Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader
Neiegkeeten

Déi spuenesch Konservativ hunn e neie Leader

Nodeems de konservative „Partido Popular“ (PP) sech eng Renommée gemaach

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?
Neiegkeeten

Ass IMAGO verréckt oder innovativ?

Schwaarzen Hannergrond, iwwersiichtlechen Design, hei ass et den Inhalt op

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau
Neiegkeeten

Ungarn: schwéiert Schëffsongléck op der Donau

Um spéide Mëttwochowend war et, direkt virum ungaresche Parlamentsgebai zu

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“

Kommt a maacht mat bei der 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“

Sport, gutt Stëmmung an eng zolidd Portioun Kultur: dëst sinn déi dräi Pilieren op déi sech den „Südstroum Escher Kulturlaf“ stäipt. En erfollegräicht Konzept, datt zanter iwwert e Joerzéngt dausende Sportler a Kënschtler gläichermoosse begeeschtert.

Déi 12. Editioun vum „Südstroum Escher Kulturlaf“ fënnt dësen 8. September statt, a wien sech nach net ugemellt huet, dierf dat nach maachen. Et kann ee bei eis och seng Aschreiwung gewannen! Déi éischt 8 Interessenten déi eis op info@moien.lu eng Mail mat Betreff: Südstroum Escher Kulturlaf maachen, kréie vun eis hire „Promotiouns-Code“ geschéckt, an brauchen sech dann nëmmen nach um Internet anzeschreiwen.

EscherBei dësem kulturell-sportlechen Event stinn esouwuel den Challenge an déi sportlech Kompetitioun bei de Sportler am Virdergrond. Eng gutt Zäit ze erreechen, egal op beim 10 Kilometer Laf, oder dem 10 Meile Laf (16 Kilometer), ass fir vill Leefer a Leeferinnen déi éischt Motivatioun sech un dësem scho bal Traditionellen Evenement ze bedeelegen.

Et gëtt natierlech och e sëlleche leit déi aus rengem Spaass un der Saach hei matmaachen. De Grond ass denkbar einfach: zum engen ass de Parcours u sech. Deen ass eenzegaarteg, wat sech schonn um Fait erkenne léisst, datt et deen eenzege „Lafparcours“ ass vun deem mir wëssen, datt en duerch e Stolwierk féiert, dat nach a Betrib ass. Zum aneren, déi vill Animatiounen op a ronderëm d‘Streck.

Escher

© Marc Becker/Escher Kulturlaf Asbl

An et ass schonn en Highlight, wann een d‘Leefer an d‘Leeferinne gesäit op „Terres Rouges“ evoluéieren. Start an Zil ass bei den Héichuewen, et geet wéi gesot duerch d‘Stolwierk vun der ArcelorMittal, duerch Esch-Uelzecht: hei laanscht d‘Schwämm, iwwert e Kierfecht, bei d‘Gemeng, op d‘Gare an zréck op de Belval. An dat kënnt dann och net nëmme bei de Sportler gutt un.

Vu „Pasta-Party“ iwwert de „Yuppi-Mini-Village“ zur „After Kulturlaf Party“

Den Organisateur, déi Escher Kulturlaf Asbl, deen den Event zesumme mam C.A. Fola organiséiert huet dann och ee ganz flotte Programm opgestallt. Schonn um Freideg 7. September ass eng weider lass, déi ageschriwwe Leefer a Leeferinnen, erhalen esou um Virowend vun der Course, en Teller Nuddelen, dee vum Restaurant Dimmi Si, bei der grousser „Pasta Party“ zerwéiert gëtt.

Um Dag vun der Course, ass och erëm de „Yuppi-Mini-Village“ mat vun der Partie. D‘Butzen, déi sech op enger 1.000 Meter laanger Streck „ausprobéiere“ kënnen (hire Start ass um 16 Auer) zesumme mat villen anere Kanner hei u villen Atelieren, sportlecher a kreativer, deelhuelen. Et gëtt natierlech och ze drénken an z‘Iessen, a wie wëllt kann sech d‘Gesiicht bemole loossen.

Escher

© Marc Becker/Escher Kulturlaf Asbl

Nom sportlechen Effort, gëtt da Plaz gemaach fir d‘After Kulturlaf Party. Deen dierft dank den DJen „DJ Fritz“ a „Fanta P“ um Rendez-vous sinn. Si suerge beim „Südstroum Escher Kulturlaf“ fir bescht méiglech Stëmmung a gutt Laun. Fir den Honger gëtt am „Food Village“ gesuergt. Do ass de Motto „Besser iessen, sech méi beweegen“. E Motto, deen een all Dag behäerzege sollt.

Lafe fir de gudden Zweck

De „Südstroum Escher Kulturlaf“ ass nieft dem Fait datt een hei Fräizäit, Gesondheet an Deele matenaner verbënnt, och nach eppes, woumatter een eppes fir de gudden Zweck mécht. Bei der 12. Editioun huelen esou eng Rei Organisatiounen deel, déi et sech lount ze ënnerstëtzen. Dat sinn: „Iess e Stéck Kuch an hëllef Asbl“; „Le rêve du petit Prince Asbl“; an „Doktere vun der Welt

Zum Evenement gehéiert och eng Konschtausstellung. Dëst Joer ass de Moler Jacques Schneider mat enger ganz interessanter „Expo“ um Start. An am Géigesaz zu de Jore virdrun, wou e Wierk verkaf gouf an den Erléis gespent gëtt, ass et dëst Joer ee ganze Konschtprojet deen enger Schoul zerguttst kënnt. De Kënschtler deen och op der Plaz ass, géif sech iwwert de Besuch freeën.

Escher

© Marc Becker/Escher Kulturlaf Asbl

Wéi en gesäit, ass den „Südstroum Escher Kulturlaf“ absolut den Ëmwee derwäert. Dat bescht, och wann engem um selwer lafen net vill geleeën ass, esou kritt en hei villes gebueden. Langweil kritt hei keen, well d‘Offer un Animatioun gëtt dem Usproch wierklech gerecht, an et ass eis verséchert ginn, datt esouwuel beim Iessen, wéi och beim Gedrénks, d‘Präisser sozial bliwwe sinn.

E puer Eckdaten:

E Freideg kënnen sech d‘Leefer a Leeferinnen tëscht 16 an 20 Auer um Fonds Belval, 1 Avenue du Rock‘n Roll hir Dossarden ofhuelen. Zu de selwechten Zäiten ass och „Pasta Party“ ugesot, déi direkt ënnert den Héichiewe stattfënnt. Et ass och eng gutt Geleeënheet sech d‘Ausstellung vum Jacques Schneider unzekucken, oder et entspaant ee sech beim Concert vum André Mergenthaler.

Escher

© Marc Becker/Escher Kulturlaf Asbl

Wien et e Freideg net gepackt sollt hunn säin Dossard ofzehuelen, kann dat och nach e Samschdeg tëscht 10 a 16 Auer maachen. Um 15 Auer mécht de Food Village seng Dieren op, an ab 16 Auer kënnen d‘Leefer hir Butzen an der Garderie ofginn. Um 16 Auer start och de „Yuppi-Mini-Kulturlaf“, um 16.30 Auer mécht de Yuppi-Mini-Village da seng Dieren op.

Um 17 Auer ginn déi „Grouss“ op de Start. Uecht gedoen, béid Distanzen (10 Meilen/10 Kilometer) starten zesummen. Ab 17.30 Auer stinn dann d‘Navette bereet, déi d‘Sportler zu den Dusche bréngen. D‘Präisverdeelung ass um 19.30 Auer. Direkt duerno ass „After Kulturlaf Party“ ugesot, dat mat de fantasteschen DJen „DJ Fritz“ an „Fanta P“. Um 2 Auer soll da Feierowend sinn.

Méi Informatioune kritt dir natierlech op https://new.kulturlaf.lu

Publicitéitsreportage an Zesummenaarbecht mat Südstroum Escher Kulturlaf

 

Ähnlech Sujeten Escher Kulturla, Konscht, Musék, Sport, Südstroum
Nächsten Artikel Virrechten Artikel