Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?
Neiegkeeten

D’Réimer hu vill Spueren zu Lëtzebuerg hannerlooss. Mee wéi gutt kenns du se?

Et ass zwar scho laang hier, mee d’Réimer hunn e

Science Summer Splash: Wëssenschaft déi Wësse schaaft
Neiegkeeten

Science Summer Splash: Wëssenschaft déi Wësse schaaft

Fënnef Deeg laang hat sech de Science Summer Splash zu

Biergcourse Eschduerf: Guy Demuth beschte Letzebuerger
Neiegkeeten

Biergcourse Eschduerf: Guy Demuth beschte Letzebuerger

Et war een elle groen Dag deen déi Motorsportpassionéiert zu

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen

Bausecteur: Laang kann dat net méi gutt goen

Um spéiden Donneschdegnomëtte war zu Esch-Uelzecht eng méi Lass. An de Raimlechkeete vum OGBL hu sech e puer honnert Salariéeën aus dem Bausecteur zesummegedoen, fir sech iwwert de Kollektivvertrag auszetauschen. Hei gëtt et jo bekanntlech säit 20 Méint Stëllstand.

Et war dann awer och eng éischt Reunioun déi mobiliséiere soll, firwat hei geziilt d‘Personal vu véier groussen Entreprise ageluede goufen. Rieds ass vun der Soludec, der Tralux, CDCL a Ferrac. Dem Personal géinteniwwer huet de Gewerkschaftssekretär Jean-Luc de Matteis ouni Ëmweeër verdäitlecht, datt, sollt d‘Patronat net wëlle verhandelen, ee gezwonge wier, op d‘Strooss ze goen.

Domatter steet fest, datt ee beim OGBL ee sech virsiichtshallwer op de Klassekampf astellt. Fir datt och méiglechst jiddereen un dësem Deel hëlt, huet de Jean-Luc de Matteis nach emol d‘Punkten opgezielt, déi mussen iwwerwonne ginn. Dorënner virun allem de Refus vum Patronat, sech d‘Virschléi vun de Gewerkschafte mat beduecht unzekucken.

Et wiere realistesch Fuerderungen

Fir den OGBL ass et also d‘Patronat, dat zanter elo geschwënn zwee Joer e neie Kollektivvertrag blockéiert. Dobäi wieren déi Fuerderungen, déi den OGBL gären am Kollektivvertrag verankert geséich realistesch, an net wéi vum Patronat verkläert, iwwerhieflech.

D‘Gewerkschaft reklaméiert eng Erhéijung vun der reeller Pai ëm 4,5% op dräi Joer. Am Kollektivvertrag soll dat administratiivt Personal berécksiichtegt ginn, fir esou déi selwecht Avantage wéi d‘Aarbechter ze erhalen. An et gëtt op der Evolutioun vun der Carrière, duerch eng bestänneg Formatioun bestanen. Dräi grondsätzlech Fuerderungen un deenen net ze fréckelen ass.

An de Jean-Luc de Matteis weist ganz diplomatesch drop hin, datt et ëmmerhin eng 15.000 Aarbechter wieren, déi de Räichtum an engem Secteur generéieren, deem et alles anescht wéi schlecht ergeet. Néierewou gëtt an de leschte Joren esouvill Geld verdéngt, an och d‘Perspektive vum Secteur kéinten, op déi nächst dräi Joer betruecht, net besser sinn.

Et kann och gestreikt ginn

D‘Fuerderunge vun der Gewerkschaft wieren der erbruechte Leeschtung gerecht, et géif ee kee Kaddo verlaangen. De Gewerkschaftssekretär huet dann och säi Public iwwerzeegt. D‘Aarbechter déi zesummekomm sinn, haten nogelauschtert a wollten och hire Bäitrag leeschten.

Ee vun hinnen ass vu sengem Sëtz opgesprongen an huet seng Komerode gefrot: „Firwat blockéiere mir d‘Chantieren net?“. En aneren, deem dëse Gedanke scheinbar net wäit genuch gaangen ass, huet sengersäits gefuerdert: „Loosst ons mam Geschwätz ophalen a streiken!“. Domatter ass zumindest verdäitlecht, wéi opgehëtzt d‘Stëmmung um Boulevard Kennedy gëschter war.

Wéi et allerdéngs mat de Chancen ausgesäit, nach virun der Summervakanz zu engem fir all Säiten akzeptabele Kollektivvertrag ze kommen? Dat konnt gëschter kee Gewerkschaftler soen. Si hunn awer drun erënnert, datt et 2013 och net wierklech einfach war: Deemools d‘Patronat sech awer de Revendicatiounen erginn hat, iert zum ugekënnegte Streik konnt kommen.

Ähnlech Sujeten Bausecteur, Kollektivvertrag, OGBL
Nächsten Artikel Virrechten Artikel