Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump
International Neiegkeeten

Paräisser Accord: EU a China stellen sech géint den Trump

EU a China treffen sech haut a muer zu Bréissel,

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!
International Neiegkeeten

Brexit: déi Briten hunn se dach net méi all der Rei no!

Zwee Méint virum Austrëtt aus der europäescher Unioun, ass dat

D‘Salariatskummer huet en Avis zum Budget
International Neiegkeeten

D‘Salariatskummer huet en Avis zum Budget

Wann d‘Koalitiounsregierung déi eegens gesate Prioritéiten: Klimawandel, Zukunftsinvestitiounen a Liewensqualitéit

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen

Stroossentransport: Frankräich opposéiert sech den EU-Reformen

Den europäesche Projet „Mobilitéitspak“ ass e Freideg vun der franséischer Transportministesch Elisabeth Borne als „inakzeptabel“ zréckgewise ginn. Si ass iwwerzeegt, datt dëse Projet esou wéi proposéiert, dem sozialen a wirtschaftlechen Dumping vun den Transporteuren aus Zentral- an Osteuropa entgéint kënnt. Dat awer sollt eigentlech verhënnert ginn.

„Eis Mäert si wäit op, mee d‘Konkurrenz déi sech op hinnen ofspillt ass oft deloyal“, erkläert déi franséisch Transportministesch. „De Stroossentransport ass dann och ee vun de beschte Beispiller“. Deen u sech einfache Prinzip: „Gläiche Loun fir gläich Aarbecht op engem Territoire“ erschéngt eis ganz normal, awer mat dësen Texter gëtt den Dumping gefërdert a net bekämpft.

Dat wat vun de Bréisseler Technokraten do op den Dësch geluecht ginn ass, ass e Mobilitéitspak deen net emol Usazweis d‘Konditioune berécksiichtegt, déi dësen eigentlech sollt festleeën, bedauert d‘Elisabeth Borne bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mat hirem däitschen Homolog, Andreas Scheuer, deen dësen Text esou och net wëll matdroen.

Fir déi franséisch Transportministesch sinn e sëlleche Virschléi déi hei virgeluecht gi sinn, wéi beispillsweis d‘Fuerzäiten, oder d‘Roupause vun de Chaufferen, net akzeptabel. „Mir stellen zesumme mat Däitschland fest, datt mir wäit vum Kont sinn. Et kënnt net a Fro Reegelen ze verhonzen déi mindestens e Joerzéngt gülteg sinn, a gräifbar, reelle Gesetzer entspriechen“.

Fërdert Bréissel de sozialen a wirtschaftlechen Dumping?

„Déi europäesch Reglementéierung muss sech vill méi konsequent géint de sozialen a wirtschaftlechen Dumping asetzen“, ënnersträicht a betount d‘Elisabeth Borne. Dofir wäerte Frankräich an Däitschland e Méindeg, bei der Sëtzung vun der „Stroossenallianz“ – déi 2017 vun 9 Länner gegrënnt ginn ass a sech géint deloyal Konkurrenz asetzt – hir Positioun virstellen.

Bei dëser Sëtzung, wou Vertrieder vun Éisträich, der Belsch, Dänemark, Frankräich, Däitschland, Italien, Lëtzebuerg, Schweden an Norwegen sech am Virfeld vun der Sëtzung vum Europarot de 7. Juni wëlle beroden, soll driwwer entscheet ginn, den „éischte Mobilitéitspak“ deen och als „Stroossepak“ bezeechent gëtt, zréckzeweisen an den Dossier „hannert de Summer“ ze verleeën.

Domatter géif de Mobilitéitspak an d‘Zoustännegkeet vun de éisträichescher Presidence falen, an net méi an déi bulgaresch, heescht aus Diplomatekreesser. Beim Virschlag vun der EU-Kommissioun sollen d‘Chauffeuren, déi sech an en anert EU-Land beginn, als „detachéiert Aarbechter“ behandelt ginn, an och de „lokale“ Loun fir hir Aarbecht erhalen.

Héiert sech gutt un, mee géif nëmmen ab dem drëtten Dag am betraffene Land applizéiert ginn. Domatter si Frankräich an Däitschland net averstanen, si wëllen, datt den „Tarif“ ab dem éischten Dag muss gülteg sinn. Eng Siicht déi vun den osteuropäesche Länner esou net gedeelt gëtt, well si hei fäerten datt hire Geschäftsmodell sech net méi kann duerchsetzen.

mat AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, EU-Reform, Frankräich, Sozialdumping, Stroossentransport
Nächsten Artikel Virrechten Artikel