Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!
International Neiegkeeten

What the Fakt – Däitsche Punk-Rock mam Campino!

Als Sänger a Grënnungsmember vun der däitscher Grupp Die Toten

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung
International Neiegkeeten

F91 Diddeleng vs Betis Sevilla: Eng gutt Virstellung

Den zweeten Dag vun der Europa League, huet déi Diddelenger

Eng pickeg Saach – T’ass europäesch Impfwoch
International Neiegkeeten

Eng pickeg Saach – T’ass europäesch Impfwoch

Och wann aktuell ee Virus de Mënsch an d’Isolatioun zwéngt,

De Sultan spillt mat russescher Rakéitenofwier

De Sultan spillt mat russescher Rakéitenofwier

Ankara soll – laut den USA – ee Manöver mat sengem rezent vu Russland geliwwerten S400-System ofgehalen hunn. Dem Recep Tayyip Erdogan säin „Deal“ mat Moskau, hat och bannent der NATO, mee virun allem zu Washington fir Veriergerung gesuergt. D‘USA wollten hiren eppes méi deieren Ofwiersystem „Patriot“ verkafen.

Déi vun den USA getätegt Ausso gouf esou dann och vum tierkesche Sender „A Haber“ bestätegt. Laut dëser dem Sultan nostoender Tëlee, huet déi tierkesch Arméi an der nërdlecher Provënz Sinop (Schwaarzt Mier) sech en „Test“ mam neien S400-System vergënnt. De Verdeedegungsministère wollt dat ganzt net kommentéieren. Deen ass den Ament zudeem mat Berg-Karabach beschäftegt.

Fir d‘Spriecherin vum US-Verdeedegungsministère, Morgan Ortagus, ass dësen Test, wéi schonn de kaf ee kloren Affront géint d‘NATO, mee besonnesch géint d‘USA. „D‘USA haten der Tierkei awer ze verstoe ginn, dat ee vum NATO-Partner erwaart, dëse System net a Betrib ze huelen. Sollt sech bestätegen, datt dat de Fall ass, misst een den Test veruerteelen“, esou d‘Message vun den USA.

Elo kann een natierlech der Meenung sinn, datt den Asaz/Test vum russeschen S400-System net mat der „Verantwortung vun der Tierkei bannent der NATO“ vereenbar ass. Anersäits, wann ee sech eng „Spillsaach“ uschaaft, wëll een och kucke wat se kann. Zudeem hunn sech d‘Tierke mëttlerweil un den Toun aus Washington gewinnt, vu wou aus widderholl mat „heftege“ Sanktioune gedreet gouf.

Bis ewell ass awer, emol ofgesinn dovunner, datt d‘USA den tierkesche „Partner“ aus dem F35-Kampffliger Programm erausgeholl hunn. Si, wéi aner „NATO-Partner“ halen den Asaz vum S400-Rakéitenofwiersystem fir ee Sécherheetsrisiko. De Pentagon ass dann och iwwerzeegt, datt den Asaz vun dësem System en erhiefleche Risk wier, well dësen net „Kompatibel“ mat deene vun der NATO agesate militäresche Systemer ass.

SultanAn der Tierkei kritt een déi tierkesch Iwwersetzung vum Adolf Hitler sengem Bestseller „Mein Kampf“ zum Spottpräis ugebueden. D‘Verbreedung vun dëser „Lektür“ gëtt massiv vum Erdogan senger AKP ënnerstëtzt. Den tierkesche President äussert sech natierlech net derzou, zumindest net offiziell. © Fuoco Savinelli

Si – d‘Amerikaner – ginn dovunner aus, datt iwwert den Ëmwee vum S400-System, d‘Russen elo géifen Zougang zu sensibelen Date vun der NATO an den USA erhale kéinten. Et muss een awer an dësem Kontext drop hiweisen, datt de Sultan ni en Heel dorausser gemaach, huet seng Investitioun „gewënnbréngend“ anzesetzen. Den tierkesche President ass erwisenermoossen och op krich aus.

Den aktiven Asaz a Libyen, Nordsyrien, dem ëstlecher Mëttelmier – wou sech och NATO-Partner géinteniwwer stinn – an net zulescht a Berg-Karabach, deite kloer op eng „Expansioun“ hinn, wat och en Zesummenhang mat den Dreem vun engem neien „osmanesche Räich“ ze dinn huet. Ob et allerdéngs zu enger „Ausschlussprozedur“ innerhalb der NATO komme kann, dat ass net gewosst.

Wann een dann nach berécksiichtegt, datt d‘Regierung (wann och nëmmen indirekt) an der Tierkei dem schnauzbärtege Looser säi Bestseller „Mein Kampf“ an der Promotioun an alle gutt zortéierte Bicherbutteker ubitt, sollt och als „Warnung“ verstane ginn. Wann een Abstraktioun vun den USA mécht, esou wier d‘EU gutt beroden, net méi den Neville Chamberlain Feeler ze widderhuelen…

mat indymedia/was/tlv/bru

Illustratioun: Den S400-Rakéitenofwiersystem, ass präiswäert an effektiv. Méi war net néideg, fir de Sultan zu engem Geschäft ze beweegen. D‘Tierkei ass nach ëmmer EU-Bäitrëttsmember, och wann d‘Gespréicher wéinst dem Beholl vum Recep Tayyip Erdogan op Äis geluecht goufen. Bréissel ass net gewëllt, déi ze beendegen, wat zanter Jore fir Kritik suergt. © Breaking Defense (courtesy)

Ähnlech Sujeten NATO, Recep Tayyip Erdogan, S400-Rakéitenofwiersystem, Tierkei, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel