Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta
International Neiegkeeten

Syrien: déi tierkesch Arméi zu Afrine, de Baschar al-Assad an der Ghuta

Déi tierkesch Arméi huet Afrine eruewert an eng Kurdemiliz verdriwwen.

What the Fakt – Duerch déi grouss Liewensdramen mam Jacques Brel!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Duerch déi grouss Liewensdramen mam Jacques Brel!

Trotz senge belsche Wuerzelen avancéiert de Sänger, Komponist a Schauspiller

SEW/OGBL, Studenten a Stagiairen: D’Fuerderunge ginn endlech erfëllt!
International Neiegkeeten

SEW/OGBL, Studenten a Stagiairen: D’Fuerderunge ginn endlech erfëllt!

Schonn 2014 hat den OGBL-Syndikat Erzéiung a Wëssenschaft (SEW) vun

Streik bei Ryanair: et gi manner Flich gestrach wéi virgesinn

Streik bei Ryanair: et gi manner Flich gestrach wéi virgesinn

Muer Freideg, gi bei Ryanair 150 Flich gestrach. Grond, den ugekënnegten „europäesche“ Streik vu Kabinnepersonal, dee simultan a fënnef Länner soll stattfannen (mir hate bericht). Gerechent haten se mat der Annulatioun vun ëm déi 190 Flich, mee esouwäit soll et elo net kommen.

Déi iresch Fluchgesellschaft erkläert, datt déi grouss Majoritéit vun de Salariéen normal hirer Aarbecht noginn, firwat et méiglech ass, 92% vun 2.400 Flich ze assuréieren. En Dënschdeg hat sech Ryanair nach op eng 190 Flich festgeluecht, déi wéinst dem Streik misste gestrach ginn.

Heivunner wieren eng 30.000 Cliente betraff gewiescht. Ryanair preziséiert, datt all Client dee vum Sozialkonflikt bei der Fluchgesellschaft betraff ass, via e-Mail oder SMS informéiert gouf. D‘Direktioun vun der Ryanair huet dës erneit Aarbechtsnéierleeung als „onnëtz“ bezeechent.

Dissens bei den Aarbechtsverträg

Zum Streik opgeruff, gouf d‘Kabinnepersonal a Spuenien, Portugal, Italien, der Belsch, an Holland. Den 12. September war et an Däitschland schonn zu engem Streik vun de Pilote komm. Hei waren och 150 Flich ausgefall. D‘Gewerkschaft ver.di entscheet haut, op si um Streik deelhuelen.

Gefuerdert gëtt vun de Gewerkschaften: besser Aarbechtskonditiounen, an d‘Salariée sollen en Aarbechtsvertrag erhalen, deen dem Recht vum Land an deem si residéieren entsprécht. Bis ewell ass et bei Ryanair Praxis, datt d‘Personal e Vertrag no ireschem Recht erhält.

De koordinéierte Streik vun e Freideg, markéiert d‘Kontinuitéit vun engem soziale Mouvement, deen d‘Fluchgesellschaft zanter dem Summer net zur Rou komme léisst. Zwou grouss Aktiounen (Enn Juli 600 Flich gestrach/Mëtt August 400 Flich gestrach) hunn d‘Direktioun net iwwerzeegt.

Geet dem Personal d‘Loft aus?

Mat (nëmmen) 150 gestrache Fluchverbindungen op dësem Freideg, verdeelt op ganz Europa, gëtt en Taux erreecht, wéi beim däitsche Pilotestreik Mëtt September. Unhand vun dësen Zuelen, sinn sech d‘Experten eens, datt dem „Mouvement“ d‘Loft ausgeet.

Et sinn dann awer e puer Fortschrëtter erziilt ginn. Fir dem Sozialkonflikt ze begéinen, huet Ryanair mat verschiddene Gewerkschaften en Ofkommes ënnerschriwwen. Esou notamment an Italien, an Irland an a Groussbritannien. Et gëtt hei méi Loun a verbessert Aarbechtskonditiounen.

De sozialen „Dissens“ ass endemesch, an dat zanter engem gudde Joer. Ugefaangen hat et bei de Piloten, firwat et an de leschte Méint zu Verhandlunge mat de Gewerkschafte komm ass. E Novum fir d‘Entreprise, déi et 30 Joer laang fäerdeg bruecht hat, sech Personalvertrieder vum Hals ze halen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Ryanair, Sozialkonflikt, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel