Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag
Meenung Neiegkeeten

Eis jonk Lëtzebuerger zu Buenos Aires: den aachten Dag

Et ass de perfekten Ofschloss fir „Team Lëtzebuerg“ bei den

Kontrolle vun der Pyrotechnik
Meenung Neiegkeeten

Kontrolle vun der Pyrotechnik

Silvester kënnt ëmmer méi no. Pünktlech zum Fest kontrolléiert d’Inspektioun

Beirut: Hafenexplosioun setzt Regierung schachmatt
Meenung Neiegkeeten

Beirut: Hafenexplosioun setzt Regierung schachmatt

Et huet scho länger am Libanon rumouert, an d‘Explosioun vun

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

De Stuerm op Berlin (Kommentar)

Mat der Demo um „Dag vun der Fräiheet“ (1. August 2020) war gewosst, „déi“ kommen erëm an genee esou war et dann och um 29. August, wou d‘Organisateuren zum „Stuerm op Berlin“ an de sozialen Netzwierker opgeruff haten. Dat iewescht Verwaltungsgeriicht hat dat méiglech gemaach, an esou konnten déi wou de Covid19 verleegnen sech mat de Faschiste géint d‘Diktatur vereenen.

Stuerm

Déi vu Populisten, Faschisten an Neonazien an Zesummenaarbecht mat „Queesch-Denker“ gutt organiséiert Demonstratioun gëtt an de Medien deels ganz ënnerschiddlech bewäert an esou och kommentéiert. Op d‘Äerd eng Scheif ass an d‘Welt vu Reptiloide beherrscht gëtt, Däitschland eng Entreprise mat beschränkter Haftung ass, an d‘Räichsbierger oder déi Identitär d‘Hären am Haus sinn, dat alles kéint engem ee schiift Grinsen entlackelen, géifen d‘Fakten net dergéint schwätzen.

Interessant och d‘Feststellung, datt vill „einfach Leit“ oder „Bierger aus der gesellschaftlecher Mëtt“ mat hire Kanner, sech de rietsradikale Rabbelkäpp uschléissen. Jo och Chrëschte sangen evangelikal Lidder, israelesch Fändele gi geschwongen, hannert hinne stolzéieren NPD-Unhänger am Gänsemarsch… an um Rand vun der Veranstaltung d‘Falun-Gong Sekt. Et ass net ze gleewen.

Stuerm

Matten dran d‘Journalisten. Besonnesch hofféiert ginn d‘Kolleege déi fir d‘Blieder an d‘Online-Plattforme vum Springer-Verlag schreiwen, déi lescht „éierlech Press“. Wien net an dat neit Weltbild passt, riskéiert der hanner d‘Läffelen ze kréien. Wien net riets ass, muss onweigerlech „lénks“ sinn a gehéiert folgerichteg zur vum Staat finanzéierter Ligepress. D‘Räichsbierger sti geuerdent virun der US-Ambassade a Fuerdere vun dëser endlech ee Friddensvertrag virzeleeën.

Am ganze Gewulls, Famillje mat hire Kanner, sougenannt Impfgéigner oder soss vu wéineg Wäitsiicht gepräägten Individuen, déi sech geziilt a ganz bewosst der Infektiounsschutzveruerdnung widdersetzen, firwat d‘Police dann och genéidegt d‘Erausfuerderung unzehuelen an d‘Versammlung fir beendegt erkläert huet. Mënsche mat „Alu-Hitt“ hunn d‘Enn vun der fräier Welt eropbeschwuer.

Déi meescht sinn der Opfuerderung vun der Police nokomm, mee den „haarde Kär“ huet stramm d‘Stellung gehalen, bis dann am fréien Owend géint 19 Auer zum Stuerm op de Reichstag geblose ginn ass. D‘Sécherheetskräften hu missen agräifen, an et ass och zu Verhaftunge vu besonnesch renitente Rabbelkäpp a Covidiote komm. D‘Neonazien, hunn sech dann och de Stroum vun den onpoliteschen Demonstranten aus alternativen an esoteresche Milieuen zu Notze gemaach.

Wéi – a virun allem firwat – sollt een do als Journalist neutral bleiwen? Natierlech ass engem do bewosst, datt een och eng Partie eege Lieser zolidd op d‘Féiss trëppelt. Mee et ass een als Journalist och Mënsch, därer ee mat Gefiller an eegenen Usiichten, déi een nach vill ze oft am Sënn vun der Objektivitéit am Tirang, oder besser bei der Kaffismaschinn leie léisst. Ëmmer geet dat awer net.

Stuerm

D‘Redaktioun bekennt sech oppen als Antifaschistesch a pro Natur. Dat ass ee gewote Choix deen, esou zumindest kann een et de Reaktiounen op Facebook enthuelen, zu Lëtzebuerg ganz schlecht ukënnt. Aus wirtschaftleche Grënn wiere mir gutt beroden dat sinn ze loossen an esou ze schreiwe wéi d‘Leit et am léifste liese wëllen. moien.lu ass awer weder Deel vum Bertelsmann-Veräin nach den Traditiounsmedie verflicht. Mir mussen no beschtem Wëssen e Gewësse schaffen, soss näischt.

Ähnlech Sujeten Aluhutt, Chrëschten, Covid19-Verleegner, Covidioten, Diktatur, Esoteriker, Familljen, Faschisten, Impfgéigner, Neonazis, Räichsbierger, Reichstag, Stuerm op Berlin
Nächsten Artikel Virrechten Artikel