Search

You may also like

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet
Neiegkeeten

Eng Diskussioun, déi sech doutgelaf huet

Kaum eng Diskussioun ass esou hëtzeg, wéi déi ëm d’Iwwerliewe

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg
Neiegkeeten

Attacken zu Wien: Message vun der Stad Lëtzebuerg

Mat engem Schreiwes riicht sech d’Stater Buergermeeschtesch Lydie Polfer, am

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?
Neiegkeeten

Wéi gutt kenns du dech mat Horror-Filmer aus?

[onionbuzz quiz-id=35][/onionbuzz] Halloween réckelt mi no, a vill Leit notzen d’Zäit,

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen

Suessem: Ëffentlechkeet soll sech net um PAG bedeelegen

An der Suessemer Gemengerotssëtzung vum 2. Mäerz, haten déi lénk gefuerdert, d‘Ofstëmmung iwwert den neie Flächenamenagéierungsplang (PAG) vun der Gemeng, esou wei och déi zum partikulare Flächenamenagéierungsplang (PAP), déi dat aktuellt Bautereglement ersetze soll, ze verleeën.

Iert et zur Ofstëmmung kënnt, geséichen et déi lénk gären, wann d‘Eckpunkte vun der komplexer Diskussioun bekannt gemaach an ëffentlech debattéiert géifen. Hei da ganz besonnesch folgend Aspekter:

  • wéi soll sech de PAG veränneren, a Konkret: wéi eng Quartiere kréie grondsätzlech e neit Gesiicht? (zum Beispill duerch d‘Verännere vun der Dicht an der maximaler Héicht vun de Gebaier);
  • wéi sinn déi eenzel Reglementéierungen tëscht de verschiddenen Texter (PAG, neit Bautereglement, aalt Bautereglement dat bestoe bleift) openaner ofgestëmmt? Dovunner hänken d‘Rechter vun de Bewunner an Zukunft of, an hei gëtt et nach vill Onkloerheeten, déi vun der neier Koalitioun eréischt an den nächste sechs Joer solle korrigéiert ginn.

A fir déi lénk, esou de Communiqué, wier dat dann och net d‘Ugeleeënheet vun engem Expertebüro, wéi et an der Sëtzung behaapt ginn ass, mee et betrëfft déi zukünfteg Entwécklung vun der Gemeng, an ass esou eng héchst brisant politesch Fro.

Si weisen dann och nach drop hin, datt deen am neie Gesetz festgeluechten Termin vum 8. August, net de lescht méiglechen Termin ass, fir dat neit Bautereglement unzehuelen. Zu dësem Datum kënne just keng nei grouss Bauprojeten ugeholl ginn, iert no enger ëffentlecher Diskussioun (déi vun déi lénk elo scho gefuerdert gëtt) de neie PAG an de PAP (QE) ugeholl gëtt.

Spekulatioun

Woumatter sech déi lénk ganz a guer net offanne kënnen, ass d‘Argument laut deem dat ganzt Geplangs misst geheim bleiwen, fir der Spekulatioun entgéint ze wierken.

Zum engen: well allgemeng schrëftlech Festleeungen a Form vun engem Bautereglement, einfach näischt mat dëser Problematik ze dinn hunn. Zum aneren: well grouss Immobilieninteressenten an Architektebüroen déi éischt sinn, déi vun Insiderwësse profitéiere kéinten. Dogéint kéinten d‘Bierger duerch d‘Opleeë vun de Pläng, viru Spekulante geschützt ginn.

An et ass der Gemeng méiglech, elo scho Servitude festzeleeën, mat deenen der Spekulatioun scho während der ëffentlecher Debatt den Teppech ënnert de Féiss kann ewech gezu ginn.

De Bierger abannen

Elo ass awer keng vun den aneren am Gemengerot vertruede Parteien op de Virschlag vum Conseiller José Piscitelli agaangen. Woubäi de Virschlag fir eng ëffentlech Diskussioun schonn 2014 do war an et och ausgesinn huet, wéi wann dat sech kéint etabléieren. Deem war dann net esou an et ass weider hanner zouen Diere laanscht de Bierger „geplangt“ ginn.

Gemengerot an Ëffentlechkeet hunn dat net matkritt. Domatter war dann och séchergestallt, datt et keng ëffentlech Diskussioun während der Campagne zu de Gemengewahle ginn huet. Mat deem wat elo gespillt gëtt, géifen d‘Awunner vun der Suessemer Gemeng iwwerrompelt. An esouguer dem Gemengerot gi wichteg Elementer virenthalen.

Déi lénk hätten sech awer iwwert eng Analys vun der Situatioun gefreet. Och d‘Entwécklungskonzept, den Direktionsschema an d‘Ëmweltverdréiglechkeetsprüfung wëllen se agesinn.

Esou ass een dann och erstaunt datt d‘Trasse vum zukünftege Contournement, deen een zwar offiziell refuséiert huet, virsiichtshallwer awer agedroen huet. Dat ouni dat et dofir e gudde Grond ginn hätt. Déi lénk bedaueren dann och, datt sollt d‘Reglementéierung ugeholl ginn, et am wesentlechen nëmmen nach den individuelle, interessegebonnenen Asproch gëtt.

Fir déi lénk ass dat ganzt dann en handfeste politesche Skandal. Bei deem et der LSAP/CSV-Koalitioun eenzeg an eleng dorëms ze goe schéngt, sech virun de Bierger ze schützen.

Foto: CC-BY-SA-3.0

Related topics Flächenamenagéierungsplang, José Piscitelli, Suessem
Next post Previous post