Search

You may also like

Artikel 13: D’Tilly Metz an déi fräi Meenungsäusserung am Internet
International Neiegkeeten

Artikel 13: D’Tilly Metz an déi fräi Meenungsäusserung am Internet

D’Majoritéit vun den Deputéierten huet sech géint de fräien Internet

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3
International Neiegkeeten

Weess du, a wéi enge Gemengen dës Uertschafte leien? – 3

[onionbuzz quiz-id=81][/onionbuzz] Lëtzebuerg huet vill kleng a grouss Uertschaften. Mee

Kanada kritt säin Dreck zréck
International Neiegkeeten

Kanada kritt säin Dreck zréck

D‘Bevëlkerung vun de Philippinnen war es sat, datt hiert Land

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff

Streik bei Ryanair: 600 Flich gi gestrach, 100.000 Passagéier si betraff

Déi iresch „low-cost“ Fluchgesellschaft Ryanair huet gëschter misse bekannt ginn, datt an Europa de 25. a 26. Juli 600 Flich wäerten ausfalen. Grond: d‘Kabinnepersonal a Spuenien, Portugal, mee och an der Belsch streiken. Vun dësen „Ausfäll“ wieren 100.000 Passagéier betraff, esou Ryanair.

„Bis zu 200 deeglech Flich (ëmmer am Aller-Retour) fir Spuenien, a jee 50 fir Portugal an d‘Belsch, musse gestrach ginn“, heescht et am Communiqué vun der Gesellschaft. Dorausser ergëtt sech déi ominéis Zuel vu 600 Fluchbewegungen an 100.000 Passagéier.

Fënnef Gewerkschaften haten Ufank Juli, beim Kabinnepersonal vu Ryanair an der Belsch, Italien, Spuenien a Portugal, en Opruff zum Streik gemaach. Deen hätt, ausser an Italien, iwwerall vill Zousproch erhalen. Bei Ryanair geet een dovunner aus, datt Italien net vun den Ausfäll betraff ass.

Ëmgebucht oder ausbezuelt

Ryanair huet dann och matgedeelt, datt allen 100.000 Passagéier déi vum Streik betraff sinn, ugebuede ginn ass op en alternative Fluch – dee siwen Deeg virdrun oder nom 25./26. Juli stattfënnt – ëmgebucht ze ginn. Et ass och méiglech einfach säi Geld zréckzekréien.

D‘Gewerkschaften déi zum dësem Streik opgeruff hunn, fuerderen notamment vu Ryanair, datt si déi Legislatioun vun deene Länner uwennt, an deenen si Personal beschäftegt. Zudeem soll Ryanair jidderengem déi selwecht Aarbechtskonditiounen, also och den Zäitaarbechter, garantéieren.

„Dëse Streik huet keng Berechtegung an säin eenzegen Zweck besteet doranner, Familljevakanzen ze versauen an der Konkurrenz méi Profit anzebréngen“, mengt de Marketingdirekter vu Ryanair, Kenny Jacobs, deen och am Communiqué ernimmt gëtt.

Ouni Gewerkschaften wier alles besser

„D‘Kabinnepersonal vun der Ryanair huet ee ganzt gutt Gehalt – bis zu 40.000 Euro/Joer, an engem Land mat ville jonke Chômeuren – an d‘Gesellschaft ass am Secteur Spëtzereider bei de Roudeeg“, esou de Kenny Jacobs, deen nach bemierkt, datt d‘Personal och Kommissioun op d‘Vente erhält.

Anersäits ass et dann awer och esou, datt Ryanair et net esou mat Gewerkschaften huet. Nëmmen do wou et net anescht méiglech ass, oder sech „arrangéiert“ gouf, gëtt et Personalvertrieder. Déi Gewerkschaften, déi hei zum Streik opgeruff hunn, ginn net vun der Fluchgesellschaft unerkannt.

Ufank Juni, sinn zwou Gewerkschaften déi Kabinnepersonal vertrieden, vu Ryanair an Italien unerkannt ginn. Fir dës Kategorie Salariéeën, eng Première. Notéiere mir nach, datt Ryanair ausserhalb Europa, och Flich a Richtung Marokko, Jordanien an Israel ubitt.

mat AFP

Related topics Gewerkschaften, Kabinnepersonal, Ryanair, Vakanz
Next post Previous post