Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un
Neiegkeeten

En neit Kapitel am Liewe vun 2.615 jonke Persoune fänkt un

Si hu geziddert, geléiert a geschweesst. A vir déi meescht

coollove
Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: JCDecaux behält de „Vël‘oh“ am Grëff

Am Abrëll hat d‘Stad Lëtzebuerg de Service vum Locatiounsvëlo nei

Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang
Neiegkeeten

Presentatioun vum Kulturentwécklungsplang

Vergaangenen Donneschdeg huet de Staatssekretär fir Kultur, Guy Arendt, an

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss

Déi Stroossener Koalitioun mat onelegantem Gesetzesverstouss

Och zu Stroossen sinn d‘Gemengewahle „passé“ an laut dem Gemengegesetz Artikel 12 muss sech de Gemengerot ëmmer da gesinn, wann et d‘Affäre verlaangen an op mannst emol all dräi Méint. Dee leschte Gemengerot soll dann awer, esou d‘Bemierkung vun der DP, den 1. August stattfonnt hunn.

Vun der Oppositioun elo dann déi berechtegt Reklamatioun mam Hiweis op e Verstouss géint d‘Gesetz. Eng Reklamatioun déi besonnesch da Sënn mécht, wa gewosst, datt bis ewell keen Datum fir eng Gemengerotssëtzung festgeluecht ginn ass. Iwwerhaapt, schéngt een et zu Stroossen, esou d‘Siicht vu der DP-Sektioun Stroossen, mat de Sëtzunge vum Gemengerot net esou batter Eescht ze huelen.

An hirem Communiqué weist déi demokratesch Partei dann drop hin, datt déi fënnef Sëtzunge vum Gemengerot vun 2017, séier wéineg d‘Bild vun enger verantwortungsvoller Gemengeféierung duerstellt. „Gemengewahlen hin oder hir!“, esou d‘DP-Stroossen, déi et géif begréissen, wann een de ronn 9.000 Awunner vun der Gemeng och de néidege Respekt kéint entgéint bréngen.

Et mangelt einfach u Respekt géintiwwer dem Wieler

D‘Opreegung ass net vun der Hand ze weisen, grad ewéi de Wielerwëllen. Esou deet ee gutt drun de erënneren datt déi demokratesch Partei bei de Gemengewahle vum 8. Oktober 33,48% vun de Suffragë kritt huet. D‘LSAP war zweet stäerkste Kraaft mat 26,97% an d‘CSV gudden Drëtte mat 21,43%.

Hei dann nach Detail, dee vir ee bessere Versteesdemech vun der Situatioun néideg ass. Den „éiwege“ Buergermeeschter Gaston Greiweldinger (LSAP) ass och béi den Eenzelstëmmen (1.553) vun der DP-Kandidatin Martine Dieschburg-Nickels (1.624) kloer iwwerholl ginn. Et dierf en also ganz objektiv dovunner ausgoen, datt déi Stroossener scho ganz gären e „Wiessel“ gesinn hätten.

Et ass awer definitiv elo net d‘Roserei sech iwwergaangen ze fillen, déi d‘DP-Sektioun zu Stroossen op déi berühmte Palm bréngt. Hei sinn et eenzeg an eleng déi sëllechen Aufgaben an Erausfuerderungen an der Stroossener Gemeng, wéi beispillsweis d‘Schoulorganisatioun an eng Zäitno Verwaltung, déi fir Kaméidi suergen, well einfach „geträntelt“ gëtt.

Et huet ee keng Zäit ze verléieren

Datt der DP als stäerkste Kraaft vun der Gemeng Stroossen, de laschen Ëmgang mam Gesetz net gefält muss sech d‘Koalitioun elo dann awer gefale loossen. Besser wier et natierlech wann den CSV-LSAP Schäfferot sech géif zesummeräissen an op d‘Fuerderung vun der Oppositioun kéint agoen.

Et sollt dach zu Stroossen duerchaus méiglech sinn, esou d‘DP, datt endlech eng Gemengerotssëtzung aberuff gëtt, an am Sënn vun der héich an Helleg verspracher Transparenz dofir ze suergen, datt déi Sëtzungen dann och reegelméisseg stattfannen.

Op den LSAP-Buergermeeschter Gaston Greiweldinger allerdéngs gewëllt ass, e Sëtzungskalenner mat festen Termäiner iwwert e puer Méint ewech festzeleeën, wéi et vun der DP-Stroossen verlaangt gëtt, dat dierf ugesicht dem „laisser-faire“ vun de leschte Jore bezweiwelt ginn.

Vläicht sollt dem Buergermeeschter säi Parteifrënd aus dem Inneministère an engem frëndleche Gespréich drop hiweisen, datt et der Oppositioun zousteet bannent enger vernënfteger Frist déi benéidegt Ënnerlagen ze kréien. Dat ass dann och elo net eleng eng Saach vum Respekt virun der Aarbecht vum Gemengerot, mee virun allem eng Fro vum Respekt géintiwwer de Bierger.

Foto: Screenshot vun der Internetsäit vun der Gemeng Stroossen. Hei ass däitlech ze gesinn, datt déi lescht Sëtzung vum Gemengerot den 1. August ofgehale ginn ass. A wann ee sech um 3. November d‘Zesummestellung vum Schäfferot ukuckt, esou ass dat och nach deen „alen“. D‘Roserei vun der Stroossener DP-Sektioun ass also novollzéibar.

Ähnlech Sujeten CSV, DP, Gaston Greiweldinger, Gemneng Stroossen, Gesetz, LSAP, Martine Dieschburg-Nickels
Nächsten Artikel Virrechten Artikel