Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz
Neiegkeeten Sport

ACEL: Lëtzebuerger Verband vun de Studentencercele stellt sech géint d‘Stage-Gesetz

Mat der „Originalversioun“ vum Gesetzprojet 7265 (Stage fir Schüler a

surprise
OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“
Neiegkeeten Sport

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen,

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada
Neiegkeeten Sport

Gigantesch Bëschbränn am Weste vun den USA a Kanada

Terribel Bëschbränn hunn d’Autoritéite gezwongen ronn 8.000 Leit a Kalifornien

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Ass et en Ufo? Nee dat ass eng vun de flottste Schwämmen am Land

Stroossen: Aquapark „Les Thermes“ zelebréiert 10. Jubiläum

Woubäi dat Wuert „Schwämm“ sech fir dësen imposante Bau an de Stroossener Wisen, elo esou net wierklech eegent. Bei „Les Thermes“ kann a muss ee vun engem „Wellness-Zenter“ schwätzen, an den Erfolleg gëtt de Pappen a Mamme vum Projet Recht.

Iwwert dat lescht Joerzéngt huet „Les Thermes“ ronn 3,5 Millioune Gäscht a senge Raimlechkeeten empfaangen, firwat et net verkéiert ass ze behaapten, datt et sech heibäi ëm eng Fräizäit-Institutioun handelt. Dobäi ass d‘Konkurrenz grouss: uechtert Land gëtt et eng 80 dëser „Schwämmen“ an déi meescht ënnert hinnen, hunn ëmmer de gewëssen „Extra“ dee se eenzegaarteg mécht.

Wat mécht dann elo „Les Thermes“ zu Stroossen esou eenzegaarteg an attraktiv? Do ass zum engen d‘Proximitéit zur Haaptstad a seng gutt Ubannung un den ëffentlechen Transport, respektiv de breet ugeluechte Parking, an d‘Accessibilitéit iwwert d‘Autobunn. „Les Thermes“ bitt de Waasserraten dausend Quadratmeter „Spillfläch“ an en esou iwwerzeegende wéi flotte Sauna-Beräich.

Stroossen

„Les Thermes“ ass e sougenannten „Etablissement Public“. Dat bréngt mat sech datt d‘Präisser am „soziale Beräich“ leien, an d‘Institutioun net am klassesche Sënn muss „rentabel“ sinn. Mee 2018 hunn se zu Stroossen dann awer nach 5,6 Milliounen ageholl, déi 79% vun de Käschten decken. Dat ass guer net emol esou schlecht. Den Defizit gëtt vun de Gemenge Stroossen a Bartreng gedeckt.

Esou e Wellness-Zenter muss awer, fir sech seng Attraktivitéit ze erhalen, ëmmer nees a Fro stellen, nei Weeër goen, senge Gäscht Neiegkeete presentéieren. Fir 2019 ass et d‘Installatioun vun enger 100 Meter laanger duebeler Rutschbahn. De geneeën Datum vun der Aweiung konnt eis nach kee verroden, mee d‘Krapperten déi Woch fir Woch heihinner kommen, kënnen et kaum erwaarden.

10 Joer feiere soll eng Freed sinn, an domatter kennen se sech a „Les Thermes“ beschtens aus. Et ginn 10 Evenementer organiséiert, an nach bis den 10. Februar, kann een all Dag 20 gratis Entréeë gewannen. Mir wëssen esouguer datt et nach déi eng oder aner Iwwerraschung wäert ginn, mee dat spillt sech op der Plaz of, an dofir herrscht hei „Spoiler Alarm“. Gitt dach einfach selwer kucken…

Foto: © Les Thermes 2018

Ähnlech Sujeten Aquapark, Jubiläum, Les Thermes, Sauna, Stroossen, Wellness-Zenter
Nächsten Artikel Virrechten Artikel