Search

You may also like

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!
International Neiegkeeten

Opgepasst bei gliddege Biedem – Verbrennunge beim Mupp mussen net sinn!

Ënnert de waarme summerlechen Temperaturen leide Mënsch an Déier gläichermoossen.

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun
International Neiegkeeten

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir

Covid19 update: Mir halen d‘Kurv flaach
International Neiegkeeten

Covid19 update: Mir halen d‘Kurv flaach

Hisichtlech der Reprise vum Schoulbetrib nächste Méindeg, esou wéi och

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an

Wéinst engem Streik stellt d‘DB Landeswäit den Zuchverkéier an

Nach bis 9 Auer de Mueren, fiert a ganz Däitschland keen Zuch. Mat erhiefleche Behënnerungen ass den ganzen Dag iwwer ze rechnen. Betraff sinn d‘Inter-City Zich, mee och de Regionalverkéier.

Bei der „Deutsche Bahn“ (DB) leeft näischt méi. Dee vun der Eisebunner- a Verkéiersgewerkschaft (EVG) organiséierte Warnstreik, gëtt fir d‘Situatioun verantwortlech gemaach. Dës begrenzten Aktioun huet an de fréie Mueresstonnen ugefaangen, a bis op mannst 9 Auer si vum Warnstreik landeswäit d‘Fern- a Regionalzich, mee och d‘S-Bahn, betraff. Laut der EVG sinn ab Karlsruhe keng Zich méi gefuer, zu Berlin hunn d‘S-Bahnen hire Service agestallt. Och soss leeft net vill.

Fir déi leit, déi op Informatiounen ugewise sinn, huet d‘DB eng Hotline (08000 996633) ageriicht. Déi ass awer nëmmen aus dem däitsche Reseau zougänglech, Leit aus dem Ausland mussen sech iwwer Internet informéieren. Vun der DB gouf erkläert, datt de Laangstreckeverkéier landeswäit massiv ageschränkt ass, iert se haut de Moie matgedeelt huet, datt bis 9 Auer alles „steet“. Et soll dann och de ganzen Dag iwwer zu erhiefleche Behënnerungen am ganze Reseau kommen.

De Spriecher vun der DB, huet de Clienten dréngend geroden, hir Reesen op muer Dënschdeg ze verleeën. D‘Tickete bleiwe gülteg.

D‘Gewerkschaft EVG hat hir Memberen a ganz Däitschland opgeruff, d‘Aarbecht néierzeleeën, ouni op e regionale Schwéierpunkt ze setzen. De Grond fir dëse Warnstreik: d‘Gewerkschaft wëll am Tarifkonflikt mat der DB, ënnert anerem hir Fuerderung vun enger Gehaltserhéijung duerchsetzen. Si fuerderen hei 7,5% woubäi anscheinend d‘DB eng Propose soll ënnerbreet hunn, an där et 7% méi an der Paitut soll ginn.

E Samschdeg huet d‘EVG, déi 160.000 Salariéeën aus dem Secteur vertrëtt, de Verhandlungsdësch verlooss. Bei der Gehaltserhéijung war de Staatskonzern der Gewerkschaft net wäit genuch entgéint komm. Elo wëll d‘Gewerkschaft d‘Verhandlungen nëmmen dann nees ophuelen, wann de Konzern eng verbessert Propose virleet. D‘DB huet de Warnstreik eng „iwwerflësseg Eskalatioun“ genannt, an huet d‘Gewerkschaft opgeruff, schonn haut nees d‘Verhandlungen opzehuelen.

Zu Vollstännegkeet: déi „Deutsche Bahn“ verhandelt zu Hannover parallel mat der EVG an der Gewerkschaft vun de Lokféierer GDL. D‘GDL wëll den Ament op Streik verzichten, mee warnt, datt wann et net zu engem valabele Kompromëss kënnt, et am neie Joer zum Sozialkonflikt komme kann. De GDL-Chef Claus Weselsky huet gemengt: „Wann, da rabbelt et am neie Joer!“.

mat Indymedia

Foto: Zu Berlin (hei d‘Statioun Alexanderplaz) ass och de Verkéier vun der S-Bahn agestallt ginn.

Related topics Däitschland, DB, Deutsche Bahn, EVG, GDL, Zuchverkéier
Next post Previous post