Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?
dating show applications

D’Geschicht an Identitéit erhalen – mee wéi?

Gëschter hat eis Kulturministesch Sam Tanson d’Éier de relative Gesetzesprojet

vice guide to dating rich guys
dating show applications

Norwegen: Zuelräich Hënn stierwen u mysteriéiser Krankheet!

Eng mysteriéis Krankheet an Norwegen huet an de leschten Deeg

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?
dating show applications

Wéi géifs du wielen, wann haut Wahle wieren?

Dëst Joer fanne Chamberwahle statt. D’Lëtzebuerger wielen, wéi eng 60

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen

Strukture fir Refugiéeën: Zäit e klenge Punkt ze maachen

De 25. Juli huet den CSV-Deputéierte Paul Galles vun der Ministesch fir Famill an Integratioun eng Rei Detailer zu de Strukturen déi den OLAI huet fir Refugiéeën an/oder Demandeuren ugefrot. Dat war allerdéngs net déi éischt Fro déi am Zesummenhang mat der Migratioun gestallt ginn ass.

Eigentlech muss ee bis de Januar zréckgoen a mat der Fro vum Deputéierte Sven Clement vun der Piratepartei ufänken. Hie wollt a senger Fro (#175) wëssen, nodeems a ville Gemenge Strukture fir Demandeuren (DPI) an/oder Beneficiaire (BPI) vum Internationale Schutz opgaange sinn, wéi vill der säit 2015 an esou enger Struktur ënnerkomm sinn an no wellechem Kritär si verdeelt ginn.

An der Äntwert hunn d‘Ministere Jean Asselborn (Immigratioun an Asyl) a Corinne Cahen (Famill an Integratioun) missen drop hiweisen, datt déi kompetent Administratioun, d‘OLAI eréischt zanter 2016 iwwer komplett Statistike verfüügt. Hei ass dann opgelëscht ginn, datt an 20 Gemengen 2016 2.808, 2017 2.415 an 2018 2.377 Persounen an enger Struktur ënnerbruecht waren.

Dunn wollt am Mee d‘Diane Adehm (CSV) am Kontext vun der „Journée des élus communaux“ – déi vum SYVICOL organiséiert gëtt, a wou den OLAI wësse gelooss huet, datt „een op der Sich no Bauland ass“ fir Opfaangstrukturen opzeriichten – wëssen (Fro 739) wéi vill dëser Strukture vum OLAI geréiert ginn, wou se stinn a wéi d‘Strukturen ausgelaascht sinn.

An hirer Äntwert un d‘Deputéiert hunn déi uewe genannte Ministeren informéiert, datt zum 31. Mee 2019 den OLAI iwwer 101 Strukture verfüügt huet, vun deenen der zu dësem Zäitpunkt 56 fir den Hebergement vun den DPI a BPI benotzt goufen. 28 Strukture waren an „Aarbecht“, nach emol 14 Strukture sinn der sozialer Immobilienagence, respektiv ëffentlechen Organisme virbehale ginn.

Bei zwou Strukturen ass gepréift ginn ob et nach sënnvoll ass déi an der Locatioun ze behalen an eng Struktur gëtt ofgerappt fir eng aner exploitéiert Struktur vergréisseren ze kënnen. Zum 31. Mee huet et an all dëse Strukturen insgesamt 4.004 Better ginn. D‘Auslaaschtung beim Hebergement vun den DPI huet bei 71,4% geleeën. Net genotzte Raum huet éischter organisatoresch Grënn.

Och dat muss net genuch Informatioun gewiescht sinn, soss wier et dem Deputéierte Paul Galles wuel kaum an de Sënn komm, hei nach emol „Präzisioune“ ze fuerderen. Hien huet dann och nach emol de Parteifrëndin hir Fro an déi unhänglech Äntwert opgeholl, a wollt wësse wéi déi Strukturen op d‘Gemenge verdeelt sinn, wien de Gestionnaire ass a nach villes méi…

D‘Äntwert vum Corinne Cahen (DP) ass dann elo wiesentlech méi komplett ausgefall. Zum 24. Juli waren et dann och nëmmen nach 55 Strukturen an déi sinn an 31 Gemenge geleeën. Zum genannten Zäitpunkt waren 1.245 Demandeuren (DPI) an 1.302 Beneficiairen (BPI) an dëse Strukturen ënnerbruecht. Jeeweils 12 Strukture gi vu Caritas a Rout Kräiz geréiert, 31 direkt vum OLAI.

Wat den Encadrement vun de Persoune betrëfft, esou bezitt dee sech op e sougenannte „Schlëssel“ deen entspriechend der Vulnerabilitéit vun de Mënschen ënnerschiddlech an no Besoin flexibel gehale gëtt. Onbegleete Mannerjäreger (MNA) kommen ëmmer direkt a spezialiséiert Strukturen. D‘Rout Kräiz këmmert sech ëm déi ënner 16,5 Joer an d‘Caritas iwwerhëlt déi Jugendlech…

Alles an allem ginn 29 Strukture vu private Sécherheetsentreprisen „iwwerwaacht“ woubäi den Agenten hir Funktioun variabel ass: Gestioun vun de Schlësselen, vum Courrier an de Schutz vun den techneschen Installatiounen an den Alentouren. 421 dëser „Agenten“ gi fir dës Missioune gebraucht an si wieren och all entspriechend forméiert. Käschtepunkt 2018: 20.773.133 Euro.

Ähnlech Sujeten Caritas, Corinne Cahen, CSV, Diane Adehm, Jean Asselborn, OLAI, Paul Galles, Piratepartei, Refugiéeën, Rout Kräiz, Sven Clement
Nächsten Artikel Virrechten Artikel