Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?
Kultur Neiegkeeten

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

Säit Mëtt-Dezember kënnen sech d‘Membere vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten
Kultur Neiegkeeten

20 Joer CIGL Esch: Är Besoinen, eis Projeten

Zanter elo 20 Joer iwwerhëlt de CIGL (Zenter fir lokal

China gesäit sech net als Befehlsempfänger vu Washington
Kultur Neiegkeeten

China gesäit sech net als Befehlsempfänger vu Washington

D‘Fuerderunge vun den USA, China soll gefällegst Nordkorea dozou bréngen

“Summer in the City 2019” mat vollem Programm!

Vum 14. Juni bis de 15. September 2019 an der Stad Lëtzebuerg

“Summer in the City 2019” mat vollem Programm!

De Luxembourg City Tourist Office (LCTO) huet um haitegen Dënschdeg op eng Pressekonferenz agelueden, op där mat vill Virfreed de Programm vu “Summer in the City 2019” virgestallt gouf. Vum 14. Juni un bis d’Rentrée, also de 15. September 2019, vibréiert d’Stad Lëtzebuerg nees dank dem ofwiesslungsräiche Programm mat Fräiliichtconcerten, internationale Museksfestivallen, Stroossentheaterinszenéierungen, Fräiliichtkino, Ausstellungen, Mäert, Fester souwéi weideren touristesch Offeren.

Eng vun den Aufgabe vum LCTO ass et jo, kulturell an touristesch Veranstaltungen an der Stad Lëtzebuerg ze organiséieren. Dowéinst huet ee sech och dëst Joer alt nees vill virgeholl a mam Programm vu “Summer in the City 2019” fir Grouss a Kleng eppes ze bidden. De Marc Angel, President vum LCTO, huet zesumme mam LCTO-Direkter Tom Bellion a mam Raymond Horper, Chef vum Departement “Head of Events & Culture”, souwéi enger Rei fläissege Mataarbechter en Abléck an dee gutt gefëllte Programm ginn.

De Marc Angel (LSAP) huet nach eemol explizit drop higewisen, datt “Summer in the City” e participative Programm ass. Sämtlech Veranstaltunge wieren d’Resultat vun enger partnerschaftlecher Zesummenaarbecht tëscht de verschiddenen Acteure vun der Stad Lëtzebuerg souwéi weideren institutionellen a private Partner, esou de Marc Angel. Besonnesch ervirgehuewen huet hien d’Leit vum Hygiènesdéngscht, déi dofir suergen, datt no de Fester alles nees propper ass.

Summer in the City

Virun der Pressekonferenz am Cercle Cité © Melvin Hatto/moien.lu

Am Kader vu Summer in the City fannen ënner anerem déi bekannt Evenementer wéi Fête de la Musique, Kinnekswiss loves…, Rock um Knuedler oder och nach de Blues’n Jazz Rallye statt. Do dernieft sinn awer och eng Rei Visitten um Programm, wéi beispillsweis déi vun de Bock-Kasematten, den Timetravel am Pafendall, den neien UNESCO Bike-Tour oder d’Visitt am groussherzogleche Palais. D’Kasematten an der Péitruss dierften deemnächst och nees hir Diere fir de Public opmaachen…

En éischten Iwwerbléck vun de Festivitéite fannt Dir hei:

Fête de la Musique

Freideg, de 14. Juni vu 7:00 Auer bis Mëtternuecht
Iwwer 60 Bands spillen op 23 verschidde Plazen, souwuel am Stadzentrum wéi och an den uleiende Véierel (Gare, Kierchbierg, Märel-Belair, Hollerech P&R Bouillon, Pafendall a Gronn).
Fräien Entrée

Kinnekswiss loves… – Open-Air-Concerten op der Kinnekswiss

Mëttwoch, den 3. Juli um 21:00 Auer
Orchestre National de Jazz Luxembourg & Estro Armonico
“D’Pierle Vum Da”

Samschdeg, de 6. Juli um 21:00 Auer
Orchestre Philharmonique du Luxembourg mam Sir Bryn Terfel a Lauren Fagan, ënnert der Leedung vum Gustavo Gimeno

Sonndeg, de 7. Juli um 11:00 Auer
Orchestrre de Chambre du Luxembourg & Orchestre Symphonique du Conservatoire de la Ville de Luxembourg
“Musicroissant”

Sonndeg, de 7. Juli um 17:00 Auer
Orchestre de Chambre du Luxembourg, Orchestre Symphonique, Pueri Cantores, Chorale des Jeunes, Choeur de chambre & Chorale mixte des Conservatoire de la Ville de Luxembourg

Fräien Entrée fir dës Evenementer.

Fir Leit mat ageschränkter Mobilitéit ass den Zougang duerch en extra Beräich garantéiert. Dofir muss ee sech awer spéitstens een Dag am Viraus mam Departement “Intégratioun et besoins spécifiques” a Verbindung setzen. Telefon: 691 964 447; E-Mail: makayser@vdl.lu

Rock um Knuedler

Freideg, den 12. Juli vun 16:30 Auer bis Mëtternuecht

Lion Twin Stage 1, Knuedler
17:15 – 18:00 Auer Ice In My Eyes
18:45 – 19:30 Auer De La Mancha
20:15 – 21:00 Auer The Velvet
21:45 – 22:30 Auer Fred Barreto Group

Lion Twin Stage 2, Knuedler
18:00 – 18:45 Go By Brooks
19:30 – 20:15 Kid Colling Cartel
21:00 – 21:45 Joël Heyard
22:30 – 00:00 Mad Fox

“Acoustic Sessions”: Protestantesch Kierch, rue de la Congrégation
16:30 – 17:00 ROME
17:30 – 18:15 C’est Karma
19:00 – 19:45 Irina
20:30 – 21:15 ROME
22:00 – 23:00 Judasz & Nahimana

Holy Ghost Stage, rue St-Esprit
18:15 – 19:00 Desdemonia
19:45 – 20:45 The Disliked
21:30 – 22:30 Mutiny On The Bounty
23:00 – 00:00 Porn Queen

Dobannen hu fläisseg Mataarbechter an deene leschte Méint dru geschafft, d’Aktivitéiten ëm den Tourismus a Kultur op d’Been ze stellen. © Melvin Hatto/moien.lu

Blues’n Jazz Rallye

Samschdeg, de 27. Juli

Streeta(rt)nimation

Freideg, den 2. August & Samschdeg, den 3. August

MeYouZik

Mëttwoch, de 14. August & Donneschdeg, de 15. August
Clairefontaine-Plaz

Klassik am Park

Donneschdeg, de 27. Juni vun 12:30 bis 13:30 Auer am Park vun der Villa Vauban
Brass Ensemble

Donneschdeg, de 4. Juli um 12:30 Auer am Park vun der Villa Vauban
Sergio Tordini Guitar Trio

Donneschdeg, den 11. Juli um 12:30 Auer am Park vun der Villa Vauban
Duo de violons Jehanne Strepenne & Guy Goethals

Donneschdeg, den 18. Juli um 12:30 Auer am Park vun der Villa Vauban
Festival Brass

Musikalesch Ënnerhalung wärend dem Päischtweekend

Vum 8. bis den 9. Juni spille fënnef verschidde Museksgruppen op verschiddene Plazen am Stadzentrum (Plëss, beim Palais, Kräizung Groussgaass/Rue des Capucins an op der Corniche). Dobäi tauschen d’Gruppen all puer Stonnen hir Plazen.

Ënnert de Gruppe befanne sech:
Dixie Boys
Ceux qui marchent debout
Blues Brass Brothers
Luma Showband
Fanfare Olaïtan

Plëss in Concert

All Dag am Juni spillen op der Plëss Militärkapellen, Bloskapellen, Harmonien a säit kuerzem och Jazzensemblen.

Summer in the City

Plëss in Concert © LCTO

Opmaacherfoto: Den LCTO-President Marc Angel (an der Mëtt), zesumme mam Direkter Tom Bellion (riets) a mam Raymond Horper (lénks), hunn nach eemol betount, datt “Summer in the City” e participative Programm ass, deen ee just a gudder Zesummenaarbecht mat enger Rëtsch Partner realiséiert kritt. © Melvin Hatto/moien.lu

 

 

 

 

Ähnlech Sujeten LCTO, Marc Angel, Rock um Knuedler, Summer in the City, Tom Bellion
Nächsten Artikel Virrechten Artikel