Search

You may also like

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm
International Neiegkeeten

Een neien Tapis fir d’Opfaart N°7 vum Echangeur Hamm

D’Stroossebauverwaltung informéiert doriwwer, datt ab e Freideg, de 27 September

Orang Utan Help Lëtzebuerg – Mat Häerz fir de sympathesche Mënschenaf!
International Neiegkeeten

Orang Utan Help Lëtzebuerg – Mat Häerz fir de sympathesche Mënschenaf!

Nodeems d’Grënnerin vun Orang Utan Help Lëtzebuerg um Fernseh vun

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich
International Neiegkeeten

Kurdesch Demo géint den tierkeschen Ugrëffskrich

Den tierkeschen Ugrëffskrich dreift a ganz Europa d‘Leit op d‘Strooss.

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden

Dem Recep Tayyip Erdogan säin Dram vun neien osmanesche Räich enthält Spuere vu „Genozid“

De Sultan a säin Haass op d‘Kurden

Zanter 2018 geet déi tierkesch Arméi géint d‘Kurden an Nordsyrien vir. Am Oktober d‘lescht Joer hunn dem Sultan seng Horde Syrien iwwerfall an d‘Kontroll iwwer d‘Regioun Rojava erlaangt. An zanterhier steet déi tierkesch Besatzungsmuecht am Korridor laanscht déi tierkesch grenz. Moskau an Ankara haten sech uschléissend op eng „Sécherheetszon“ verstännegt…

Mam Ugrëff op Syrien, verfollegt d‘Tierkei zwee strategesch Ziler: an éischter Linn geet et drëms d‘Kurden – hei virrangeg d‘Kurdemiliz YPG, déi den Alliéierten am Kampf géint ISIS eng zolidd Hand ugepaakt hunn – ze verdreiwen; an zweeter Linn sollen da moslemesch Flüchtlingen an der Regioun ugesidelt ginn. Zudeem wëll de Sultan bei der Zukunft vu Syrien e Wuert matschwätzen.

SultanVill Mënschen an Europa stinn hannert de Fuerderunge vun de Kurden, en autonoomt Gebitt anzeriichten, fir endlech fräi iwwert déi eegen Zukunft entscheeden ze kënnen. Politesch gëtt dann awer vu Bréissel de geféierleche President vun der Tierkei gestäipt. Vill Regierunge gesinn an de Kurden, esou wéi et vum Sultan erwënscht ass, Terroristen. © Riseup4Rojava

Den Ament gëtt et an der Regioun kaum gréisser Ausenanersetzungen, mee vu Stabilitéit kann och net rieds goen. En Donneschdeg gouf esou Gefechter tëscht vun der Tierkei gestëtzte Milizen a kurdesche Verbänn. Donieft kënnt och nach reegelméisseg zu „Kontakter“ tëscht russeschen an amerikaneschen Zaldoten. Dat alles si keng gutt Virzeechen an d‘Ziviliste stinn tëscht de Fronten.

Tierkesch Propaganda

Aus Ankara gëtt gemellt, datt dank dem Schutz vun tierkescher Arméi a sengen alliéierte Milizen, d‘Regioun nees am Opschwong ass. Et géif nees Wochemäert, d‘Bauere kéinten hir Felder nees bestellen, an d‘Verwaltunge wieren nees operationell. Datt deem esou ass, erkläert d‘Tierkei esou: „Mir hunn d‘Regioun vun der kurdescher Gefor befreit“. Dat stëmmt esou net, dat ass Propaganda.

Sultan

Richteg ass villméi, datt sech déi tierkesch Arméi an déi radikal islamesch Milizen, déi si logistesch a materiell ënnerstëtzt, bei de Baueren „zerwéiert“. Zivilisten, an ganz besonnesch d‘Baueren hunn deem näischt entgéintzesetzen. Déi tierkesch Besatzung ass net friddlech, an och soss mécht Ankara däitlech, wien an der Regioun „Här & Meeschter“ ass. D‘Bevëlkerung leit massiv, esou d‘Fakten.

An der Regioun Rojava huet dem Recep Tayyip Erdogan säi Regierungsapparat déi tierkesch Lira als offiziell Wärung agefouert. Westlech vun der kurdescher Stad Afrine, riicht d‘Tierkei zivil Infrastrukturen op. Déi tierkesch Post beispillsweis, huet sech hei installéiert. An der Regioun Rojava gi stänneg nei militäresch Basen erriicht, déi d‘Géigend esou un d‘Tierkei ubanne sollen.

Wou stinn d‘Kurden?

Nodeems sech d‘Kurdemiliz, déi der osmanescher Iwwermuecht kaum eppes entgéintzesetzen hat, nom Iwwerfall huet missen zeréckzéien, kann dës hir Positioune ronn 100 Kilometer vum besate Grenzsträife sécheren. D‘YPG kooperéiert nach ëmmer mat der US-Arméi an d‘Kurde versichen hiren Autonomiemodell ze verdeedegen. Zudeem kann d‘Allianz net wierklech op si verzichten.

Esou geréiert d‘YPG nach eng gréisser Unzuel vu Gefaangenelager, an deenen dausenden ISIS-Kämpfer mat hire Famillje festgehale ginn. Eng Populatioun déi de Recep Tayyip Erdogan nawell gäre géif op seng Säit zéien, gëtt et dach villeruerts Bedarf fir d‘Qualitéite vun dëse „Kämpfer“. Esou beispillsweis, a Libyen mee och der Regioun Berg-Karabach, wou d‘Tierkei Interessen huet.

Sultan

An engem UN-Rapport ginn däitlech Mënscherechtsverletzungen ugeprangert, déi vum Sultan sengen islameschen Alliéierte begaange ginn. Si raiberen d‘Zivilbevëlkerung aus, vergewaltegen, mësshandelen a morden… Ankara weist sengersäits dës Virwërf zeréck. De Verdeedegungsminister Hulusi Akar, huet zudeem ënnerstrach, datt si géintiwwer dëse Milize keng Befeelsgewalt hunn.

Dat eigentlecht Zil

Wärend den NATO-Partner iwwerzeegt ass keng Verantwortung fir déi eegens zu „besonneschen an erwisenermoosse schänterlechen Aktiounen“ agesate Milizen iwwerhuelen ze mussen, gëtt et weder vun de Vereenten Natiounen (UN) nach der Europäescher Unioun Hiweiser drop, datt de Kurden hir Rechter sollte berécksiichtegt ginn. D‘UN an d‘EU hu jo och eppes Ierger mam syresche President.

Et soll jo – alt erëm – zu „Verhandlungen iwwert d‘Zukunft vu Syrien“ kommen. Déi syresch Regierung vum Bashar al-Assad gëllt als wichtege strategesche Partner vu Russland, firwat dann och Bréissel sech éischter op déi amerikanesch Siichtweis ageschoss huet. D‘USA an Europa hu scheinbar ee Problem mat enger „Zukunft“ an där si wéineg bis guer näischt ze mellen hunn.

Sultan

Hinne kann et egal sinn, datt de Sultan Recep Tayyip Erdogan, déi besate Gebidder als „Geisel fir d‘Zukunftsverhandlungen“ benotzt. Et sollt hinnen allerdéngs net egal sinn, datt d‘Kurden hei vun Ankara kee Matsproocherecht zougestane kréien. Woubäi Ankara och de syresche Regimm selwer stierze wëllen. Ee Gedanken dee villen Amerikaner an Europäer natierlech ganz gutt gefält…

mat indymedia/tlv

Related topics Afrine, Ankara, Kurden, Nordsyrien, Recep Tayyip Erdogan, Rojava, Tierkei, YPG
Next post Previous post