Search

You may also like

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee
International Neiegkeeten

Nei am Verlag Binsfeld: Tao Te King, Buch vum Wee

Dem chinesesche Philosoph Lao Tse säin Tao Te King aus

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing
International Neiegkeeten

Black IPA: e Schwéiergewiicht vu Bare Brewing

Wien sech dës „schwaarz Séil“ ausgeduecht huet, dee geet och

Wäissrussland: Bréissel erhéicht den Drock
International Neiegkeeten

Wäissrussland: Bréissel erhéicht den Drock

Wéi sech Ufank Oktober d‘EU-Staats- a Regierungscheffen op d‘Ëmsetze vun

Stuerm iwwer Griicheland

Stuerm iwwer Griicheland

Nom Passage vum Wierbelstuerm „Ianos“ an engem weidere Stuermdéif: ëmgestierzte Beem, zerstéiert Haiser a iwwerschwemmte Stroossen, dräi Mënsche sinn dout, anerer gi vermësst.

Bei schwéiere Stierm a Griicheland sinn iwwert de Weekend dräi Mënsche verstuerwen. Iwwer 600 Persoune sinn aus Haiser oder soss mëssleche Situatioune gerett ginn. D‘Pompjeeë weisen awer drop hin, datt nach ëmmer Mënsche vermësst ginn an weider Persounen nach agespaart sinn, firwat et nach ze fréi ass, fir ee vollstännege Bilan zu den Auswierkunge vum Stuerm virzeleeën.

Griicheland

E Freideg an ee Samschdeg war de Wierbelstuerm „Ianos“ iwwert de Weste vu Griicheland gezunn an ee weidert Stuermdéif huet sech iwwer de Norde vun der Ägäis ausgestreckt. Stierm déi et zolidd an sech haten: ëmgestierzte Beem a Stroumpottoen, ewechgeschwemmten Autoen, Segelschëffer déi vum Wand an de Wellen un Land gespullt oder direkt am Hafebecken ofgesoff sinn.

Wéinst enger Iwwerschwemmung hat um Freidegnomëtteg d‘Eisebunnsstreck tëscht Thessaloniki an Athen misse gespaart ginn. Ausgoend Flich hu missen ofgesot ginn an déi meescht agoend Flich goufen ëmgeleet. Färverbindungen zu den Inselen Ithaka, Kefalonia a Zakynthos konnten net méi oprecht erhale ginn. A wäiten Deeler vum Land an op den Insele gouf de Stroum ënnerbrach.

Griicheland

E mediterranen Hurrikan (Medikan) huet a Griicheland zolidd Schued ugeriicht a mindestens dräi Affer gefuerdert. (Kefalonia)

Nach ass dat ganzt Ausmooss vum Schued net bekannt, mee de griichesche Ministerpresident, Kyriakos Mitsotakis huet senge Landsleit via Twitter seng Hëllef verséchert. Déi betraffe Regioune sollen sech op staatlech Ënnerstëtzung verloossen dierfen. Wéi sech dat am eenzele soll presentéiere war gëschter nach net matgedeelt ginn. Zudeem brauch et emol eng Bestandsopnam vum Schued.

Beim Ianos handelt et sech ëm ee sougenannte „Medikan“ wat een als mediterranen Hurrikan ka beschreiwen, well se sech d‘Eegenschaften deelen. Esou Wierbelstierm iwwert dem Mëttelmier sinn awer éischte seelen, an wann, dann tauchen se haaptsächlech am westlechen an am zentrale Mëttelmier op. De leschte „Medikan“ hat et 2018 ginn. Deemools gouf et zwee Affer ze bekloen.

mat indymedia/ath

Satelittebild: © ESA

Related topics Griicheland, Ianos, Medikan, Stuermdéif
Next post Previous post