Search

You may also like

déi lénk si prett fir den Oktober
International Neiegkeeten

déi lénk si prett fir den Oktober

De 14. Oktober si Wahlen, an no an no stellt

De WG Projet: Bezuelbare Wunnraum fir Jugendlecher
International Neiegkeeten

De WG Projet: Bezuelbare Wunnraum fir Jugendlecher

Mat Wunngemeinschaften zu méi bezuelbarem Wunnraum bäidroen? Ma dat ass

De VC Belair hat dem Favorit VC Fenteng näischt entgéint ze setzen
International Neiegkeeten

De VC Belair hat dem Favorit VC Fenteng näischt entgéint ze setzen

Déi éischt Ronn vun der Coupe de Luxembourg am Volleyball,

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

De Sultan huet kee Versteesdemech fir Pressefräiheet

Nodeems de Recep Tayyip Erdogan déi moslemesch Welt opgeruff huet franséisch Produkter ze boykottéieren, huet sech d‘Satirezäitschrëft „Charlie Hebdo“ sech ee Spaass mam selwer ernannte Prophet vun Ankara erlaabt. Si waren erfollegräich, de tierkesche President ass beleidegt…

Diplomatesch Provokatioune sinn dat eent, d‘Ausliewe vun der Meenung- a Pressefräiheet sinn dat anert. Beim lescht Punkt verstinn se an der Redaktioun vun der Satirezäitschrëft Charlie Hebdo kee Spaass, an hunn dem Sultan mat enger Zeechnung op der éischter Säit verständlech gemaach, wat een an enger laizistescher Demokratie alles esou dierf. A jo déi Damm um Bild soll seng Fra sinn.

Fir de Recep Tayyip Erdogan, erwisenermoossen de ultimativen Affront, wou et dach bekannt ass, datt een den tierkesche President net dierf beleidegen. Hien huet folgerichteg juristesch an diplomatesch Schrëtt ugekënnegt. Wéi een esou mécht, doranner hunn d‘Tierken zanter dem Jan Böhmermann an sengem „Gedicht“, jo elo Erfarung. Wéi esou eppes endegt ass och gewosst.

Sultan

Aus dem Präsidialamt heescht et „Géint déi nidderträchteg Karikatur ginn elo déi noutwenneg Mesuren ergraff. D‘Zeechnung spigelt eng Feindséilegkeet géintiwwer den Tierken an dem Islam, mir hunn der Staatsanwaltschaft (vun Ankara) uerder ginn Ermëttlunge géint d‘Zeitung, de Besëtzer an d‘Mataarbechter opzehuelen“. An dat just well sech d‘Zeechnung explizitt un de Sultan riicht.

Wann et mat der Wirtschaft net klappt, muss et wéinstens mat der Propaganda virugoen, an esou hat dem Sultan seng Spriechblos, Fahrettin Altun, schon am virauseilende Gehorsam Rassismus virgeworf. Déi sougenannt Karikature wieren ofstoussend an ouni mënschlech Moral, heescht et am Communiqué. Interessant, bezunn op „d‘Moral“ déi Ankara an der lescht un den Dag geluecht huet.

Nee mee wéi kann s de nëmmen…

Gutt et war wuel eng schlëmm Ausso, déi den Emmanuel Macron am Haff vun der Sorbonne zu Paräis gemaach hat, wéi hien dem aus reliéise Grënn ëmbruechte Geschichtsproff Samuel Paty, déi lescht Éier erwisen huet. Hei hat et de franséische President Emmanuel Macron et dach tatsächlech gewot ze betounen, datt Frankräich d‘Karikaturen an Zeechnungen net géif opginn.

Sultan

Wéi de franséische Staatschef dunn och nach festgestallt huet, datt en Islam an enger Kris stécht, ass dem Sultan d‘Uelegluucht aus der Hand gefall. Op den Emmanuel Macron nach bei Sënne wier, wollt de Recep Tayyip Erdogan wëssen an huet prophylaktesch zum Boykott vu franséische Produkter opgeruff. Hien huet genuch Dommer fonnt, déi sech dem Appell direkt ugeschloss hunn.

A well de Sultan net dofir bekannt op hallwem Wee ofzebremsen, leet dësen nach eng gehéierlech Schëpp no. Am Kontext vun dësem neien oder – jee no Siicht – zousätzlechem Sträitpunkt tëscht de Staatsmänner, huet den Tierk an d‘Geschichtsbuch gegraff a braddelt eppes vun enger „Neioplo vun den Kräizzich“, déi vun de westlechen Natioune geplangt a géint d‘Tierkei geriicht wieren.

Gutt un dësem „aus der haut fueren“: de Sultan huet de Kaftan ofgesträift a weist seng wierklech Gesënnung. Fundamental islamesch ass de Recep Tayyip Erdogan, deen sech drop behaapt, datt mat aller Gewalt géint Ugrëff op de Prophet Mohammed virzegoen, eng Fro vun der Éier ass. Aus dem selwechte Gronn, schloen d‘Tierken och hir Duechteren, Schwësteren a Mammen dout…

Sultan

Ausser den iraneschen Ajatollahen schléisst sech och Ägypten den Aussoe vum Sultan un. Esou stellt de President Abdel Fattah al-Sissi fest, datt de Fransousen hir Meenung- a Pressefräiheet do ophält, wou d‘Beleidegung 1,5 Milliarde Mënschen trëfft: „Och mir hu Rechter. Mir hunn d‘Recht drop, datt eis Gefiller a Wäerter net verletzt ginn“. Seng Wäerter bleiwen nach eppes ondefinéiert.

Ansonste sinn et déi üblech verdächteg, déi sech hannert dem Recep Tayyip Erdogan sammelen. Esou Pakistan, ee Land mat enger innovativer Siicht op d‘Mënscherechter an de Fridden an der Welt. Mee den islamiséierten Deel vun Asien, wéi Bangladesch oder Indonesien, maache mat. Mosleme leene jo och eng bildlech Duerstellung vum Prophet of, well dat beleidegend wier.

mat indymedia/par/tlv

Related topics Charlie Hebdo, Meenungsfräiheet, Mohammed-Karikaturen, Pressefräiheet, Recep Tayyip Erdogan, Tierkei
Next post Previous post