Search

You may also like

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!
Kultur Neiegkeeten

Weltdag vun den Déieren: Hire Schutz steet am Virdergrond!

Passend zum Weltdag vun den Déieren huet de Roman Schneider,

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand
Kultur Neiegkeeten

Zwou Gewerkschafte mat Häerz a Verstand

Et hat eng Grëtz gedauert, bis sech d‘Gewerkschaftler de Medie

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit
Kultur Neiegkeeten

Hong Kong Protest féiert zum diplomatesche Sträit

No den heftegen Ausenanersetzunge bei der polytechnescher Universitéit zu Hong

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

Sex, Beer an d' Rock 'n Roll - d'Rockband presentéiert vill neit Material!

D’Lëtzebuerger Band Strysles feiert säin neien Album „Power of Life“

No der éischter EP „Tic Tac“ am Joer 2016 an der Single „Break the Silence“ (2017) war et fir Strysles un der Zäit een Album opzehuelen. Um Freideg, de 26. Oktober 2018 wäert d’Lëtzebuerger Rockband hiert neit Wierk „Power of Life“ virstellen.

Den neien Album zielt 8 verschidde Lidder. Vu rockegen Uptempo Nummere wéi „Just once in your Life“ bis zu ganz luese gefillsvolle Kläng ass fir jiddwereen eppes dobäi. Der mazedonescher Frontfra Elena säi Liiblingstheme Leidenschaft, Léift an d’Freed um Liewe sti bei de Kompositiounen am Virdergrond an dominéiere virun allem beim Titelstéck „Power of Life“.

Strysles

© Strysles

D’Singleauskopplung mam Titel „Rock ‘n’ Roll“ erzielt iwwert de Spaass, den d’Band zesumme beim Musizéieren erlieft a wéi si hir Zäit bei engem gudden heemesche Béier genéissen. Den 21. September 2018 ass d’Single scho verëffentlecht ginn. Zousätzlech dozou huet d’Lëtzebuerger Band ee Promo-Video op Eegeregie produzéiert.

Alle Rocker a Museksinteresséierte leeë mir un d’Häerz de 26. Oktober am Café Rockbox a Clause laanscht ze kucken. D’Event fänkt um 20:30 Auer un, d’Entrée ass gratis. Als Special Guests sinn d’Singer-Songwriterin Fernanda Stange an d’Band Bye Bye Bay gelueden.

Méi Informatiounen iwwert d’Band an déi nächst Konzerten fannt dir um Site: www.strysles.lu.

Related topics Band, Bye Bye Bay, Clausen, Power of Life, Rockbox, Strysles
Next post Previous post