Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Bei der Kris einfach embliederen
International Neiegkeeten

Bei der Kris einfach embliederen

Wie gären eng Keier eng Industrie a Krisestëmmung well gesinn,

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019
International Neiegkeeten

Rotondes: Den offizielle Programm bis den 8. Dezember 2019

Mat spektakulären Evenementer an de verschiddene Beräicher vu Kultur, Musek

Dossier Skripal: den ex-Spioun hat schonn doheem Kontakt mam Nervegëft
International Neiegkeeten

Dossier Skripal: den ex-Spioun hat schonn doheem Kontakt mam Nervegëft

An der Enquête ëm den Uschlag, mat engem neurotoxeschen „Agent“,

Südafrika: Wou déi „Wäiss“ streiken, well déi „Schwaarz“ bevirdeelegt ginn

Südafrika: Wou déi „Wäiss“ streiken, well déi „Schwaarz“ bevirdeelegt ginn

Eng Südafrikanesch Gewerkschaft, déi majoritär wäiss Salariéeë vertrëtt, huet um Méindeg seng Membere mobiliséiert, fir géint ee Bedeelegungsplang vun den Aarbechter ze protestéieren, deen de Chimiegigant „Sasol“ lancéiert huet. D‘Gewerkschaft hält de Plang fir diskriminatoresch, well en de schwaarze Salariéeë virbehalen ass.

A Südafrika zwéngt e Gesetz déi lokal Entreprisen dozou, en Deel vun hirem Kapital oder hiren Aarbechtsplazen de schwaarzer Majoritéit am Land virzebehalen. Sënn vun dësem Gesetz ass et, d‘Ongerechtegkeeten déi vum Apartheid-Regimm verierft goufen, nees gutt ze maachen. De Grupp Sasol huet dann och 2017 ugekënnegt, d‘Parte vu sengem Kapital, dee vu schwaarze Salariéeë gehale gëtt, op 25% ze erhéijen.

D‘Gewerkschaft „Solidaritéit“ déi ronn 6.300 Aarbechter vun der Sasol vertrëtt, an vun där gesot gëtt datt si der Organisatioun fir d‘Rechter vun der wäisser Minoritéit „AfriForum“ nosteet, steet dem Bedeelegungsplang kritesch géinteniwwer. Dee géif déi „wäiss Salariéeë“ vum Grupp ausschléissen. D‘Mobiliséierung huet um Méindeg mat enger Rei Protestaktiounen an der Firma ugefaangen, a soll en Donneschdeg mat engem Streik säin Héichpunkt erreechen.

De Grupp Sasol an der Defensiv

„Solidaritéit“ rifft och d‘Südafrikaner op, nächste Mëttwoch net an enger Sasol-Tankstell ze tanken. Während deem verdeedegt de Chimie-Grupp déi ugestriefte Mesuren. Si erklären, datt hei net vun Diskriminatioun ka rieds sinn, scho well de Plang keng Part vun der Remuneratioun vun eben de Salariéeën ass. Hiert Zil ass et e substantielle Profit fir 230.000 Aktionären a schwaarz Salariéeën ze erzilen, fir esou déi direkt an indirekt Part vum schwaarzen Aktionariat op 25% ze hiewen.

De Grupp Sasol beschäftegt an 33 Länner 31.000 Leit. De Problem mat deem se elo konfrontéiert sinn ass nei, an esou mëscht sech dann elo och d‘Politik an. De nationalen afrikanesche Kongress (ANC) deen a Südafrika un der Muecht ass, huet den Aktionismus vun der Gewerkschaft schaarf kritiséiert. De Streik hätt e rassisteschen Hannergrond, esou den ANC-Spriecher Pule Mabe, deen iwwerzeegt ass, datt „Solidaritéit versicht déi demokratesch Fortschrëtter ze sabotéieren“.

Südafrika huet dann och 25 Joer nom Enn vun der Apartheid nach ëmmer mat Spannungen tëscht den Ethnien ze kämpfen. De President vu Südafrika, Cyril Ramaphosa, huet iwwert déi lescht Méint eng Agrarreform op de Wee bruecht, där hire But d‘Korrektur vun enger ongerechter Grondbesëtz-Verdeelung tëscht der schwaarzer Majoritéit (80%) an der wäisser Minoritéit (8%) ass. D‘Reform suergt a Südafrika fir eng zolidd Kontroverse.

mat AFP

Foto: (Archiv) Den Haaptsëtz vun der Sasol zu Johannesburg. D‘Chimie-Grupp wëll 25% vu sengem Kapital, de schwaarze Salariéeë virbehalen. Fir d‘Gewerkschaft „Solidaritéit“ erfëllt dat den Tatbestand vun der Diskriminatioun. © Stephane de Sakutin/AFP

Ähnlech Sujeten Diskriminatioun, Gewerkschaft, Sasol, Südafrika
Nächsten Artikel Virrechten Artikel