Search

You may also like

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)
Neiegkeeten

Spärung vum Gousseler Tunnel (20.06.2020)

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt e Samschdeg, den 20 Juni 2020

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“
Neiegkeeten

Buchpresentatioun vun „Anne aus Green Gables“

Virun e puer Wochen huet mäi Meedche vu fofzéng Joer

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung
Neiegkeeten

USA dreet auslännesche Studente mat Ausweisung

All auslännesche Student, deen op enger US-Universitéit ageschriwwen ass, déi

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten

Streik an de Fleegeheimer: Zu Beetebuerg verhäerten sech d‘Fronten

E Freideg huet den OGBL, am Kontext vum Streik am Fleegeheim „An de Wisen“ zu Beetebuerg, iwwert déi aktuell Situatioun informéiert. D‘Nora Back huet dann och begréisst, datt een de Streik zu Bartreng am „Parcs du 3ème âge“ no dräi Stonne konnt ofbriechen, well den Direkter, Dr Normi Barnig, sech zu gudder Lescht entscheet huet, den FHL-Kollektivvertrag ëmzesetzen.

Begréisst gëtt dann och, datt de Mouvement vu „Baussen“ vill Zousproch erhält. Wat d‘Situatioun an den Haiser ënnert der Gestioun vun „Zitha Senior“ betrëfft, esou ass bei der Ofstëmmung vun de Salariéeën en eestëmmegt Resultat erauskomm: 100% sinn fir de Streik. Wichteg ass drop hinzeweisen, datt den OGBL an d‘Personaldelegatioun bereet sinn den Dialog opzehuelen.

D‘Nora Back ass dann och zouversiichtlech, d‘Direktioune vun „Zitha Senior“ an „Sodexo Residences Asbl“ ëmgestëmmt ze kréien. Woubäi, wann een sech och op der Plaz dovunner iwwerzeege kann datt d‘Personal, dat op sengem FHL-Kollektivvertrag besteet, ganz couragéiert ass, si mam Direkter Christian Erang engem zéie „Géigner“ géinteniwwer stinn.

Vun engem Firmegeflecht dat Froen opwërft

An der kuerzer Pressekonferenz, ass d‘Nora Back op d‘Struktur vun der „Sodexo Residences Asbl“ agaangen. A säitens der Gewerkschaft stéisst een hei op Grenzen, wat sech duerch d‘Aart a Weis vun der Zesummesetzung vun der Asbl argumentéiere léisst.

Beetebuerg

Et ass keng einfach Situatioun am Fleegeheim „An de Wisen“ zu Beetebuerg, mee d‘Salariéeë sinn ferm decidéiert fir hire Kollektivvertrag ze kämpfen. Der Sodexo, déi hei als Asbl optrëtt ginn dann och zolidd Virwërf gemaach. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wann e genee hikuckt, stéisst een op e Firmegeflecht, deen erkenne léisst, datt hannert der Asbl, engersäits „Sodexo Luxembourg SA“, an anersäits „Sodexo Services SA“ (fréier Belgarest SA) stinn. Béi béiden Aktiëgesellschafte wieren de Michel Croise (CEO) an de Marc Poncé (PDG) an der Verantwortung an och am Verwaltungsrot vun „Sodexo Residences Asbl“ vertrueden.

Dorausser ergëtt sech, datt déi dräi Strukturen enk matenaner verbonne sinn, wat natierlech vill Spillraum fir Spekulatioune léisst. Dofir huet d‘Nora Back missen eppes méi wäit aushuelen, wat eis an d‘Joer 1992 zréckféiert. An deem Joer huet de Lëtzebuerger Staat déi éischt Konventioun mat Sodexo ënnerschriwwen.

Um Terrain, deen dem Staat gehéiert, huet d‘Sodexo d‘Fleegeheim gebaut, a laut der Konventioun, sollt dofir 20 Joer laang e Loyer bezuelt ginn. Vun enger Asbl war sengerzäit net riets. An der Konventioun war allerdéngs schonn ofgemaach, datt d‘Haus keng Perte (mee och kee Profit) sollt generéieren. 1995 ass dann och d‘Asbl „Sodexo Residences“ gegrënnt ginn.

Eng ongesond finanziell Situatioun

Laut dem OGBL huet et bis 2010 wéineg Problemer mam Haus ginn, bis vu finanzielle Problemer riets gaangen ass. Laut dem Nora Back, hätt d‘Fleegeheim deemools kuerz virun der Faillitte gestanen. Trotz dëse „Suergen“ hätt sech den Zoustännege Ministère dann 2016 awer fir nei Konventioun bereet erkläert. Déi hätt eng Lafzäit vu 27 Joer.

Am Zäitraum vun 2010 bis 2016, huet dann och schonn am Secteur vun der Fleeg a bei de Spidäler zolidd Gedeessems ginn, wann dann zu enger Trennung vun de Secteure gefouert huet, a firwat et haut zwee ënnerschiddlech Kollektivverträg gëtt. Ee fir d‘FHL (Federation des Hopitaux de Luxembourg) an een fir den SAS (Secteur d‘Aide et de Soins) mat der COPAS.

Beetebuerg

All Dag gëtt sech op e neits virum Fleegeheim Demonstréiert. D‘Personal huet sech hei dann och gutt organiséiert, a gëtt vu Baussen ënnerstëtzt. Si leeën dann och grousse Wäert drop ze betounen, datt et bei hirer Aktioun net ëm nei Fuerderunge geet, mee drop bestane gëtt, datt d‘Direktioun de Kollektivvertrag respektéiert. © Martine de Lagardère/moien.lu

No villem Gestreits, war et de Gewerkschafte gelongen, mat de Sozialpartner zu engem Accord ze kommen, an deem fir déi ronn 350 Beschäftegt an de Fleegeheimer déi nach ënnert den FHL-Kollektivvertrag gefall sinn (Nëmme fir déi Salariéeën déi virun 2011 agestallt goufen), dëse fir sollt bis zur Pensioun rechtskräfteg bleiwen. An hei ass dann och firwat elo gestreikt muss ginn.

Den OGBL, deen dann och schonn 2017 mat engem Streik gedreet hat, well e säitens der Sodexo net méi bereet war d‘Personal nom FHL-Kollektivvertrag ze bezuelen, an vun de Leit gefuerdert huet sech dem SAS-Kollektivvertrag ze ënnerwerfen, hat no der Interventioun vum Minister, deen e finanziellen Ausgläich garantéiert huet, de Streik a leschter Minutt ofgeblosen.

Et ass sech net un de Vertrag gehale ginn

Passéiert ass dann awer séier wéineg, wat déi aktuell Situatioun erbäigefouert huet. A beim OGBL stellen sech dann och eng Rei Froen. D‘Direktioun géif uginn, net déi finanziell Moyenen ze hunn déi am FHL-Kollektivvertrag ausgemaachte Paien ze bezuelen. E Fait deen esou vun der Gewerkschaft net novollzéibar ass.

Si weist drop hin, datt et keng Bilane géif ginn – déi eng Asbl laut Gesetz och net muss virleeën – an si gefuerdert hunn, datt hinnen déi Zuele virgeluecht solle ginn, déi Opschloss iwwert déi tatsächlech Finanzsituatioun gëtt. An Zuelen huet den OGBL erhalen, an déi ze interpretéiere schéngt net ganz esou einfach ze sinn.

Laut dem OGBL léisst sech aus deenen Zuelen déi erhalen hunn erausliesen, datt dat Personal, dat net mat der Fleeg ze dinn huet, vun „Sodexo Services SA“ gestallt gëtt. Dat bedeit, datt eng Partie vun den Aarbechten „ausgelagert“ gi sinn. Iwwerschëss déi d‘Haus „produzéiert“ huet géifen op emol net méi optauchen, an d‘Asbl hätt esouguer bei „Mammenhaiser“ Geld geléint.

Och vun héije Provisiounen ass riets gaangen. Als Fazit muss een hei festhalen, datt et dem OGBL net gelongen ass festzestellen, wéi een hei bei der „Sodexo Residences Asbl“ mam Geld ëmgaangen ass. Et stellt sech bei der Gewerkschaft dann och d‘Fro, op de „Comité de Surveillance“ deen am Kader vun der Konventioun Asiicht misst hunn, senge Verflichtungen nokomm ass.

Déi aner Säit vun der Medail

Bei esouvill Beschëllegunge muss och déi aner Säit gehéiert ginn. An den Direkter vun „An de Wisen“ ass dann och emol fir unzefänken op déi däreg Diskussioun am Bezuch op déi zwee dach ganz ënnerschiddlech Kollektivverträg agaangen. De Christian Erang stellt kloer, datt säin Haus an der COPAS ass, an esou och net als Signataire vum FHL-Kollektivvertrag kann ugesi ginn.

Si géifen sech strikt un den SAS-Kollektivvertrag halen, deen am Oktober 2017 vun de concernéierten Acteuren ënnerschriwwe ginn ass. Eng Verflichtung am Zesummenhang mam FHL-Kollektivvertrag géif et de facto net ginn. Si sinn zanter 2011 net méi Member vun der FHL.

Beetebuerg

De Christian Erang (Directeur des Activités Seniors) fënnt et skandaléis, wéi hei den OGBL mat engem Konzern ëmgeet, dee sech senger sozialer Verantwortung bewosst ass. An hien erkläert, datt d‘Fleegeheim am Verband vun der COPAS ass, an esou den FHL-Kollektivvertrag, dee mat der Federatioun vun de Lëtzebuerger Spidäler verhandelt ginn ass, net op si kann ugewannt ginn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Wat et mat der „Asbl“ op sech huet, erkläert den Direkter esou: et huet en politeschen Hannergrond an deen ass op den deemolege Minister Johny Lahure (fréiere Gewerkschaftler an LSAP-Minister) zréckzeféieren. Hien hätt sengerzäit op d‘Grënnung vun der Asbl bestanen.

Zur finanzieller Gestioun, huet de Christian Erang och eng plausibel – wann och schwéier ze iwwerpréiwen – Erklärung: säin Haus huet unhand de béide Kollektivverträg méi Ausgaben, wéi se opgrond vun der Methodologie vun der Verdeelung vun den Zouwennungen, vum Staat Geld erhalen. Et wier hei zu engem Ongläichgewiicht bei der Repartitioun komm.

Wat ass richteg, a wat ass falsch?

Dat heescht am Kloertext, datt „An de Wisen“ d‘Personalkäschten iwwert der Moyenne leien, an duerch der Verdeelerschlëssel manner Sue beim Träger ukomme wéi fir dës Ausgabe gebraucht ginn. Dat géif de strukturellen Defizit deen d‘Haus generéiert erklären. Hei vun engem konjunkturellen Defizit ze schwätzen, géif deemno net der Wourecht entspriechen.

An dëse Problem misst och dem Minister bekannt sinn. Et ass dann och ee ganz komplexe Sujet, firwat een et säitens der Direktioun vum Beetebuerger Fleegeheim géif begréissen, wann de Minister dat kéint kloerstellen. De Christian Erang werft dann och der Gewerkschaft vir, hei d‘leit duerchenaner ze bréngen. Zu kengen Uschëllegunge wiere bis elo Beweiser virgeluecht ginn.

„Et ass skandaléis wéi hei mat der Sodexo ëmgespronge gëtt“, iergert sech den Direkter, deen drop hiweist, datt de Grupp weltwäit bal eng hallef Millioun Leit beschäftegt. Zu Lëtzebuerg sinn et der ronn 2.000, a fir vill vun hinnen, géif Sodexo en Halt bidden.

De Grupp Sodexo wier e Konzern deen sech senger sozialer Verantwortung bewosst ass, wat sech duerch vill Auszeechnunge beleeë léist. Zudeem géif mat der ADEM zesummegeschafft, a vill Leit déi wéinst hirer gerénger Qualifikatioun riskéieren ofgehaangen ze ginn, hätten duerch Formatioune bei der Sodexo den Accès zum éischten Aarbechtsmaart erhalen.

Wat een huet, geet een net bei en anere sichen

Zum Personal betrëfft, vun deem d‘Gewerkschaft behaapt et géif een dat ëm eegene Konzern „ze deier akafen“, weist de Christian Erang drop hin: datt net logesch wier déi sekundär Aarbechten un e Konkurrent ze verginn; an et anersäits säin Engagement ass, datt déi Leit méi wéi eben nëmmen de Mindestloun erhalen, wat erkläert, firwat déi Käschten iwwert dem Maartpräis leien.

Hie stellt dann och kloer, datt hien net de Géigner vun de Gewerkschaften ass. Si wieren e wichtegt Glidd vun der Gesellschaft, mee an dësem spezielle Fall géifen se him Onrecht undoen. Si géife mat „alternative Fakten“ eng Situatioun erbäiféieren, déi de Patienten, dem Haus an de Salariéeën net géif gerecht ginn. Hie ass dann och géint eng Zwouklassegesellschaft a sengem Haus.

Beetebuerg

Auspäifen, statt no der Päif vum Patron danzen. Dobäi hätt d‘Fleegepersonal gären op de Streik verzicht. Hinne sinn d‘Patienten aus dem Fleegeheim net egal, ganz am Géigendeel. Datt si elo do stinn a fir hiert verbréifte Recht musse kämpfen, war nom Ofschloss vum Kollektivvertrag net virgesinn. © Martine de Lagardère/moien.lu

Datt den Direkter vu Bartreng „ageknéckt“ wier, wéi mir et an eisem Artikel vum Freideg betitelt hunn, wier der Tatsaach geschëlt, datt den Dr Normi Barnig kee Choix hat. An eigentlech wollt de Christian Erang déi Entscheedung och net kommentéieren, weist awer drop hin, datt d‘Wuel vun de Patienten iwwert allem steet, firwat hie vill Versteesdemech fir de Bartrenger Direkter huet.

Zu Beetebuerg ass d‘Lag eng aner, an bis elo kann de Service an der Fleeg duerch d‘Salariéeën déi ënnert den SAS-Kollektivvertrag falen oprecht erhale ginn. D‘Amicale vum Haus hëlleft och mat wou eng Hand gebraucht gëtt, datt virun allem am Beräich vun der Betreiung. Wéi laang een dem Konflikt awer kann d‘Stir bidden, dat muss sech erginn.

Solidaritéit aus dem lénke politesche Lager

Ouni e Communiqué oder soss eng Matdeelung vun der KPL erhalen ze hunn, ass gewosst datt si mam Personal solidaresch sinn. Dat ergëtt sech schonn duerch hir Präsenz beim Streikposten, an och an der Zeitung vum Lëtzebuerger Vollek kann ee sech dovunner iwwerzeegen.

Vun déi Lénk dann eng Solidaritéitserklärung. Si erënneren drun, datt viru gutt zwee Joer, ronn 10.000 Beschäftegt aus dem Gesondheets- a Sozialsecteur op d‘Strooss gaange waren, fir eng Revalorisatioun vun hire Carrièren ze erkämpfen. An si hunn um Enn erhale wat si gefuerdert hunn.

Déi Lénk kann et dann elo och net novollzéien, wéi et ka sinn, datt déi 350 Salariéeën, déi haut näischt anescht Fuerdere wéi datt hire Kollektivvertrag agehale gëtt, zum Streik gezwonge ginn. Si denoncéieren dann och vehement déi schänterlech Haltung vun de Patronen aus de betraffenen Haiser.

Déi Lénk ënnerstëtzt den OGBL a sengem Kampf fir d‘Interesse vun de Salariéeën aus dësem fir d‘Gesellschaft esou wichtege Secteur, deen sech d‘Fleeg vun eisen eelere Generatiounen zur Aufgab gemaach huet. A wann et richteg ass, datt et virun allem e politesche Statement ass, esou geet et hei ëm d‘Sécherstellen, datt ee sech och an Zukunft nach op Verträg muss verloosse kënnen.

Foto: Op dem Plakat ass ze liesen: „De Staat gëtt, a Sodexo stécht et an“. An hei kann een dann och eppes Verwonnert sinn, wéi et derzou kënnt, datt et Multinationale Konzern, deen an iwwer 80 Länner ronn eng hallef Millioun Mënsche beschäftegt, als Asbl zu Beetebuerg e Fleegeheim bedreift. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics FHL-Kollektivvertrag, Fleegeheimer, OGBL, Sodexo, Streik
Next post Previous post