Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss
International Neiegkeeten

Eng Galiounsfigur am Kampf géint de Klimawandel huet eis verlooss

Den Doud vum Tony de Brum, onermiddleche Militant géint de

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €
International Neiegkeeten

Fondatioun Cancer ënnerstëtzt Fuerschungsprojet mat 62.000 €

Am Kader vun der Fuerschungsfuerderung vun der Stëftung hunn den

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?
International Neiegkeeten

Kanns du eis soen, wéi een dës Wierder richteg schreift?

All Woch gesi mer nei Lëtzebuergesch Wierder, wou mer eis

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht

Stroossbuerg: Artikel 7 fir den Orban, an eng Reform vum Autorerecht

Zu Stroossbuerg hunn sech d‘Europadeputéiert dofir ausgeschwat, den Artikel 7 géint dem Viktor Orban säin Ungarn ze aktivéieren. Et ass dat déi heftegst Prozedur déi géint e Land, dat d‘Wäerter vun der Unioun mat Féiss trëppelt, déi ugewannt ka ginn.

Dëse Mechanissem, dee bis ewell nëmme géint Polen – dat op Initiativ vun der EU-Kommissioun – lancéiert ginn ass, soll eigentlech de leschte Recours géint e Land sinn, datt schwéier an unhalend géint d‘Wäerter vun der EU verstéisst, wouzou och d‘Rechtsstaatlechkeet gehéiert. Den Artikel 7, deen och als „institutionell Atomwaff“ bezeechent gëtt, kéint duerchaus dozou féieren, datt Ungarn säi Stëmmrecht ofgeholl kritt.

Zu Stroossbuerg, ass dann och nëmmen deen Deel vum Artikel 7 „aktivéiert“ ginn, deen déi sougenannten „Preventiv-Phas“ betrëfft. Ungarn ass hei also nach net Sanktiounen ausgesat. Eventuell mat e Grond firwat sech eng grouss Majoritéit (448 dofir, 197 dergéint, 48 Enthalungen) fir d‘Mesure ausgeschwat hunn. Elo muss d‘EU-Kommissioun feststellen „datt et ee reelle Risiko vun engem Verstouss géint déi europäesch Wäerter gëtt“.

Nach läit Ungarn net um Buedem

Dat zumindest ass d‘Meenung vum EU-Parlament zu Stroossbuerg, nodeems et am Ungarn vum Viktor Orban, zu zweiwelhafte Reforme komm ass. D‘Entscheedung vun den Europadeputéierten ass d‘Opfuerderung un d‘EU-Memberlänner, mat engem Vote am EU-Rot, dëser Feststellung zouzestëmmen. Am EU-Rot ass dofir eng 4/5 Majoritéit noutwenneg. Ofstëmmen dinn all d‘Länner, ausser Ungarn, dat vun der Mesure betraff ass.

Sollt Ungarn elo net op d‘Suerge vun der EU reagéieren, misst e weidere Mechanissem aktivéiert ginn. Dat wier dann och direkt scho mat Sanktioune verbonnen. Esou eng Demande muss vun engem Memberlänner-Grupp agereecht ginn. Dee Fall huet et allerdéngs nach ni ginn, nach net emol géint Polen, dat aktuell vun der preventiver Phas vum Artikel 7 betraff ass. Zudeem dierf drop higewise ginn, datt bis dohinner nach e puer Etappen anzehale sinn.

Eng Revanche vun de „pro-Immigratioun“ Politiker?

Esou missten d‘Staatscheffe vun der EU (ouni Ungarn) eestëmmeg zoustëmmen, datt „schwéier a persistent“ Verstéiss vun den europäesche Wäerter virleien an erwise sinn. Wier och dës Etapp iwwerwonnen, da géifen sech d‘Länner op Ministerniveau zesummesetze fir d‘Sanktiounen unzehuelen. Dorënner d‘Suspensioun vum Stëmmrecht fir Ungarn. Hei sinn dann och nach ëmmer 20 vu méigleche 27 Stëmmen noutwenneg.

Datt et esouwäit kënnt ass allerdéngs éischter onwahrscheinlech. Ungarn ass Member vum sougenannte „Visegrad-Grupp“ a ka sech hei op seng „Partner“ verloossen. Polen huet dann och schonn ugekënnegt, datt et sech géint Sanktioune verwiert. Am Géigenzuch, huet Ungarn sengem polnesche Partner verséchert, datt ee sech net zu Sanktioune géint Warschau wäert iwwerriede loossen, sollt hir Prozedur an déi nächst Phas goen.

Fir den ungareschen Ausseminister Peter Szijjarto, ass d‘Ofstëmmung vu Stroossbuerg, eenzeg an eleng eng „kleng Revanche vun de pro-Immigratioun Politiker“. „Dës Entscheedung, Ungarn ze veruerteelen, ass geholl ginn, während mir bewisen hunn datt d‘Migratioun kee noutwennege Prozess ass. An et ass en Hiwäis op d‘Absicht, no den Europawahlen eng Koalitioun tëscht de Liberalen, der lénker an der EVP (déi der Resolutioun zougestëmmt huet) ze erreechen.

Reform vum Autorerecht

Net nëmmen „Ungarn“ stoung um Stroossbuerger Menü. Gëschter hunn sech d‘Europadeputéiert och nach emol zur Reform vun den Autorerechter missen ausdrécken. Eng Reform déi zu engem handfeste Sträit tëscht den Artisten a Press-Editeuren engersäits, den digitale Risen an Aktiviste fir Netzfräiheet anersäits, gefouert huet.

Zu Stroossbuerg hunn sech elo déi Europadeputéiert fir eng nei Versioun vum Text – deen de leschte 5. Juli ofgeleent gi war – ugeholl. Esou gëtt et elo den „Droit Voisin“ am Gesetzprojet berécksiichtegt. D‘Reform vun den Autorerechter ass zu Stroossbuerg mat 438 Stëmmen derfir, 226 dergéint an 39 Enthalungen ugeholl ginn. Elo ass de Wee fräi fir Verhandlunge mam EU-Rot an der EU-Kommissioun, fir en definitiven Text auszeschaffen.

De Prinzip vun der Reform: Plattforme wéi YouTube (Google) ze „ermonteren“ d‘Kreateure vun Inhalt besser ze entschiedegen (Artikel 13), mee och den „Droit Voisin“ vum Autorerecht fir d‘Press-Editeuren ze schafen (Artikel 11) déi et Zeitungen oder Agencen erlaabt, fir d‘Benotze vun hiren Inhalter, duerch Internetplattformen, bezuelt ze ginn.

mam Cédric Simon/AFP

Foto: Eng Siicht op de Plenarsall vu Stroossbuerg, dëse Mëttwoch. Ungarn huet déi „giel Kaart“ gewise kritt, an och fir eng Reform vum Autorerecht ass sech ausgeschwat ginn. © Frederick Florin/AFP

Ähnlech Sujeten Artikel 7 EU-Traité, Autorerechter, EU-Parlament, Stroossbuerg, Ungarn
Nächsten Artikel Virrechten Artikel