Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas
Auto Neiegkeeten

MSF besuergt iwwert d’Zukunft vun de Rohingyas

Laut Studie vu Médecins sans Frontières (MSF) sollen am Myanmar

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss
Auto Neiegkeeten

USA: Op e neits gouf an der Schoul geschoss

Zu Denver (Colorado) ass den 18 järege Schüler Devon Erickson

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer
Auto Neiegkeeten

Stadbriedemes: Konscht an al Miwwele kommen ënnert den Hummer

Wien op dësem Sonndeg Nomëtteg nach net sollt wësse wat

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!

D’Stroossenaccidenter vum Joer 2018!

Gëschter Mëtteg huet den Transportminister François Bausch, zesumme mat de Responsabele vun der Lëtzebuerger Police an dem STATEC, de Bilan vun de Stroossenaccidenter vum Joer 2018 presentéiert.

Dobäi si virun allem d’Zuele vun de schwéier Blesséierten an den Doudegen ervir gehuewe ginn, woubäi et eng kloer Hausse zum Joer 2017 gëtt, mee dozou gläich. Zwar sinn Accidenter tëscht zwee Gefierer relativ heefeg, an awer sinn et d’Virfäll mat Beem oder anere festen Hindernisser, déi bei Accidenter predominéieren. Heibäi hänkt et oft vun der Joreszäit a vum Wierder of (3 x méi Accidenter bei guddem Wierder), an awer sollt een och eng ze héich Vitesse oder Alkohol um Steier net ënnerschätzen.

Accident

(v.l.n.r.) Pascal Peters, Police Lëtzebuerg; Paul Meyers, Administration des enquêtes techniques; François Bausch, Mobilitéitsminister; Josiane Pauly, Mobilitéitsministesch; Alain Disiviscour, Mobilitéitsminister; Yanik Scolastici, Mobilitéitsminister © MMTP

Bei de Statistike fält op, datt heefeg déi Jonk eng ze schnell Vitess um Tacho hunn, wärend Persounen tëscht 24 a 54 Joer duerch den Afloss vun Alkohol een Accident bauen. Beim Stroossentyp muss een awer ervirhiewen, datt sech Autobunnen als am Séchersten erweisen. D’Landstroosse leien dogéint an der Majoritéit ganz fir, wann et ëm schwéier oder déidlech Accidenter geet.

E puer Zuelen

D’Kategorie vu Gefierer an hir Affer

Am Ganze sinn hei 273 schwéier Blesséierter an 36 Doudeger ze zielen.

  • Vëlo oder E-Bike: 14 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger
  • Cyclomoto (ënnert 50 ccm): 5 schwéier Blesséierter
  • Moto (ënnert 125 ccm): 9 schwéier Blesséierter
  • Moto (iwwer 125 ccm): 71 schwéier Blesséierter, 9 Doudeger
  • Auto: 124 schwéier Blesséierter, 19 Doudeger
  • Linniebus/Minibus: 0 Blesséierter, 0 Doudeger
  • Camionnette: 6 schwéier Blesséierter, 1 Doudegen
  • Camion: 5 schwéier Blesséierter
  • Semi-Remorque: 2 schwéier Blesséierter
  • Trakter: 0 Blesséierter, 0 Doudeger
  • Quad: 2 schwéier Blesséierter, 1 Doudegen
  • Foussgänger: 34 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger

Accident

Aart vun der Kollisioun

Am Ganze sinn hei 234 schwéier Blesséierter an 31 Doudeger ze zielen.

  • Gefier a Beweegung: 111 schwéier Blesséierter, 11 Doudeger
  • Tëscht Gefier a Foussgänger: 32 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger
  • Tëscht Gefier an Déier: 2 schwéier Blesséierter
  • Gefier widder Bam: 30 schwéier Blesséierter, 10 Doudeger
  • Gefier widder fixt Hindernis: 33 schwéier Blesséierter, 4 Doudeger
  • Gefier widder stationéiert Gefier: 3 schwéier Blesséierter
  • Aner Aarte vun Accidenter: 23 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger

Grënn fir d’Accidenter

Am Ganze sinn hei 234 schwéier Blesséierter an 31 Doudeger ze zielen.

  • Ze héich Vitesse: 67 schwéier Blesséierter, 16 Doudeger
  • Alkohol: 31 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger
  • Net respektéiere vun de Virfaarten: 37 schwéier Blesséierter, 1 Doudegen
  • Iwwerschneidung vun der Sécherheetslinn: 30 schwéier Blesséierter, 8 Doudeger
  • Ze not Opfueren: 9 schwéier Blesséierter
  • Iwwerhuelen: 27 schwéier Blesséierter, 1 Doudegen
  • Geeschterfuerer: 1 schwéier Blesséierten, 1 Doudegen
  • Net Berécksiichtege vun der rouder Luucht: 2 schwéier Blesséierter
  • Schlecht oder keng Beschëlderung: 1 schwéier Blesséierten
  • Feeler am Manöver: 23 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger
  • Feeler vis-à-vis vu Foussgänger: 34 schwéier Blesséierter, 3 Doudeger
  • Drogen: 6 schwéier Blesséierter, 1 Doudegen
  • Aner Grënn: 6 schwéier Blesséierter

Interessant sinn bei den Accidenter, déi duerch Droge verursaacht gi sinn, och wéi een Typ vu Substanz et ass. A 5 Fäll war THC am Spill, an 1 Fall ass Kokain festgestallt ginn an nach 1 Mol konnt ee Benzoylecgonin fannen.

 

Ähnlech Sujeten Accident, Alkohol, Bilan, François Bausch, Police, Statec, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel