Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn
Neiegkeeten

Gemengewahlen: ADR huet eng kloer Linn

Mam Slogan „D‘Alternativ fir Är Gemeng“ huet déi Alternativ Demokratesch

US-President weist der Welt wéi een et mécht
Neiegkeeten

US-President weist der Welt wéi een et mécht

Egal wou ee sech an den USA ëmhéiert, d‘Aktualitéit déi

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov
Neiegkeeten

Regierung éiert d‘Zwangsrekrutéiert zu Tambov

No hirem Openthalt zu Moskau, wou de Xavier Bettel an

EU erhieft eng Stroftax op chinesesche Stol

China reklaméiert

EU erhieft eng Stroftax op chinesesche Stol

China huet sech gëschter energesch géint d’Aféierung vun enger neier „Anti-Dumping“ Mesure vun der EU opgereegt. Mesurë wennen sech géint verschidde Produkter aus der Siderurgie a Peking gesäit se als onberechtegt an oniwwerluecht. „China bezweiwelt d’Legitimitéit an d’Legalitéit vun der Entscheedung déi d”Kommissioun Getraff huet“, iergert sech de chineseschen Handelsminister Wan Hejun

Dat war dann d’Reaktioun op d’Ukënnegung der vun EU-Kommissioun, déi ee Freideg annoncéiert huet Kompensatiounsmesure fir Produkter aus China unzewennen, vun deenen ee muss ausgoen, datt se vu Subventiounen aus der ëffentlecher Hand gestäipt ginn. Domadder gëtt den Handel gestéiert, deen op enger fairer Kompetitivitéit berout.

Gesënnert Steiere kéinten esou op de chinesesche Flachstol, waarm gewalzt, ugewannt ginn. Eng Stolzort déi notamment am industrielle Schëffbau gebraucht gëtt, kann esou mat enger bis zu 35,9% héijer Taxe beluecht ginn.

Vill Stol fir niddreg Präisser

Aus enger Enquête déi d’europäesch Exekutive am Mee 2016 lancéiert hat, huet sech erginn, datt déi chinesesch Industrie ënnert anerem vu ganz bëllege Kreditter a Remboursementer op Steiere profitéiert. Dat erlaabt de chinesesche Produzenten de Stol zu ganz niddrege Präisser ze exportéieren.

Peking allerdéngs fillt sech vun der EU op den Aarm geholl am gehäit dëser vir de System, wéi a China Kreditter vergi ginn net ze verstoen. Dat géif dann och fir déi wirtschaftlech Entwécklung gëllen. Aus dem Handelsministère klengt dat esou: „Déi europäesch Kommissioun ignoréiert de Fait, datt den Export vum Stol vu China a Richtung Europa säit 2016 ganz kloer ofgeholl huet. (…) Si notzt d’Iwwerkapassitéit vu China als Entschëllegung fir ze behaapten, déi chinesesch Stolproduite géifen déi europäesch Industrie bedréien. Hei handelt et sech ëm eng einfach Spekulatioun déi wéineg mat der Realitéit ze dinn huet.

Eng Ongerechtegkeet

De Wang Hejun weist dann och nach dorops hin, datt China net nëmmen Ofstand vun de Subventioune geholl huet, mee och Mesuren agefouert huet fir dat ze kontrolléieren. „Et ass parteiesch an ongerecht säitens Europa China fir déi eege Problemer verantwortlech ze maachen“, seet hien a mengt weider „Onberechtegt Beschëllegungen an oniwwerluechte Mesuren droen net derzou bäi de Problem ze léisen.

Et ass allerdéngs och richteg, datt d’Produktioun vu Stol weltwäit wéinst ze héije Kapassitéite fir Kappzerbrieches suergt. D’EU iwwerwaacht de Secteur dann och besonnesch an huet schonn eng 40 Mesurë geholl fir de Maart ze verdeedegen. Déi lescht elo ugangs Abrëll. D’EU huet dann dowéinst och eng ganz Réi wirtschaftlech Problemer mat sengem zweetgréissten Handelspartner.

mat AFP

Ähnlech Sujeten China, EU, Stolindustrie
Nächsten Artikel Virrechten Artikel