Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Sozialwahlen 2019: D‘Rechter vum Salariat an de Betriber vu muer stäerken!
brooks saddle dating Neiegkeeten

best full hookup campgrounds in kentucky

Am Kontext vun de Sozialwahlen, déi haut stattfannen, huet den

https://moien.lu/aplicatii-dating-android/
brooks saddle dating Neiegkeeten

A wat dréift deen neie britesche Premierminister?

De britesche Premierminister Boris Johnson huet sech dës Woch e

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!
brooks saddle dating Neiegkeeten

OPYOS GIN – Mir gin(n) dann mol een huelen!

Den Opyos ass zwar nach jonk, vum Goût hir awer

Ugespaante Situatioun an der Strooss vun Hormuz

No den USA verstäerken och d‘Briten hir Presenz an der Golfregioun

Ugespaante Situatioun an der Strooss vun Hormuz

Nodeems et zu „Tëschefäll“ an der fir d‘Weltschëfffaart wichteg Strooss vun Hormuz komm ass, fir déi Washington (an elo och London) d‘Revolutiounsgardiste vum Iran verantwortlech mécht, wëllen d‘Briten hir Handelsschëffer besser schützen a schécke Krichsschëffer zur Verstäerkung.

London huet nom leschte Virfall am persesche Golf, wou angeblech iranesch Kräfte solle versicht hunn de briteschen Tanker „British Heritage“ an iranesch Gewässer ze ëmzeleeden, Moossnamen ugekënnegt. Aus dem Verdeedegungsministère heescht et, datt déi agesate Fregatt „HMS Montrose“ duerch den Zerstéierer „HMS Duncan“ ersat soll ginn. D‘Ofléisung soll awer net direkt stattfannen.

Dës zwee Schëffer vun der britescher Marin hunn den Optrag virun iranesche Gewässer op Patrull ze goen. D‘Missioun: zesumme mat internationale Partner sécherstellen, datt d‘Handelsschëffer ongehënnert am persesche Golf an duerch d‘Passage „Strooss vun Hormuz“ segele kënnen. London huet fir britesch Handelsschëffer déi héchste Warnstuf ausgeruff. D‘Lag ass entspriechend Eescht.

Schwiereg den Duerchbléck ze behalen

D‘Reedereien a Schëffsbedreiwer sollen entspriechend instruéiert gi sinn. Jee no Informatiounsquell sollen an der Regioun tëscht 15 an 30 britesch Handelsschëffer – an éischter Linn Tanker – am Asaz sinn. Zu London huet de briteschen Ausseminister Jeremy Hunt all déi concernéiert Acteuren am persesche Golf opgeruff e kille Kapp ze behalen, a warnt virun enger onbeabsichtegter Eskalatioun.

Et hätt een Teheran signaléiert datt ee net d‘Absicht huet d‘Situatioun ze verschlechteren. Déi ageleete Moossname wieren noutwenneg, mee der Lag entspriechend bemooss a virsiichteg. De Jeremy Hunt, deen och den Usproch erhuewen huet d‘Nofolleg vum Theresa May unzetrieden, wëll dann och de Verdeedegungsetat erhéijen, sollt hien de neie Premier vu Groussbritannien ginn.

Tëschefall zu Gibraltar

Während déi britesch Marin sech weiderhin drop behaapt, en Donneschdeg dräi iranesch Schëffer dorunner gehënnert ze hunn, der „British Heritage“ de Wee an d‘Strooss vun Hormuz ze verbidden, bestreit Teheran, datt et iwwerhaapt zum Virfall komm wier. London hält dergéint, a féiert un, datt de Virfall eng Äntwert op d‘Beschlagnahm vun engem iraneschem Tanker zu Gibraltar wier.

Déi britesch Autoritéiten haten um 4. Juli de Supertanker „Grace1“ festgesat, de Kapitän an den 1. Offizéier verhaft. Grond: Si solle géint en EU-Embargo ob iranesche Pëtrol fir Syrien verstouss hunn. Géint eng Kautioun sinn déi zwee nees fräigelooss ginn, mee d‘Geriicht zu Gibraltar huet verfüügt, datt d‘Schëff bis zum 21. Juli net auslafen dierf. Teheran bezeechent den Akt als Piraterie.

Teheran knéckt net an…

Zu Teheran, huet den Abbas Mussawi, Spriecher vum iraneschen Ausseministère, gëschter déi britesch Regierung opgefuerdert „Grace1“ nees auslafen ze loossen. Et wier dat bescht fir béid Säiten. An hie warnt London: „Sollten sech d‘Brite vun den Amerikaner beaflosse loossen an op geféierlech Spillercher aloossen, rode mir hinnen dat besser sinn ze loossen“.

Wat den iraneschen Tanke betrëfft, esou huet den Abbas Mussawi drop higewisen, datt d‘Zil vum Tanker onméiglech Syrien ka sinn. De Supertanker wier vill ze grouss fir syresch Häfen unzelafen. Teheran huet allerdéngs net bekannt ginn, wouhinner den Tanker „Grace1“ sollt hisegelen. Dësen ass mat 2,1 Millioune Barrel liichtem Pëtrol belueden, Destinatioun den Ament nach onbekannt.

Muss d‘EU sech um Schutz vun den Handelsschëffer bedeelegen?

De Regierungschef vun der britescher Enklav, Fabian Picardo, huet net wëlles de Fuerderunge vun den Ajatollahen nozekommen. Hie mengt: „Wien de Supertanker a seng Fracht fir sech beusprocht kann dat viru geriicht maachen“. Dobäi ënnerschléit hien d‘Informatioun, datt d‘Beschlagnahm op Ufro vun den USA erfollegt ass, behaapt sech awer drop, datt keen ëm „Hëllef“ gebueden hätt.

Washington dreift während dëser Zäit seng Pläng virun, eng international Koalitioun zum Schutz vun den Handelsschëffer opzestellen. Dozou gehéiert déi militäresch Begleedung vun de Schëffer. Washington huet d‘EU nach net sollicitéiert sech hei ze bedeelegen, an zu Bréissel géif dozou och keng Virbereedungen. D‘Länner sollen dat mat der „Bedeelegung“ fir sech selwer entscheeden.

mat indymedia/lon/tlv

Foto: D‘HMS Duncan, en Zerstéierer vun der Klass‘45 soll an de persesche Golf, wou dësen d‘Missioun huet britesch Handelsschëffer virun der Bedreeung vun den iranesche Revolutiounsgardisten ze schützen. © NATO / GBRN LPhot Paul Hall 

Ähnlech Sujeten Handelsschëffer, persesche Golf, Revolutiounsgarden, Royal Navy, Strooss vun Hormuz, Uelegtanker
Nächsten Artikel Virrechten Artikel