Search

You may also like

E Bild vum Winston Churchill ze verkafe bei Christie’s
Kultur

E Bild vum Winston Churchill ze verkafe bei Christie’s

Hie war ee Staatsmann, dee Geschicht geschriwwen huet, dee grousse

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron
Kultur

Giel Gileten: elo läit de Ball am Lager vum Macron

Nom 2. Akt vun de „giele Gileten“, wou et zu

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng
Kultur

CGDIS mellt Feier zu Elleng, beim Antoniushaff an zu Diddeleng

Wéi de CGDIS matdeelt koum et gëschter am spéiden Owend

Galerie: Stroossekënschtler an der Haaptstad, eng Momentopnam

Mat net manner wéi 29 international Kënschtlerensembele fir 95 Optrëtter uechter d‘Stad, haten d‘Leit leschte Freideg a Samschdeg eppes ze gesinn. Organiséiert vum „Luxembourg City Touruist Office“ (LCTO) war dann och bei der „Streeta(rt)nimation“ näischt dem Zoufall iwwerlooss ginn.

Datt et dëst Joer mam Wieder net esou glécklech gefall ass, huet, an dovunner konnte mer eis iwwerzeegen, kee dovunner ofgehalen sech dem freedegen Dreiwen unzeschléissen. Kuerz: d‘Stad war schwaarz vu Leit, a wou grad Animatioun war, do war et dann och enk.

D‘Offer, déi kee Genre ausgelooss huet, huet esou d‘Uewerstad an eng grouss Theaterbühn verwandelt. Faarwefrou hunn sech d‘Artisten ugebueden. De Spectateur ass ëmmer matgeholl ginn, mat Humor versteet sech. E Pleséier fir jonk an al, deem een op Schratt an Tratt konnt nogoen.

Mir hunn wuel dëst Joer nëmmen eng kleng Momentopnam vun engem vun de schéinste Stroossefester am Land konnte maachen. Schold war net zu gudder läscht de Reen. Deen huet eiser Kamera d‘Liewe richteg schwéier gemaach. Mee egal, d‘Editioun 2017 vum LCTO Streea(rt)nimation war op e neits richteg gutt.

Mir freeën eis op d‘Editioun 2018, dann hoffentlech mat eppes méi Sonn. D‘Leit dierften op jiddefalls och dann nees a grousser Zuel op mannst ee vun den zwee Deeg duerch d‘Gaassen an d‘Stroossen vun der Uewerstad pilgeren, fir esou mann ewéi méiglech ze verpassen.

Fotoen: © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics LCTO, Lëtzebuerg
Next post Previous post