Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite
Cool Neiegkeeten

Vereinfachte Rekrutement duerch moderniséierten CFL Internetsite

Säit der digitaler Ära gëllt den Internet als Duerstellungsplattform fir

tonguelaughing
Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys
Cool Neiegkeeten

Tableronde zum Paradigmewiessel: eng Analys

Am Kader vum Medieprojet „1917“ dee vum 100,7 an der

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland
Cool Neiegkeeten

Dossier Skripal: Beschëllegunge vergëften d‘Bezéiung mat Russland

Eng Rei Memberlänner vun der EU hunn e Freideg ugekënnegt,

cool

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren

SUDCAL notz d‘Hëtzt vun ArcelorMittal fir de Quartier Belval ze alimentéieren

Well et sënnvoll ass, déi iwwerschësseg Hëtzt ze notzen, déi um Site vun der ArcelorMittal zu Esch-Belval am Walzwierk anerwäerts géif einfach an d‘Loft geblose ginn, huet de Vizepremier a Wirtschaftsminister Etienne Schneider déi lescht Woch, en ambitiéise Projet virgestallt.

Iwwerschësseg Hëtzt ze notzen, fir Menage mat waarmem Waasser iwwert e geschlosse Reseau ze wiermen, dat mécht d‘SUDCAL zanter 2004. Déi staatlech Entreprise (d‘Aktionäre sinn de Staat mat 98% vun de Parten an d‘Gemengen Esch a Suessem, mat jee 1%) war ursprénglech gegrënnt ginn, fir dat energetescht Potential vun der TwinErg (Gas-Damp-Turbinn) ze notzen.

Wéi d‘TwinErg seng „Dieren zou gespaart“ hat, huet d‘SUDCAL missen op Naturgas zréckgräifen, fir säi Fernwärme-Reseau oprecht ze erhalen. Dat schléit engersäits an d‘Geld an anersäits wierkt et sech net positiv op de CO2-Bilan vum Land aus. Et war also net vu Muttwëll, datt ee bei der SUDCAL no alternative Léisunge gesicht huet.

Sech hei mat ArcelorMittal zesummenzedoe fir eng esouwuel intelligent wéi käschtenneutral Léisung auszeschaffen, huet op der Hand geleeën.

Sech hei mat ArcelorMittal zesummenzedoe fir eng esouwuel intelligent wéi käschtenneutral Léisung auszeschaffen, huet op der Hand geleeën. Fir de Stol ze schmëlzen an ze walzen, ass vill, ganz vill Hëtzt néideg, woubäi de sougenannten „Iwwerschoss“ bis ewell ëmmer an der Loft verpufft ass.

Wann elo och d‘ArcelorMittal heirauser kee finanziellt Kapital erausschléit, esou geet et awer duer sech de „grénge Mäntelchen“ ëmzehänken. Et ass tatsächlech esou, datt den ArcelorMittal-Generaldirekter Roland Bastian, betount huet, datt et bei dëser „Zesummenaarbecht“ net ëm eng geschäftlech Transaktioun geet, mee ee sech bedeelege wëll, den CO2-Bilan ze verbesseren.

5.000 Tonne CO2 ginn agespuert

Elo ass et allerdéngs esou, datt nëmme well d‘ArcelorMittal sech um Projet bedeelegt – si stellen hei leedeglech d‘Infrastruktur bereet fir den Uschloss ze leeën – si awer hir Karbonbilanz net verbesseren. Et ass d‘SUDCAL déi de ganze „Profit“ fir sech ka verbuchen en, esou éischte Berechnungen nom, 5.000 Tonne CO2 aspuert.

D‘Notzung vun der iwwerschësseger Hëtzt soll bis zu 70% vun der Energie ausmaachen

Zudeem soll d‘Notzung vun der iwwerschësseger Hëtzt bis zu 70% vun der Energie ausmaachen, déi fir de Quartier Belval gebraucht gëtt. Fir et ze verdäitlechen: dat entsprécht de Consomatioun vu 4.000 Menagen, oder 18.000 Megawatt/Stonn. Déi reschtlech 30% ginn dann och weiderhin duerch d‘verbrenne vun Naturgas ausgeglach.

Den Etienne Schneider, fréiere President vun der SUDCAL, huet dann och drun erënnert, datt d‘SUDCAL mam Zil kreéiert ginn ass, déi „gréng Energie“ zum Präis vun der fossiller Energie ze verkafen. SUDCAL, mat Sëtz zu Esch-Uelzecht, huet d‘Gestioun vu sengem ronn 20 Kilometer laange Reseau der Firma Engie Cofely SA iwwerdroen a bedéngt aktuell manner wéi 200 Clienten.

Eng „Iddi“ déi esou nei net ass…

D‘Iddi aus vun der Industrie iwwerschësseg produzéiert Energie Stroum ze maachen ass net nei. Esou huet schonn 1940 „Groussgasmaschinn“ zu Déifferdeng ginn, déi vum Gas alimentéiert ginn ass, deen aus den Héichiewe bei der Verbrennung vum Koks gezu konnt ginn.

D‘Maschinn déi deemools zu Déifferdeng agesat ginn ass hat eng Leeschtung vun 11.000 PS, war eng vun de gréissten déi et weltwäit ginn huet, a konnt 6 Megawatt/Stonn Stroum produzéieren. Zu Esch war et déi thermesch Zentral op „Terres Rouges“, déi zur Stroumproduktioun bäigedroen huet. D‘Energie aus der Industrie ze notzen, bleift awer ënnert dem Stréch eng richteg gutt Iddi.

Iwwer Alternativen, de Fall gesat dat ArcelorMittal enges Daags Esch-Belval zoumécht, denkt elo nach keen no.

Déi ugestriefte Kooperatioun mat ArcelorMittal ass sënnvoll, net nëmme well se de Rôle vun der TwinErg iwwerhëlt, mee och well d‘Proximitéit vum Walzwierk zum Quartier Belval d‘Käschte vun der Installatioun iwwersiichtlech hält. Iwwer Alternativen, de Fall gesat dat ArcelorMittal enges Daags Esch-Belval zoumécht, denkt elo nach keen no.

Mat der Installatioun vum „Konverter“ ass d‘Entreprise DKEL beoptraagt ginn. D‘Käschte fir den „Echangeur“ belafen sech op zwou Milliounen Euro, an ginn iwwer den erziilten Ertrag vu SUDCAL finanzéiert. Fir ArcelorMittal, bleift d‘Installatioun also „Käschtenneutral“. De Vertrag deen all d‘Acteure vun dësem Projet verbënnt huet eng Lafzäit vun 10 Joer.

Wéi funktionéiert et?

Am Walzwierk (Strooss 2 – Palplanchen) mussen d’Hallefproduiten op 1.300° erhëtzt ginn, fir datt se kënne weiderverschafft ginn. Den Uewen deen heifir agesat gëtt, generéiert waarm Ofgasen déi iwwert de Kamäin ofgeleet ginn. Hei entsteet dann och d‘Energie déi elo net méi reng Ausgestouss gëtt, mee fir de Projet benotzbar gemaach ka ginn.

Den Damp dee vum Uewen an de Kamäi geleet gëtt, soll dann iwwert eng Ëmleedung dem Wäermetauscher zougefouert. Den Damp deen ursprénglech 800° waarm ass, huet am Echangeur nach 450°. Eng Temperatur déi genotzt gëtt, fir d‘Waasser ze erhëtzen dat fir de Reseau gebraucht gëtt. Dofir kënnt dann och nach eng Pompelstatioun an den Asaz.

Fir déi aktuell an zukünfteg Cliente soll sech op der Rechnung näischt änneren.

Fir déi aktuell an zukünfteg Cliente soll sech op der Rechnung näischt änneren. Zudeem soll de Projet „Modellcharakter“ hunn, an de Generaldirekter vun ArcelorMittal schléisst net aus, datt dëse System och op aner Standuerter vun der Entreprise kann Uwennung fannen.

Bedenkt een d‘Entwécklung vum „Quartier Belval“, mee och dat geplangte Südspidol feelt och net u Konnschaft. Ëmmerhin, esou gëtt den Etienne Schneider ze bedenken, schreift sech de Projet an d‘Regierungsstrategie an méi nohalteg mat de Ressourcen ëmzegoen. Net ze vergiessen, datt zanter dem 1. Januar 2017 e Gesetz festleet, dat nei Haiser, nach just en Zéngtel Energie dierfe verbrauche, wéi nach virun zéng Joer.

Foto: De Site vun ArcelorMittal zu Esch-Belval aus de Loft gesinn. © ArcelorMittal

Ähnlech Sujeten ArcelorMittal, DKEL, Esch-Belval, Etienne Schneider, SUDCAL, Walzwierk
Nächsten Artikel Virrechten Artikel