Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema
Cool Crazy Erkläert Love Stories

De Pensiounsregimm gëtt zum Wahlkampfthema

Wann ee sech eens ass, datt de Wuesstem zu Lëtzebuerg

dislikesurprise
Frankräich: M6 keeft RTL
Cool Crazy Erkläert Love Stories

Frankräich: M6 keeft RTL

D’Integratioun vun de franséische Radiosender vun RTL-Grupp an de Grupp

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement
Cool Crazy Erkläert Love Stories

Den Iowa gëtt sech dat schäerfste Gesetz géint den Avortement

Am US-Staat Iowa ass ee Mëttwoch, dat schäerfste Gesetz zum

cooltonguelove

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

De séieren Tram an de Süden, a 7 Punkten erkläert

Et ass net all Dag, wou en esou ambitiéise Projet virgestallt gëtt, wéi dësen. Niewent engem ugeduechte gréisseren Ausbau vun der Stater Tram soll och en Uschloss fir a Richtung Esch kommen. De Projet gouf virgestallt, a mir ginn iech hei d’Äntwerte op déi wichtegst Froen.

Wat sinn d’Statioune vun der ugeduechter Linn?

D’Streck ass nach net endgülteg festgeluecht, mee si géing op alle Fall laanscht d’A4 féieren an de Pole d’Echange zu Féiz usteieren. Do géingen da verschidde Buslinnen sech konzentréieren, ënnert aneren de Bus à haut niveau de service (BHNS) a Richtung Déifferdeng, Süd-Osten a Frankräich. Weider géing et da bis op d’Friches Esch-Schifflange goen, dann duerch déi nërdlech Quartieren vun Esch-Uelzecht bis op Belval.

Ass dat dee selwechten Tram-Modell an der Stad?

Et ass eng modifizéiert Versioun, wou d’Maschinn fir mi héich Geschwindegkeeten (100 Km/h) ugepasst ass. Dat heescht: mi staarke Motor a besser Bremsen. Si ka ganz normal um Reseau vum Stater Tram fueren a füügt sech och optesch gutt an.

Firwat ass iwwerhaapt e séieren Tram an de Süden néideg?

Elo schonn ass d’Demande, fir vun Esch an d’Stad ze kommen, grouss. All dräi Minutten fiert zu de Spëtzenzäite e Bus iwwert d’A4.  D’Zuchlinn dogéint fiert deelweis laanscht déi Gebidder, wou d’Demande present ass. Bis 2035 klëmmt dës Demande wat d’A4 ugeet nach eng Kéier ëm 55%. Do gëtt vun 20.000 deeglech Deplacementer op dëser Linn geschwat, déi mussen ofgedeckt ginn. Fir datt dës Leit och op den ëffentlechen Transport zeréckgräifen, muss dësen attraktiv gestalt ginn.

Wier eng aner Léisung net besser gewiescht?

Et goufe verschidde Léisungen a Betruecht gezunn. Eng dovunner war de Monorail, deen allerdéngs vum Käschtepunkt wéi och vun de Kapassitéiten hir komplett iwwerdimensionéiert gewiescht wier. De Bus à haut niveau de service oder de Car à haut Niveau de service misst bei enger manner grousser Kapassitéit mi oft fueren, wat en immensen plus u Personal a Käschte mat sech brénge géif.

Bäisst sech dat net mat der Zuchlinn?

Net wierklech: D’Tramlinn géing den nërdlechen Deel vun Esch ufueren, deen e Stéck vun der Zuchgare ewech läit. An och de Pole d’Échange vu Féiz gëtt net vun der Zuchlinn erfaasst. De séieren Tram wier do eng zousätzlech Offer fir all déi, déi net einfach nëmme vun enger Gare zur anerer wëlle fueren, mee geziilt Quartieren vun der jeeweileger Stad wëllen ufueren.

Bis wéini kéint dëse Projet ëmgesat ginn?

Den Tracé bis op Féiz denkt een, datt een bis 2028 fäerdeg kéint kréien. D’Deelstéck bis op Friches Esch-Schëffleng soll bis 2030 stoe kënnen, de Recht da bis 2035.

Wat ass de Käschtepunkt?

Dat konnt een nach net esou genau soen.

Mam Service Information et Presse

Foto: Vum Smiley.toerist – Eegent Wierk, CC BY-SA 4.0.

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg, Süd-Tram, Tram
Nächsten Artikel Virrechten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    11

  • Fail

    0

  • Cry

    0

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    1

  • Love

    4