Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken
Money Neiegkeeten

ULC: Petitioun fir de gratis Service bei de Banken

An der Mäerz-Editioun vun „de Konsument“ behandelt de Lëtzebuerger Konsumenteschutz

dislike
Death Note ass e Remake, dee kee braucht
Money Neiegkeeten

Death Note ass e Remake, dee kee braucht

Wat gouf net schonn alles iwwert des Netflix Ëmsetzung vun

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel
Money Neiegkeeten

Autokino am Trend – Faszinatioun ënnert fräiem Himmel

Grousse Kino ënnert fräiem Himmel, vermëscht mat enger Grëtz Nostalgie

money

Stroumpräisser klammen

Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR) annoncéiert eng Stroumpräiserhéijung vun 10%

Stroumpräisser klammen

Ëmmer wann ee mengt et géif een e puer Cent méi verdéngen, kënnt nees een dohier deen engem erkläert, datt ee grad nees en Euro méi aus de Täsch gezoppt kritt. Esou dann elo de Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut (ILR), deen eng zolidd Hausse bei de Stroumpräisser festgestallt huet.

Laut den Zuele vum ILR, ass d‘Stroumrechnung vum Januar fir d‘Menage géintiwwer 2019 ëm 10% geklommen. Dat géif an der Moyenne eng 80 Euro ausmaachen, op d‘Joer gerechent sinn dat also mindestens 960 Euro méi Belaaschtung, déi natierlech besonnesch de Leit mat klengem Loun uerdentlech an de Budget facht. A wann een dem ILR gleewe soll, sinn d‘Menage selwer schold.

Esou heescht beispillsweis säitens dem ILR, datt e Lëtzebuerger Stot am Schnëtt 4.000 kWh duerch d‘Leitunge jot, während zur gläicher Zäit e Menage bei eise belschen Noperen: a Wallounien an zu Bréissel sinn et ronn 2.000 kWh, bei de Flamänner 3.300 kWh, déi e Menage d‘Joer iwwer fir all seng Apparater an d‘Haus benéidegt. Wat elo dëse Verglach soll? Mir hunn dozou eng Ahnung.

Zum enge wëll d‘ILR eis hei duerch d‘Blumm ze verstoe ginn, datt mir ze vill Stroum verbrauchen an eigentlech selwer Schold hunn. Dat ass Brach, well sech eleng um Verbrauch eng Hausse vun 10% net rechtfäerdege léisst an et anersäits och e Fakt ass, datt de Stroum op de Mäert seelen esou bëlleg war wéi dat aktuell de Fall ass. Zudeem huet sech de „Stroumpräis“ net wierklech verännert.

Villméi muss ee sech d‘Stroumrechnung eppes méi genee ukucken, fir festzestelle wou dann elo déi Deierecht hir kënnt. Den Approvisionnement, déi administrativ Fraisen an d‘Kommerzialisatioun sinn ëm 13% geklommen, d‘Notze vum Reseau ass 7% méi deier ginn an da sinn do nach d‘Taxen an aner Fraisen déi och ëm 10% gehéicht goufen. Esou zumindest gëtt engem dat erkläert…

Wann ee sech fir Domm verkaf fillt

Dat duerch de Kompensatiounsmechanissem, also deem Goss deen den Menagen ofgeknäppt gëtt (D‘Entreprisë kënnen dës Ausgaben duerch hir Bicher lafe loossen) fir déi Elektrizitéitszentralen déi hire Stroum aus erneierbaren Energien oder duerch Cogeneratiounsanlage mat héijer Leeschtung generéieren ze subventionéieren, ass schwéier ze vermëttele well de System net transparent ass.

Elo ass et selbstverständlech wënschenswäert a Sënnvoll Energie anzespueren. Et schount jo och d‘Ressourcen an de Portmonni. Woubäi een och ëmmer nees feststellen dierf, datt wat de Bierger méi vernënfteg mat der Energie ëm geet, déi „Accessoire Fraisen“ Dimensiounen unhuelen, datt „spueren“ zum Verzicht muss ginn. Alternativ kann ee sech en anere „Fournisseur“ sichen.

An dësem Zesummenhang erënnert den ILR dorunner, datt et zu Lëtzebuerg méiglech ass (oder zumindest sollt sinn) zu all Ament de Fournisseur ze wiesselen. Um Site calculix.lu kann ee sech en Iwwerbléck iwwert déi ënnerschiddlech Offeren a Fournisseure verschafen. Interessant hei (mir hu geluusst) datt et kaum Offere gëtt déi net uginn aner Ressource wéi erneierbarer ze notzen.

Hei gouf fir eng Adress an der Staat, bei engem Haushalt vu 4 Persounen an engem Verbrauch vu 4.500 kWh/Joer als beschten Offer, déi vun der Südstroum (Produkt Terra) ugewisen. An dësem hypothetesche Fall bezilt de Menage: 224,55 Euro fir de Stroum; 24 Euro fix Käschten; 219,60 Euro fir d‘Enenergiekomponent; 152,88 Euro Netzzougangsentgelt; 4,50 Euro Elektrizitéitssteier; 163,35 Euro fir de Kompensatiounsmechanissem an nach emol 63,11 Euro Tva. Dat sinn 851,99 €

Bei dëser „Offer“ déi eis als déi beschten ugewise gouf, bedréit den Undeel vum tatsächleche Verbrauch un Energie ronn 25%, de ganze Rescht gëtt opgewannt fir „Déngschtleeschtungen“ ze finanzéieren. Verständlech datt sech vill Leit – besonnesch wann een den Euro eppes méi oft an der Hand ëmdréine muss – hei iwwert de Leescht gezu fillen. An drop verzichten ass net méiglech…

Bleift nach drop hinzeweisen, datt den Energieminister Claude Turmes, deen op all Dach eng Solaranlag installéiere wëll – an dogéint ass näischt anzewennen – bei der Virstellung vum Klimaplang erwähnt huet, datt dëse muss sozial verdréiglech sinn. 10% Zouschlag op der Stroumrechnung sinn awer fir vill Menagen eng Belaaschtung an een däitleche Kafkraaftverloscht.

Illustratioun: Collin Behrens / Pixabay

Ähnlech Sujeten Elektrizitéitssteier, Enenergiekomponent, ILR, Kompensatiounsmechanissem, Netzzougangsentgelt, Stroumpräisser
Nächsten Artikel Virrechten Artikel