Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump
Cry Neiegkeeten

Big in Japan: Bréissel an Tokio mat JEFTA géint den Trump

Bei engem „klénge“ Sommet haut zu Bréissel, wäerten d‘EU a

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer
Cry Neiegkeeten

Tierkei: Schweden besuergt, Däitschland geet et duer

No der Verhaftung vu sechs Amnesty International (AI) Membere bei

crying
Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert
Cry Neiegkeeten

Thailand: No engem Trauerjoer gëtt de Kinnek ageäschert

Mam Begriefnes vum thailännesche Kinnek, ass um Donneschdeg dat vun

crying

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

De Streik am Fleegeheem zu Beetebuerg kritt eng nei Dimensioun

No der Circulaire déi d‘COPAS (Federatioun vun de Prestataire fir d‘Gestioun vun de Fleegeheemer) um Dënschdeg un all d‘Fleegeheimer verschéckt huet, an där si opgeruff ginn, en Deel vun hirem Personal an d‘Beetebuerger Fleegeheim „An de Wisen“ ze „delegéieren“, huet d‘Nora Back vum OGBL e „Vergoen um Streikrecht“ denoncéiert.

Am Fleegeheem „An de Wisen“, dat vu Sodexo Residences Asbl geréiert gëtt, streike säit dem leschte Mëttwoch 106 vun de ronn 200 Salariéeën. Mat dëser ominéiser „Circulaire“ an engem Pressecommuniqué huet d‘COPAS d‘Gewerkschaft an déi Leit wou streiken erausgefuerdert. Dat huet derzou gefouert, datt „ee gezwonge gouf“, virun den zwou Entréeë vum Fleegeheim, Barragen opzeriichten, mat deem den Zougang „gefiltert“ gëtt.

E Mëttwoch da waren se virbereet an schonn um hallwer sechs um Dill, woubäi et net laang gedauert huet, bis déi „éischt Salariéeë vun engem aneren Haus“ opgetaucht sinn. Déi si frëndlech awer mat Determinatioun „ugehale“ ginn. Duerno sinn Stagiaire komm, déi och den Zoutrëtt zum Fleegeheem verweigert kruten. Et huet net laang gedauert, dunn ass eng éischt Patrull vun der Police opgetaucht, an dunn eng zweet…

D‘Nora Back huet ausgefouert: „Et sinn och Membere vun der Direktioun komm, an et ass diskutéiert ginn. Mir hunn dunn d‘Stagiairen an déi dräi Leit misse passéiere loossen. Domatter ass de Verstouss géint d‘Streikrecht offensichtlech a bestätegt. Mir mussen elo dogéint eng Plainte areechen“. An Tatsächlech ass am Gesetz virgesinn, datt e Betrib dee bestreikt gëtt, keng Leit „vu baussen“ dierf eranhuele fir de Streik ze briechen.

D‘COPAS dementéiert

Op den Ierger vum Nora Back huet d‘COPAS reagéiert: „Mir hu keng ‚Circulaire‘ erausginn, mee mir hunn d‘Initiativ ergraff, e Solidaritéitsappell un eis Memberen ze riichten, fir ee vun eise Memberen ze ënnerstëtzen“, esou d‘Netty Klein, Generalsekretärin vun der COPAS. Et géif sech bei Leit och net ëm Salariéeë mat engem CDD, Interimairen oder Stagiairen handelen. Et handelt sech ëm „Sous-Traitance“ an d‘Aarbechtsrecht verbitt datt net am Fall vun engem Streik.

Si stellt dann och nach fest: „Dëse Streik ass net legitiméiert. D‘Membere vun der COPAS sinn Signataire vum SAS-Kollektivvertrag. Hei sinn et d‘Salariéeën déi vun „extralegalen“ Avantage profitéieren déi streiken. Mir ginn hinnen net manner oder wëllen hinnen näischt ewechhuelen, mee mir sinn net bereet d‘Revalorisatioun vum FHL-Kollektivvertrag unzewennen, vu datt eis Memberen déi net mat ënnerschriwwen hunn“.

Och d‘Maryse Goedert, Direktesch vum LTPS (den technescher Lycée fir Gesondheetsberuffer) huet sech zu Wuert gemellt an affirméiert: „Mir sinn net kontaktéiert ginn, fir dem Fleegeheem ‚an de Wisen‘ Schüler zur Verfügung ze stellen. D‘Stagiairen déi am Ament zu Beetebuerg schaffen, ware schonn do iert de Streik ugefaangen huet“.

Deem entgéint d‘Nora Back: „Mee déi musse vu qualifizéiertem Personal encadréiert ginn, wat hei e Mëttwoch de facto net de Fall war. Eis Personaldelegéiert hu misse feststellen, datt dës Stagiairen ouni Opsiicht hiren opgedroenen Aarbechten nokomm sinn“. Hei muss dann och nach drop higewise ginn, datt d‘ITM (Aarbechtsinspektioun) eng zweet Visite am Fleegeheem duerchgefouert huet. Si huet awer net mat der Press geschwat. Et geet also elo an eng méi hëtzeg Phas vum Streik.

Foto: Der COPAS an der Sodexo gëtt de Virworf gemaach, mat externem Personal de Streik am Fleegeheem „An de Wisen“ ze briechen. E klore Verstouss géint d‘Streikrecht. Och d‘Police huet hei de Patrone gehollef, d‘Streikbriecher an d‘Haus anzeschleisen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Copas, Fleegeheimer, OGBL, Sodexo, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel