Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

NATO-Spionagezentrum zu Krakau ageweit
Neiegkeeten

NATO-Spionagezentrum zu Krakau ageweit

Während sech d‘Regioun Suerge mécht wéinst der Politik vu Moskau,

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!
Neiegkeeten

Editorial: Keng haseleg Schlëss zéien!

E Freideg hunn d‘adr an d‘Piraten bekannt ginn, datt si

dislike
Amazon an Apple am Viséier vun der EU-Kommissioun
Neiegkeeten

Amazon an Apple am Viséier vun der EU-Kommissioun

E Mëttwoch huet d‘EU-Kommissioun op e neits déi fiskal Montage

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)

Et géif awer Méiglechkeeten se dovunner ofzehalen

Ëmmer méi Jonker huelen sech d‘Liewen (eng Analys)

Wann een den „offiziellen Zuelen“ gleewe kann, da wier 1 vu 50 Stierffäll e „Selbstmord“. Vun enger méiglecher „Donkelziffer“ geet net Rieds, grad ewéi et Fakt ass, datt „jonk Erwuessener“ (domatter ass d‘Altersklass bis 25 Joer gemengt) guer net an dëser Statistik opgefouert ginn.

Bei der „Ligue Medico-Sociale“ wëll en awer wëssen, datt ee Jugendlechen (ënner 18 Joer) vun zéng schonn iwwer Selbstmord nogeduecht huet, a si géifen et begréissen, wann et dësem Kontext zu méi Preventioun kéint kommen, an de Sujet u sech net méi tabuiséiert géif ginn. Den Dokter François Onghia, Chef vum Informatioun- a Preventiounsdéngscht vun der Ligue Medico-Sociale, stellt pragmatesch fest, datt d‘Dokteren net méi Amstand sinn e Selbstmord ze verhënneren.

Dat si dat jeemools sollte „geziilt“ gekonnt hunn, wier nei an haut spille wirtschaftlech Interessen eng gréisser Roll. Bei der Ligue Medico-Sociale, schéngt een da besser opgestallt ze sinn. Si kennen d‘Weeër déi zum Selbstmord féieren, wëll si d‘Resultater vun de Studien erfaasst hunn. Dem Dokter François Onghia, deen zum Thema en Exposé am Kader vum 7 nationalen Dag vun der Schoul-Gesondheet ginn huet, feelt et net un Erklärungen, woubäi een déi kritesch begleede muss.

Vun „Hätten“ an „Haten“

Laut dem Psycholog, sollen esou zu Lëtzebuerg 20.000 Leit „driwwer nogeduecht hunn“, 6.000 Mënschen „haten e Plang“, an 3.000 Individuen hunn et „ausprobéiert“. Esou wéi et den Dokter François Onghia duergestallt huet, wier d‘Nodenken, de Plang oder de Versuch sech ëmzebrénge fir 61 Persounen „opgaangen“.

Bei engem Ratio vun 61 zu 29.000, dierft ee festhalen, datt d‘Preventioun, wann se gutt ugewannt gëtt, hir Preuven erbruecht hätt. Et ass eng „Ausso ewéi eng aner“, wëll dësen Expert bezitt seng Wäisheet aus dem Verglach mat den Zuelen aus 2015, wou et nach 81 Mënsche gelongen ass sech der Gesellschaft aus fräie Stécker ze entzéien. (Zur Erënnerung, dat si keng empiresch Zuelen!) An hei sinn dann och keng jonk Leit ënner 25 Joer abegraff oder berécksiichtegt ginn.

A well een zu Lëtzebuerg generell dem Sujet gären aus de Féiss geet, bezitt ee seng Wäisheeten aus internationale Studien, an dësem Fall déi vun „Health Behavior in School-Aged Children“ (HBSC), aus Groussbritannien. Et ass elo net esou, wéi wann dës Organisatioun net kredibel wier, mee si bezitt sech op eng europäesch Etüd déi bei jugendlechen am Alter vun 11 bis 18 Joer an der EU gemaach ginn ass, an esou net d‘Spezifizitéite vu Lëtzebuerg berécksiichtegt.

Et geet och net aus hirer Etüd ervir, wéi vill vun de sondéierte Jugendlechen aus Lëtzebuerg stamen, a wéi déi sech am Detail geäussert hunn. D‘Ausso, datt 15% vun den an der EU sondéierte Schüler Selbstmordgedanken haten, seet näischt iwwert den Zoustand vun de Jugendlechen zu Lëtzebuerg aus. Wann iwwerhaapt, kann een et beschtefalls als gutt intentionéiert „Spekulatioun“ bezeechnen.

Eegen Erfahrung oder „héiere soen“

De Psycholog vun der Ligue Medico-Sociale, vun deem leider net gewosst ass op wéi eng berufflech Erfahrung (mat suizidgefäerdete Patienten) hien sech bezitt, stellt de Fakt an de Raum, datt e Mënsch, dee sech ëmbrénge wëll, laang „geplot“ ass iert hien zum „Extremen“ iwwergeet. Dat ass u sech net falsch, bezitt sich awer éischter op „eeler“ Mënschen, a geet och net op déi eigentlech Ursaachen an, déi zu engem Selbstmord féieren.

An och wann den Dokter François Onghia vun de „Phasen“ (Nodenken a Kristalliséiere) schwätzt, no deenen et dann nach just en „Ausléiser“ brauch fir zum Äussersten ze kommen, esou ass dat u sech net falsch, mee den Zesummenhang mat de Jugendlechen, vu datt et keng bestätegt Zuele gëtt, léisst sech och mam beschte Wëllen net maachen.

Zu Lëtzebuerg wier een awer ganz gutt opgestallt fir dësem Phenomen ze begéinen. Esou géifen hei Mënschen aus de Gesondheetsberuffer an dem Sozioedukative-Milieu mam Evaluatiounssystem „Risiko – Urgence – Gefor“ (RUD) vertraut gemaach ginn. Dee soll derzou bäidroen, Mënsche mat engen „Risk“ zäiteg ze erkennen. Et brauch allerdéngs vill Wësse fir dës Gefor ze erkennen, an eng entspriechend Äntwert ze formuléieren. Net jidderengem deem et „net gutt ass“ oder dee „schlecht schléift“, oder gären e Patt ze vill drénkt oder kifft wëll sech och ëmbréngen.

Dat sinn awer Kritären déi ugefouert ginn – a méiglecherweis och a ville Fäll zoutreffen – an déi eng impressionnant Unzuel vu eise Matmënschen als Selbstmordgefäerdet géif bezeechnen. Wann een also drénkt, fëmmt an derbäi kifft – elo haalt iech un – verdräifacht sech de Risk. Domatter geet dat mat der Behaaptung, et hätten „20.000 driwwer nogeduecht“ net méi op. Interessant, och d‘Thees, datt déi Jonk, déi vill vu Bildschiermer ëmgi sinn, moraleschem a sexuellem Drock ausgesat wieren.

Wou een dann nees op enger Linn zesummefënnt, ass de „Psychoterror“ deem e Mënsch kann ausgesat sinn. E jonke Mënsch dee sech e Porno ukuckt ass net de Problem. Säi Problem, deen zum Selbstmord féiere kann, ass de Mëssbrauch vun de sozialen Netzwierker, an de Mobbing deem hie kann ausgesat ginn. Och e schlecht „Elterenhaus“ kann zu esou enger Dot féieren. Leider gëtt et bis elo just Theesen a keng – zumindest fir Lëtzebuerg – Zuelen un deenen sech dat festmaache léisst.

Als Fazit hält de Psycholog vun der Ligue Medico-Sociale fest, datt et ganz vill „Unzeeche“ gëtt, an déi Jonk déi esou „Unzeechen“ presentéieren „net systematesch Suizidgefäerdet“ sinn. Et wier awer wichteg drop uecht ze doen, wëll et ëmmer besser ass virzegräife wéi nozebesseren. Hie mengt dann och, datt déi Leit, wou mat Jugendlechen ze dinn hunn, op Famill oder edukatiivt Personal an Frënn, sollen intervenéieren, a mat „Spezialisten“ Kontakt ophuele kënnen.

Ähnlech Sujeten Dokter François Onghia, Ligue Medico-Sociale, Selbstmord, Suizid
Nächsten Artikel Virrechten Artikel