Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Wéi gutt kenns du d’Uelzecht?
International Neiegkeeten

boyfriend lying about online dating

Och d’Uelzecht ass ee vun de wichtegste Flëss am Land.

https://moien.lu/understand-hookup-culture/
International Neiegkeeten

Boxen zu Diddeleng: e wierklech kuerzweilegen Owend

Organiséiert vum „Boxing Club Dudelange“, ënnert dem Patronage vun der

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen
International Neiegkeeten

inondations.lu: Gutt informéiert ass besser wéi bis zum Nuebel am Waasser ze stoen

Et fält aktuell villes vum Himmel an et ass net

De Stroumausfall a Groussbritannien ass behuewen

Zwee Stroumgeneratore mat Problemer féieren zum Chaos am ëffentlechen Transport

De Stroumausfall a Groussbritannien ass behuewen

E Freideg Owend sinn op der britescher Insel d‘Luuchten ausgaangen, Zich konnte keng fueren a Fluchhäfe wéi Spidoler hunn sech op hir Aggregater misse verloossen. De Stroumausfall huet den englesche Südosten an d‘Haaptstad London betraff.

Et war „UK Power Networks“ déi als éischt via Twitter drop higewisen hunn, datt de briteschen Netzbedreiwer „National Grid“ e Problem soll hunn. Déi hunn uschléissend de Feeler am System bestätegt. Zwee Generatoren hätte Problemer gemaach, esou d‘Entreprise.

StroumausfallDen „Ausfall“ selwer huet villeruerts wuel nëmme Minutte gedauert, mee bei der Eisebunn war de Chaos net méi opzehalen. Déi verschidden Operateuren hunn op Verspéidungen higewisen. Verbindunge sinn deels ganz ausgefall, an dat zur Haaptverkéierszäit.

StroumausfallEsou huet beispillsweis „London North Eastern Railways“matgedeelt, datt an bekannter Gar vu „King‘s Cross“ all d‘Zich zum hale komm sinn. „Thameslink“, déi Zich am Groussraum London bedreiwen, huet och Verspéidungen an Ausfäll gemellt.

StroumausfallVum Stroumausfall waren och e Spidol a Fluchhäfe betraff. Zu Ipswich (Ostengland) war de Stroum während 20 Minutten ausgefall. Laut der Spriecherin vum Haus, hätt d‘Personal de Problem séier am Grëff gehat an et hätt zu kengem Ament Gefor fir d‘Patiente bestanen.

StroumausfallUm Fluchhafe vu Newcastle waren d‘Luuchten och kuerz ausgaangen. De Bedreiwer konnt awer versécheren, datt een 100% Asazfäeg ass. Déi gréisst britesch Fluchhäfen, London Heathrow a London Gatwick, hu bei esou Virfäll eege Prozeduren a waren net betraff.

Stroumausfall

Dat ass natierlech duebel Blöd, wann s de Mëttes nach héije Besuch hues deem s de erkläert hues wéi gutt alles an der Entreprise leeft a firwat deng Léierbouwen déi bescht op der Welt sinn…

Vum Stroumausfall waren natierlech och déi englesch Menage betraff. Laut den Autoritéite wieren am Nordoste vum Land bis zu 110.000 Stéit vum Stroumnetz ofgeschnidde gewiescht. Och hei ass awer nees alles „normal“, esou d‘Informatioun vum Netzbedreiwer „Northern Power Grid“.

mat indymedia/lon

Ähnlech Sujeten Groussbritannien, London, National Grid, Stroumausfall, UK Power Networks
Nächsten Artikel Virrechten Artikel