Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereedegung vu Lëtzebuerger Zaldoten: 35. Zeremonie mam Henri Kox
Neiegkeeten

Vereedegung vu Lëtzebuerger Zaldoten: 35. Zeremonie mam Henri Kox

Um vergaangene Freideg ass am Centre Culturel zu Ierpeldeng op

money
Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht
Neiegkeeten

Déi ëffentlech Finanze sinn am Gläichgewiicht

E Freideg hat de Finanzminister, Pierre Gramegna (DP), der Finanz-

CGDIS: Feier an Eefamilljenhaus zu Biergem
Neiegkeeten

CGDIS: Feier an Eefamilljenhaus zu Biergem

Gëschter am spéiden Nomëtteg goung beim 112 een Appell eran,

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

D’Studentefoire 2020 geet den digitale Wee

Am Kontext vun der Pandemie wäert déi traditionell Studentefoire 2020, déi all Joer vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung organiséiert gëtt, am November net an der LuxExpo, mee a virtueller Form stattfannen.

Wärend zwou Woche kréien d’Schüler vun den Ofschlossklassen nees d’Méiglechkeet fir sech iwwert ee Studium, d’Liewen als Student, d’Aarbechtswelt a Perspektiven fir Karriären ze informéieren. Wéi gewinnt gëtt och den Austausch mat de Representante vun de verschidden Universitéiten, Héichschoulen, Associatiounen a Cerclen garantéiert, an dat ouni sech op de Kierchbierg deplacéieren ze mussen.

Ma, d’Geleeënheet kann och genotzt ginn, fir sech direkt un d’Representante vum Ministère fir Héichschoul a Fuerschung ze riichten, duerch verschidden Demarche geleet ze ginn an déi gewënschten Informatiounen ze kréien.

Genee Detailer, wéi d’Studentefoire 2020 stattfannen wäert, ginn scho geschwënn verëffentlecht.

Am Kader vum Evenement steet den Informatiounsservice fir Héichschoulstudenten a finanziell Hëllef vum Ministère de Schüler bei Froen permanent zur Verfügung. An de Lycéeën selwer ginn och, soulaang déi sanitär Situatioun et zouléisst, informativ Seancen organiséiert.

Opmaacherbild: Studentefoire 2020 © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten CEDIES, Cercle, Digitaliséierung, Informatiounen, LuxExpo, Ministère fir Héichschoul a Fuerschung, Schüler, Student, Studentefoire, Virtuell Form
Nächsten Artikel Virrechten Artikel