Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
dating websites turkey

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

https://moien.lu/chelsea-lately-dating-history/
dating websites turkey

dating aktiviteter stockholm

Wéi 2016 den Zinema Ariston an der Minettemetropol de Rideau

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City
dating websites turkey

40 Joer ass et hir: De Xavier Bettel zu Mexiko City

Vum 7. bis den 9. Abrëll war eise Premier- a

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Streik an de Fleegeheimer: D‘Direktioun vum „Parcs du 3ème âge“ ass ageknéckt

Säit gëschter Moie gëtt zu am Fleegeheim „An de Wisen“ zu Beetebuerg gestreikt, an haut war et zu Bartreng, wou d‘Fleegepersonal wéi ugekënnegt, d‘Aarbecht néiergeluecht huet. E Streik deen nach virun der Mëttegstonn Wierkung gewisen huet.

Tatsächlech huet d‘Direktioun zimlech kuerzfristeg misse feststellen, datt sech hiert Personal net méi wollt fir Domm verkafe loossen, a huet missen „d‘Handbrems“ zéien. Si hunn dann och, wat een als vernënfteg dierf bezeechnen, Kontakt mat der Personaldelegatioun an der Vertriederin vum OGBL, dem Nora Back, opgeholl.

Bei dësem Gespréich soll d‘Direktioun dann agesinn hunn, datt et kaum en aneren Auswee aus dëser däreger Situatioun gëtt, wéi de längst ënnerschriwwene FHL-Kollektivvertrag unzëerkennen. Dat konnt d‘Nora Back natierlech nëmme begréissen, mee de Streik vun engem Ament op deen aneren ofzebrieche war dann awer net méiglech.

D‘Personal huet Garantie gefuerdert, wat mat engem kuerze Schreiwes net gedoe war. Trotzdeem hunn sech eng Rei Leit bereet erkläert direkt hir Posten nees ze besetzen. Dat erkläert sech dann och doduerch, datt et ni d‘Absicht war, d‘Patiente mat dësem Konflikt ze belaaschten.

Fleegeheimer

Zu Beetebuerg „An de Wisen“ wou et notamment soll zu Menacen an Aschüchterunge komm sinn, ass een elo net méi gewëllt de Geck mat sech maachen ze loossen. © Martine de Lagardère Moien.lu

Wann d‘Zouso vun der Direktioun, sech elo wierklech un de Kollektivvertrag ze halen, juristesch gepréift a vir gutt befonnt ginn ass, trëtt dann och nees Normalitéit an de „Parcs du 3ème âge“ an. Dat géif bedeiten, datt spéitstens muer de Moien, zumindest zu Bartreng, dee vum Patronat provozéierte Klassekampf eriwwer ass.

Zu Beetebuerg, wou d‘Sodexo – en internationale Konzern, deen sech just fir d‘Gestioun vum Fleegeheim ze kréien – de Mäntelche vun enger Asbl ugedoen huet, ass et mat der Asiicht vun der Direktioun net wäit hir. Hei geet de Streik dann och op onbestëmmten Zäit weider.

Et dierf ee gespaant sinn, op déi bei „Zitha Senior“ et net wäerte virzéien, et de Bartrenger gläich ze maachen. An esou deen onsënnege Vertragsbroch réckgängeg ze maachen, an déi Konditiounen, déi si selwer am Kollektivvertrag mat verhandelt hunn, unzehuelen. Hei gëtt nämlech net gestreikt well ee nei Fuerderungen hätt, mee just fir ze erhale wat längst ausgehandelt ginn ass.

Foto: D‘Personal an de Fleegeheimer, déi nach ënnert den FHL-Kollektivvertrag falen, an dee vum Patronat 2017 mat verhandelt an ugeholl gouf, verlaangt net méi an net manner, wéi datt de Vertrag agehale gëtt. Hei streikt kee aus Spaass un der Freed, mee fir de Respekt vun de Regelen, déi beid Parteien opgestallt hunn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Fleegeheimer, OGBL, Parcs du 3ème âge, Sodexo, Streik, Zitha Senior
Nächsten Artikel Virrechten Artikel