Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz
International Neiegkeeten

Nach ëmmer keen neit Denkmalschutzgesetz

Entgéint der Ukënnegung vum Regierungsprogramm ass, an dëser Legislaturperiod, keen

Paräis: Sex-Video erzwéngt Réckzuch vu Buergermeeschter-Kandidat
International Neiegkeeten

Paräis: Sex-Video erzwéngt Réckzuch vu Buergermeeschter-Kandidat

De Benjamin Griveaux, Wonschkandidat vum Emmanuel Macron fir d‘Amt vum

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien
International Neiegkeeten

Zesummestouss tëscht zwee Cyclisten – D’Police sicht no Zeien

Um Päischtsonndeg, den 31. Mee 2020 koum et an direkter

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss

Streik géint Rentereform: franséisch Regierung kritt kal Féiss

Am Kontext vum Emmanuel Macron senger ëmstriddener Rentereform, huet et gëschter vun der Regierung Zougeständnesser fir d‘Fuerderunge vun de Gewerkschafte ginn. D‘Regel déi festleet, datt een eréischt mat 64 Joer kann an, géif virleefeg gestrach. E Samschdeg hu bei eisen Noperen: laut den Autoritéiten 150.000, laut de Gewerkschafte 500.000 Leit géint d‘Rentereform protestéiert.

Zu Dausende sinn d‘Fransousen nees duerch d‘Haaptstad gezunn an natierlech ass nees villes zu Broch gaangen. D‘Reie vun de gewerkschaftlechen Organisatioune ware vun de „Giele Gileten“ gestäerkt ginn. Déi Paräisser Oper huet wéinst de begleedenden Onrouen eng Virstellung ofgesot. Och an anere gréissere Stied gouf demonstréiert. Verschiddentlech koum et zu Konfrontatiounen.

Rentereform

D‘CGT werft der CFDT vir, sech zum Handlaanger vun der Regierung ze maachen.

An engem Bréif un d‘Gewerkschaften, huet de Regierungschef Edouard Philippe matgedeelt, datt D‘Regierung bereet ass dee sougenannte „Scharnéier-Alter“ (Âge pivot) vu 64 Joer virleefeg aus dem Text zur Rentereform ze sträichen. Den Alter ass den zentrale Sträitpunkt bei dëser Reform an d‘CFDT huet dëse Schratt begréisst. Si gesäit doranner vun der Regierung de Wëllen zum Dialog.

D‘Regierung wëll mat dësem Geste de Sozialpartner d‘Geleeënheet ginn, en anere Wee ze fannen, mat deem d‘Finanzéierung vun de Rente kann ofgeséchert ginn. Am Abrëll soll et eng Konferenz zum Thema ginn. Anersäits hält de Premierminister dru fest, schonn de 24. Januar, d‘Reformpläng am Kabinett ofseenen ze loossen a Mëtt Februar dem Parlament zu Ofstëmmung virzeleeën.

Rentereform

Net gewëllt sech vun der Regierung fir domm verkafen ze loossen: de Philippe Martinez vun der CGT bleift senger Linn Trei a verlaangt, datt den Text integral zréckgezu gëtt an da Verhandlungen opgeholl ginn. D‘CGT rifft dann och d‘Leit op sech en Donneschdeg nach emol ze mobiliséieren. © CGT

Bei der CGT schéngt een dogéint net bereet ze sinn, sech „op Glatäis féieren ze loossen“. Déi kleng awer aflossräich Gewerkschaft ass awer net déi eenzeg, déi de vollstännege Réckzuch vun de Reformpläng fuerdert an och net vun dëser Fuerderung ofkënnt. D‘Vereenheetlechung vun den iwwer 40 Pensiounskeesen, esou wéi de President et versprach huet, ass nach net fir muer.

Ee vun de grousse Virwërf dee sech an de leschte Woche breet gemaach huet, bezitt sech op déi méiglech Absicht, iwwert dës Reform de Rentesystem duerch d‘Hannerdier ze „privatiséieren“. Demonstranten ënnerstellen dem Emmanuel Macron, dem Assurance-/Bankesecteur an d‘Hänn ze spillen. Iwwert dëse Wee sollen déi hir „Zousazpensiounen“ gewënnbréngend ënnert d‘Leit kréien.

mat indymedia/par

Foto: Et gëtt net nëmmen am ëffentlechen Transport gestreikt, och d‘Bicherwierm vun der Nationalbibliothéik, de Präisser Stadbibliothéiken an den Universitéiten hu sech dem soziale Mouvement ugeschloss. Laut de Sondagen, géife jee no Liesaart, bis zu 70% vun de Fransousen d‘Reform net wëllen. © L‘Anticapitaliste (NPA)

Ähnlech Sujeten CFDT, CGT, Edouard Philippe, Emmanuel Macron, Frankräich, Philippe Martinez, Rentereform, Streik
Nächsten Artikel Virrechten Artikel