Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas
Fail International Neiegkeeten

26 Mënsche stierwe bei enger Schéisserei am Texas

An enger Kierch am Texas huet e Mann, matten am

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an
Fail International Neiegkeeten

Editorial: D’Vergaangenheet hëlt een ëmmer nees erëm an

Wéi ee mat senger Vergaangenheet ëmgeet, seet vill iwwert een

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!
Fail International Neiegkeeten

natur&ëmwelt: Selwer Seef machen ass nach ëmmer am Bäschten!

Reegelméisseg bitt natur&ëmwelt Ausstellungen, Evenementer a Workshoppe ronderëm d’Natur an de

dislike

Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen

Siwe Mënsche verléiere wéinst dem Xavier hiert Liewen

Däitschland beklot nom Passage vum heftegem Stuermdéif Xavier siwe Mënscheliewen. Betraff war besonnesch de Norden, d‘Land Brandenburg a Berlin. Op vill Plazen huet den Zuchtrafic missen ënnerbrach ginn.

Am Land Brandenburg eleng, sinn dräi Persounen an hire Gefierer an een huet säi Liewe verluer, wéi en Äscht wollt aus der Strooss huelen. Zu Hamburg ass eng Fra vu 54 Joer gestuerwe wéi e Bam op hiren Auto gefall ass. Bei Schwerin war et e Camionschauffer dee vum engem Bam erschloe gouf. Gläicht Bild zu Berlin-Tegel, och hei fält e Bam op en Auto a verursaacht den Doud vun enger Fra.

E sëlleche Mënsche sinn beim Stuerm blesséiert ginn, deels liewensgeféierlech. D‘Police an d‘Pompjeeën haten honnerten Asätz ze bewältegen. D‘Leit sinn opgefuerdert ginn zur eegener Sécherheet doheem ze bleiwen. De Schued wäert an d‘Millioune goen.

Keen Zuch op d‘Streck geschéckt

Aus Sécherheetsgrënn hat d‘DB a ganz Norddäitschland an a groussen Deeler vun Ostdäitschland, den Zuchverkéier komplett ugehalen. Op ville Strecke ware Beem an Äscht op d‘Schinnen an op d‘Uewerleitunge gefall. Och um haidege Freideg muss mat gréissere Behënnerungen am Zuchtrafic gerechent ginn.

Fir all de Leit, déi duerch dës Entscheedung „hänke“ bliwwe sinn entgéint ze kommen, huet d‘DB eidel IC an ICE Zich an de Garen zur Verfügung gestallt. Esou huet kee missen op engem Quai oder enger Bänk d‘Nuecht verbréngen. Zu Berlin ware sougenannten „Hotel-Zich“ agesat ginn a wou et néideg war, hunn d‘Cliente Taxi- an Hotelbonge kritt.

Déi ganz Nuecht iwwer hunn Equippe vun der Eisebunn gepréift wou Beem op de Schinne leien. Vereenzelt sinn Lokomotiven op Opklärungsfahrte geschéckt ginn. E sëlleche Leit sinn op de Bus ëmgestigen esou dat och hei vill Verbindunge schnell ausgebucht waren.

D‘Fligere sinn um Buedem bliwwen

Bei de Fluchgesellschafte war d‘Situatioun ähnlech. Och sinn virun allem aus Sécherheetsbedenke vill Fliger um Buedem bliwwen. Bremen huet Zäitweis d‘Verbindung zu Amsterdam agestallt an och erakommend Flich sinn ëmgeleet ginn. Hannover huet eng ähnlech Situatioun gemellt, an zu Hamburg ass net emol méi den Tram op de Fluchhafe gefuer.

Zu Berlin sinn um Héichpunkt vum Stuerm d‘Aktivitéite quasi ganz agestallt ginn. Leit hu missen an de Fliger, déi grad gelant waren, sëtze bleiwen, d‘Beluede vu neie Maschinne war ausgesat ginn. Chaotesch Stonnen, déi mat vill Versteesdemech vun de Leit ugeholl goufen.

De Stuermdéif Xavier huet sech iwwert e groussen Deel vun Däitschland erstreckt. Vu Niedersachse bis un d‘polnesch Grenz, kaum eng Regioun am Norden déi verschount bliwwe wier. Am ganze gëtt vun ëm déi 4.000 Asätz vun de Rettungsdéngschter bericht. Am Hafe vu Wilhelmshaven huet de Stuern en 1.000 Tonne schwéiere Kran „ëmgeblosen“.

mat AFP

Foto: En 1.000 Tonne Kran am Hafe vu Wilhelmshaven ass „einfach“ ëmgeblose ginn. © Mohssen Assanimoghaddam/dpa/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Stuermdéif, Xavier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel