Veräiner zur Verfügung wäert stoen – och zousätzlech véier Klassesäll bereet hält.

De Quartier géif kontinuéierlech wuessen, a véier zousätzlech Klassesäll géifen esou och dem demographesche Wuesstem gerecht. De fréiere „Sportsall“ deen nach aus „Vater Jahns“ Zäite gestaamt huet, gëtt hei duerch eng modern Hal ersat. Hei sollen d’Kanner sech fräi an ongezwongen hire sportlechen Aktivitéite kënnen higinn, mee och d’Veräiner an d’LASEP sollen, ausserhalb de Schoulstonnen, dës Infrastruktur notze kënnen.

De Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) huet dann och nach drop higewisen, datt wann d’Aarbechte vun der Sportshal ofgeschloss sinn, och de Schoulhaff nei gestalt gëtt. An et wier gutt dëse Schoulhaff, mat Sportgeräter auszestafféieren. Den Detail konnt hien nach net ginn, ëmmerhi gëtt d’Gebai eréischt fir d’Rentrée 2019/20 fäerdeg. De Schäffen Martin Kox (déi gréng) begréisst d’Energieeffizienz vun dëser Sportshal, déi den Escher Budget mat 7,31 Milliounen Euro belaascht.

D’Gebai aus der Siicht vun den Architekten

Den Detail zu dëser imposanter Struktur, déi och d’Gesiicht vum Quartier Lalleng verännere wäert, huet den Axel Christmann, vum Büro Valentiny hpv Architectes, a Begleedung vum Jeanne Petesch, eis erkläert. De Grondstee vun der Sportshal war am September 2017 geluecht ginn, an de Réibau ass esouwäit ofgeschloss.

D’Gebai kritt eng Notzfläch vun 1.390 Quadratmeter, wouvunner der 645 fir déi sportlech Aktivitéite reservéiert sinn. Eng Gréisst, déi et erlaabt esouwuel Basket, wéi Volleyball, mee och Badminton ze spillen. Um Rez-de-chaussée sinn och d’Vestiairen, d’Duschen an d’Toiletten ënnerbruecht. Et gëtt Ofstellraim fir d’Material dat fir de Sport noutwenneg ass ënnerzebréngen an och technesch Lokaler.

Op den ieweschte Stack, dee ganz funktionell geplangt gouf, komme véier Klassesäll, déi als Annex fir d’Primärschoul gebraucht solle ginn. En interessante Punkt deen ervirzehiewen ass: et gëtt och e Lift agebaut. Domatter ass och séchergestallt, datt Kanner an Erwuessener mat spezifesche Besoine vollen Accès zur Infrastruktur kréien. Natierlech gëllt dat och fir de Rez-de-chaussée.

Foto: De Buergermeeschter Georges Mischo (l) huet sech unhand de Pläng nach emol den Detail vun der neier Sportshal erkläre gelooss. Den Axel Christmann vum Büro Valentiny hpv Architectes (2.v.l.) an e Responsabel vum Service des Architectes vun der Gemeng Esch, sinn hei op all d’Froen agaangen. De Schäffe Martin Kox (r) begréisst, datt d’Gebai déi energetesch Klass B-B erfëllt. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Esch-Uelzecht, Georges Mischo, Lalleng, Primärschoul, Valentiny hpv Architectes
Nächsten Artikel Virrechten Artikel