Search

You may also like

Vu Policekontrollen a wat ee soss nach wësse sollt…
International Neiegkeeten

Vu Policekontrollen a wat ee soss nach wësse sollt…

Datt et iwwer Silvester eenegermoosse gesittet am Land ofgelaf ass,

What the Fakt – Utøya virun 8 Joer
International Neiegkeeten

What the Fakt – Utøya virun 8 Joer

Säit dem Attentat um Freideg Nomëtteg virun 8 Joer ass

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!
International Neiegkeeten

OPGEPASST: Schuedstoffer an den Eeër!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt d’Produiten „Nature Bio Oeufs

Coronavirus: Südkoreanesche President verbitt Gottesdéngschter

Coronavirus: Südkoreanesche President verbitt Gottesdéngschter

Eigentlech gëllt Südkorea als „Virbild“ an awer klammen och an dësem asiatesche Land, d‘Zuele vun den Neiinfektiounen. Et ass besonnesch eng grouss Reliounsgemeinschaft heivunner betraff, an de President Moon Jae-in huet elo decidéiert, datt bis op Weideres all d‘Gottesdéngschter mussen ausgesat ginn. Eng Entscheedung déi vun de Gleewegen a senge Géigner schaarf kontestéiert gëtt.

Zanter Mëtt August gi Bierger op d‘Strooss wou si de Récktrëtt vun hirem President fuerderen, dat wëll si him virwerfen ze vill Verhandlungsbereetschaft mat Nordkorea ze hunn, a bei de leschte Wahle wier och net alles esou verlaf wéi si sech dat gewënscht hunn. Besonnesch dem Paschtouer Jun Kwang-hoon, Leader vun enger kathoulescher Sekt, seng Unhänger demonstréiere massiv.

PresidentAm selwechten Zäitraum ass d‘Zuel vun den Neiinfektioune mam Covid19-Virus nees geklommen. Südkorea huet nees e Niveau wéi am Mäerz erreecht. An de leschten zwou Wochen huet et nees wäit iwwer 3.000 Infektiounsfäll ginn. Gutt, dat ass am internationale Verglach elo net besonnesch dramatesch, brisant dogéint ass, wou sech dës Mënschen haaptsächlech de Virus agefaangen hunn.

E véierels vun den Infektioune ginn op de Kont vun enger presbyterianescher Reformkierch am Nordoste vun der Haaptstad Seoul. Et gëllt als erwisen, datt sech vill Membere vun dëser Communautéit bei enger Groussdemonstratioun – wou sech weder un den Ofstand nach u soss iergendwellech Gest Barrière, wéi eng Mask undoen, gehale gouf – géigesäiteg infizéiert hunn.

Radikal Chrëschte mat politeschen Ambitiounen

Dës droleg Gemeinschaft, eng radikaliséiert evangelesch Communautéit, déi sech als „Sarang Jeil“ (D‘Léift kënnt als éischt) bezeechent, besteet aus eppes méi wéi 4.000 Memberen déi politesch ganz aktiv sinn, an eng stramm konservativ Politik verfollegen. Si sinn iwwerzeegt, datt de Moon Jae-in hiert Land an eng gottlos kommunistesch Hell wëll féieren, wëll dësen sech dem Norden unhëlt.

Scho bei der éischter Well, déi Korea am Mäerz getraff hat, war et eng Sekt déi zur Verbreedung vum Coronavirus bäigedroen huet. D‘Gottesdéngschter hunn ouni Ofstand a Maske stattfonnt, déi Gleeweg hunn zesumme gesongen, giess an sech op dat allerhäerzlechst ëmäermelt. E Verhalen dat zu dësem Zäitpunkt natierlech verbuede war, mee d‘Léift zu Gott kann een net reguléieren.

PresidentD‘Kierchemänner hunn dann och grousse wäert drop geluecht der kathoulescher Communautéit a Südkorea ze erkläre, datt si vun der Regierung géifen onfair behandelt ginn. An déi kathoulesch Kierch ass mächteg an dësem asiatesche Land dat „reliéis“ no amerikaneschem Muster gefouert gëtt, firwat och déi vill Sekten hei vun der Bevëlkerung duerchaus toleréiert an ënnerstëtzt ginn.

Er dierf nach preziséiert ginn, datt de Grënner vun der „Shincheonji Church of Jesus“, déi fir den Ausbroch vun der 1. Well verantwortlech gemaach gëtt, zanter Ufank August am Prisong sëtzt. Dat allerdéngs net well hien d‘Autoritéiten am Kampf géint de Virus behënnert huet, mee well dëse Kierchemann ee „besonnescht Verhältnis zum Geld“ huet. Hie huet de Goss einfach gezoppt…

mat indymedia/sel

Foto: De Paschtouer a Leader vum „Christian Council of Korea“, Jun Kwang-hoon, ass de 17. August Covid19-Positiv getest ginn, also 48 Stonnen no der grousser Maniff, wou hie mat sengen Unhänger fir de Récktrëtt vum President demonstréiert haten. © Yonhap (Archiv)

Related topics Covid19, Jun Kwang-hoon, Moon Jae-In, Sarang Jeil, Seoul, Südkorea
Next post Previous post