Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss
Neiegkeeten

E neit Gesiicht fir d‘Kasematte vun der Péitruss

Um Mëttwoch war bei der Gëlle Fra eng weider lass.

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch
Neiegkeeten

E Gesetz fir déi lëtzebuergesch Sprooch

Eng Gesellschaft, egal wéi multikulturell se opgestallt ass, definéiert sech

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz
Neiegkeeten

Den Trump schéckt Zaldoten un déi mexikanesch Grenz

Wann se dem „Chef“ keng Sue fir eng Mauer aus

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen

„Street Wheels“: Wann‘s de net wëlls op der Felg dréinen

De leschte Sonndeg hat déi kleng Entreprise „Street Wheels“ zu Mäertert den Dag vun der oppener Dier. En Event dee vill Zousproch fonnt huet, an mat nach méi Animatioun, Iessen a Gedrénks, déi sëlleche Gäscht häerzlechst empfaangen hat. Dat huet eis virwëtzeg gemaach, a mir sinn eis dëse flotte Betrib vun eppes méi ukucke gaangen.

„Street Wheels“ ass dat, wat een ënnert engem Familljebetrib versteet. Geleet geet d‘Entreprise vum Jérôme an dem Laure Neyen. Wéi et dozou komm ass, a firwat si och zu Eisenach eng Dependance hunn, datt alles wollte mir vum Patron wëssen.

Ugefaangen huet dës „Aventure“ 2013, wou de Jérôme, zesumme mat engem gudde Frënd, an enger Scheier fir sech an de Frëndeskrees, Pneuen akaf a Montéiert huet. Eng Iddi déi ageschloen huet an entspriechend Succès sollt hunn. Séier sinn och d‘Frënn vun de Frënn, op Eisenach komm, wollten nieft de Pneuen och nach Felgen a gutt Botzmëttel, déi och hale wat se verspriechen.

Sozial Netzwierker?

De Projet „Street Wheels“ huet Form ugeholl, ass gewuess an den Zousproch huet béid Frënn zum nächste Schratt animéiert. Eng „Start-up“ Entreprise muss sech an de sozialen Netzwierker weisen, an esou gouf eng Facebook-Säit ageriicht. Den Zousproch an d‘Clientèle ass weider ugewuess…

Enn 2016, esou de Jérôme, huet de Kolleg sech aus perséinleche Grënn missen aus der Entreprise zréckzéien, a fir e kuerzen Ament war de Projet a Fro gestallt ginn. D‘Laure, déi wousst wéi vill hirem Mann un dësem Projet geleeën ass, huet sech dunn entscheet d‘Parte vum ausscheedende Partner opzekafen, an huet sech dann och ganz aktiv am Projet agesat. Et konnt viru goen.

„Street Wheels“ ass weider gewuess, Personal ass agestallt ginn, d‘Produktoffer gouf erweidert, an iergendwann war d‘Scheier zu Eisenach „ze kleng“. Si hunn entscheet, datt et fir de Client och e Virdeel ass, wann een him seng Pneuen „op der Plaz“ (op doheem oder am Büro) wiesselt.

Den „Home Service“ huet säin eegent Kapitel an der Succès-Story geschriwwen. Doduerch ass awer d‘Entreprise weider gewuess, an de Jérôme an d‘Laure hunn no engem weidere Standuert gesicht. Wëll vill Clienten aus Lëtzebuerg sinn, ass sech hei am Land no enger gëeegenter Plaz ëmgekuckt ginn, an zu Mäertert, direkt nieft dem Gemengenatelier, hu si déi dann och fonnt.

Net ganz esou einfach

Fir d‘Hal dann och ze kréien, war et um Enn eppes méi komplizéiert wéi geduecht. Déi jonk Entrepreneuren hunn net labber gelooss, wéi et hinnen „ze bont“ ginn ass, hu si sech de Rot an d‘Hëllef vun Experte geholl. Dëst Joer war et endlech esouwäit. Si sinn elo do a wëlle bleiwen.

Alles an allem këmmeren sech nieft dem Jérôme an dem Laure, fënnef Mataarbechter ëm d‘Wënsch vun de Clienten. Interessant ass hei d‘Philosophie vum Jérôme: „mir verstinn eis hei als ‚Frënn‘ déi gemeinsam un engem Zukunftsprojet schaffen. Mir wëllen eise Kollegen a Clienten de beschte Service ubidden, mee och Freed un eiser Aarbecht hunn“. Dat dierfe mir op dëser Plaz bestätegen.

Nodeems dann den Atelier zu Mäertert, an der Industriezon Fausermillen, ageriicht war, konnt et zu Lëtzebuerg lassgoen. Fir der treier Clientèle Merci ze soen, an sech enger „Neier“ ze presentéieren, hunn sinn dann och dëse flotten Dag vun der „Oppener Dier“ organiséiert.

Hei dierf een dann nach ervirhiewen, datt den Erléis vum Dag engem gudden Zweck zougefouert ginn ass. De Beneficiaire ass de „Plooschter Projet“. Iwwerhaapt, an dat ass wierklech immens flott, wann een als Client vu „Street Wheels“, de Montant vu senger Rechnung „oprënnt“, da ginn déi Sue gesammelt an engem gudden Zweck zougefouert, egal op et e puer Euro oder Cent sinn.

Hei kriss de vill fir däi Geld gebueden

Datt ee bei „Street Wheels“ de Pneu vu senger Wiel fënnt, oder awer mindestens esou gutt berode gëtt datt een dee richtegen um Auto huet, datt muss net méi weider betount ginn. Datt d‘Jongen och bei een Heem komme fir dat „schwaarzt op dat blénkegt“ ze setzen hu mir och schonn erwähnt.

Bleift nach iwwert e puer „Klengegkeeten“ ze beriichten. Si féieren eng grouss Gamme u Profi-Botzmëttel, déi tatsächlech och dat hale wat si verspriechen. Si hunn, an dat beweist datt eis Entrepreneuren och vu Marketing eppes verstinn, dozou nach eng schéin Auswiel u „Merchandise“ Produiten. Vum T-Shirt iwwert den Hoodie, eng Kap oder eng Taass an e Bic, alles do.

A wann een dann elo och nach bedenkt, datt de Jérôme bis viru kuerzem eng „sécher“ op der CREOS hat, d‘Laure kierzlech och dem Roude Kräiz de Réck zougewennt huet, dierf ee vu couragéierte jonken Entrepreneure schwätzen. Wann dir also e Pneu braucht, denkt u si…

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Automobilsport, Felgen, Pneuen, Start-up, Street Wheels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel