Search

You may also like

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet
Neiegkeeten

D’Aufgab vu Biller an de Medien – Méi wéi just ee Konschtobjet

Fotografie ass eent vun de wichtegste Mëttelen, fir aktuell Noriichten

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung
Neiegkeeten

Lëtzebuerger Bildungsdësch: Minister a Gewerkschaften sinn enger Meenung

Um Méindeg hat den Educatiounsminister Claude Meisch eng Entrevue mat

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren
Neiegkeeten

Amerikanesch Procureure wëllen den 3D-Ausdrock vu Waffe verhënneren

D‘Procureure vun aacht US-Bundesstaaten an der Haaptstad Washington wëllen d‘Justiz

Süd-Tram: Ambitiéis Projete mussen zu Enn geduecht ginn

Süd-Tram: Ambitiéis Projete mussen zu Enn geduecht ginn

Et jidderengem „passend“ maachen ass eng Saach vun der Onméiglechkeet, mee wann een esou ambitiéis Projete wéi de Süd-Tram an d‘A faasst, sollt een esou eppes och bis zu Enn denken. Dat zumindest mengt déi lénk. Si üben allerdéngs net nëmme Kritik um Projet mee hunn och eng Rei Virschléi wéi et besser kéint goen.

Wann déi lénk generell begréisst, datt ee besseren Infrastrukturkader fir den ëffentlechen Transport grouss Virdeeler huet, besonnesch wann dëse méi séier a méi performant ass, esou gëllt et méi ze berécksiichtegen, wéi d‘Aspuere vun Zäregaser, d‘Reduktioun vum Kaméidi an dem Ausstouss vu Mikropartikel. Esou ass beispillsweis déi grenziwwerschreidend Zesummenaarbecht essentiell wa gelénge soll, wa hei esou couragéiert ugekënnegt gëtt.

Esou stellt déi lénk fest, datt de Projet den déif genuch an den Territoire vu Loutrengen andréngt a weist drop hinn, datt et beim Süd-Tram no net domadder gedoe ka sinn, ee Maximum un Aarbechtskraaft vum Süden an den Norden ze transportéieren, mee e Grenzgebitt am Wandel mat enger gudder Offer auszestafféieren. Dat bedeit dann awer, datt een all d‘Méiglechkeete vum Erhalt an der Revalorisatioun vum ëffentlechen Transport (Bus & Zuch) berécksiichtegt.

An dësem Kontext widdersetzen sech déi lénk der Privatiséierung vum ëffentlechen Transport, wéi och der Degradatioun vum Statut vum an dësem Secteur beschäftegte Salariéeën. déi lénk gëtt hei och ze bedenken, datt een den TICE (de Busservice vum Kanton Esch) hei net dierf bausse vir loossen, a enger mat ëffentlechem Geld finanzéierter Gesellschaft (wéi dat bei LuxTram jo de Fall ass) d‘Gestioun vum Tram ze iwwerloossen.

Sënn an Zweck vun esou enger Mesure ass et schliisslech méiglechst vill bei de Salairen anzespuere wéi datt androcksvoll vu LuxTram demonstréiert gëtt. Mat ee vun den Haaptgrënn, firwat déi lénk sech massiv asetzen, fir d‘Entreprise LuxTram an den AVL (städtesch Busser) ze integréieren. Dat awer wäert de neoliberalen, wann och gréngen, Transportminister François Bausch mat alle Mëttel ze verhënnere wëssen. Mee dat leschte Wuert gouf nach net geschwat…

Illustratioun: © Transportministère

Related topics AVL, Ëffentlechen Transport, Grenzregioun, privat Gestioun, Süd-Tram, TICE
Next post Previous post