Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”
Neiegkeeten Stories

Déi lénk: „De Staatsrot ass ontransparent an ondemokratesch”

Nodeems um Staatsrot, déi vun der Partei déi gréng virgeschloe

moneysurprise
D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert
Neiegkeeten Stories

D‘Rechnung wann ech gelift ! Déi finanziell Säit vum Brexit, erkläert

Zwanzeg Milliarden Euro, véierzeg, siechzeg? Déi Zuelen déi ëmmer nees

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020
Neiegkeeten Stories

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 19. Januar 2020

Vu Kultur, Musek a Konscht, iwwert Konferenzen, Workshops an Atelieren

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Stuff-Brauerei: E Ritter op wäissem Samett

Hiergestallt vun der Steeseler Stuff-Brauerei, wat eng vun de klengsten artisanale Brauereien am Land ass, geet et mam „Knights – white satin“ an den éischten Advent. Mat dësem esou sëffegen, wéi och interessante Béier, hu mir déi éischt Dir vum Béier-Adventskalenner opgemaach.

Mat dësem „Ritter op wäissem Samett“ hunn sech d‘Braumeeschter Joe Hallack-Wolff an Antoine Biasino en Challenge gesat. Bei dësem genësserleche Béierchen ass op der Grondlag vun engem belschen Ale, eng Fusioun tëscht engem blonden a wäisse Béier hiergestallt ginn, déi en esou kaum anzwousch anescht fanne wäert.

Naturdréif a besonnesch Hell – dat ass et wat dësem Béier säi Samett-Toun gëtt – ass de Knights white satin mat 5,2% Alkohol e ganz gesellege Frënd vum Feierowend. Gebraut gëtt hie mat zwee ënnerschiddleche „Barley Malzen“, Weess an ganz nobelem Happ.

D‘Bezeechnung Knights (Ritter) bezitt sech op de briteschen Happ an dësem Béier a verweist op eng méi galant a ritterlech Zäit. Dëse Béier huet et gären eppes méi Kill a sollt ëm déi 6°C hunn wann en zerwéiert gëtt. Et kann et allerdéngs net leiden einfach „geschott“ ze ginn, nee „galant“ soll ee mat him ëmgoen, wann ee e genéisse wëll.

Originell gëtt de Knigths white satin an engem tulpefërmege ugebueden. Et ass wéi schonns ugedeit e genësserleche Béier, deen Apero-Qualitéite verbiergt. E gehäerzte Kéis oder eng schaarf Zoossiss gesäit dëse Béier gären u senger Säit. Wien dëse Béier léiwer bei Dësch zerwéiert, deem ka gerode ginn dat als Begleedung zu eppes méi gewierzte Platen unzebidden.

Foto: © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten artisanale Béier, Béieradventskalenner, Knights white satin, Steesel, Stuff Brauerei
Nächsten Artikel Virrechten Artikel