Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Thanksgiving fir Afghanistan
Neiegkeeten

Thanksgiving fir Afghanistan

Op Thanksgiving huet den Donald Trump seng Zaldoten an den

money
Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems
Neiegkeeten

Nom Weltwährungsfong gesäit och d‘BNP Parisbas eng Wuesstemsbrems

Nodeems mir gëschter op déi revidéiert Wuesstemsprevisioune vum Weltwährungsfong higewisen

Nee zum Geschichtsrevisionismus an der Kriminaliséierung vun de Kommunisten!
Neiegkeeten

Nee zum Geschichtsrevisionismus an der Kriminaliséierung vun de Kommunisten!

Den 19. September huet d‘EU-Parlament zu Stroossbuerg eng Resolutioun ugeholl,

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Beim STATEC huet een och esou seng Suergen

Et ass scho bal – zumindest ass den Toun entspriechend ausgeriicht – en S.O.S. deen de STATEC, dat staatlech Wiese fir Statistike mat ëmstriddene Referenzen, un d‘Bierger riicht: „Merci datt dir d‘Froebéi beäntwert, Statistik a Krisenzäite sinn immens wichteg!“.

An hirem Communiqué vum 6. Abrëll, deen eis gëschter zougeschéckt ginn ass, heescht et am Wuertlaut:

„D‘Pandemie vum Coronavirus Covid19 huet ären Alldag verännert. Et dee vun Allen op der Welt verännert. Géintiwwer dëser Kris, assuréiert de STATEC d‘Kontinuitéit vun der Produktioun vun de Statistiken, den Analysen an de wirtschaftleche Studien, datt beim anhale vun de Schutzmoossname fir seng Mataarbechter. D‘Kommunikatioun mat de Bierger, der Regierung an de Medien, gëtt och an dëse schwieregen Zäiten oprechterhalen.

Am Kontext vun enger sanitärer, sozialer a wirtschaftlecher Kris, si Statistike kruzial. Si sinn net nëmmen indispensabel fir d‘Evolutioun vun de Kranken an de Spidolsbetter ze verfollegen an ze antizipéieren, mee si ginn och gebraucht, fir d‘Aschätzung vum Impakt vun dëser Pandemie op d‘Liewensbedingunge vun de Residenten an déi ekonomesch Aktivitéit vum Land ze leeschten. Wann d‘Bierger sech un den Enquête bedeelegen, géifen si der Regierung erlaben, déi noutwenneg Mesure fir der Kris ze begéinen ze ergräifen. Dofir brauch de STATEC Daten déi aktualiséiert, awer och prezis an zouverlässeg musse sinn, fir zukünfteg Previsiounen an dësem eemolege Kontext ze erstellen.“

Schéi Geschicht awer onverständlech

De STATEC riicht also en Appell un d‘Bierger, d‘Menagen an d‘Entreprisen, fir datt déi (also fir déi ugeschwat ginn, wëll et gëtt elo natierlech keen „direkt“ also quasi leifhafteg befrot) jo awer op hir Froen ze äntweren. De Saz „(…) mee dir kënnt nach ëmmer iwwer Telefon oder Internet op déi Enquêten äntweren“ ass awer éischter onverständlech. Esou wéi de STATEC e duerstellt, sollten d‘Leit also op hirem Site ënnert „Enquêten“ nokucke wat si grad den Ament u Froen hunn an dës beäntwerten.

Firwat si dann elo awer esou een Appell lancéieren, wann um Internetsite als lescht Enquête „en Cours“ eng Ëmfro iwwert den Ëmgang vun den neien Technologien aus dem Joer 2018 ass. Also wann ee beim STATEC der Meenung ass – an eigentlech schwätzt jo och näischt dergéint – datt grad elo d‘Erhiewunge wichteg sinn, da sollten si hiren Allerwäertesten an déi Richtung hi bewegen, datt et de Leit einfach gemaach gëtt sech ze bedeelegen.

Esou ëmständlech jiddefalls wéi si et de Leit maachen, dierft den Appell kaum zefriddestellend Resultater bréngen. Mee vläicht muss ee sech al Bierger oder Entreprise selwer beméien, an si uruffen oder hinnen eng Mail maachen, fir befrot ze ginn. Oder ruffen elo d‘Mataarbechter vum STATEC blannemännerches am Land bei Jänni a Männi un? Kréie mir elo e-Mails? Aus hirem verzweiwelten Appell jiddefalls geet dat net ervir…

Ähnlech Sujeten Appell, Coronavirus, Covid19, Statec
Nächsten Artikel Virrechten Artikel