Search

You may also like

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!
Neiegkeeten

Porte Ouverte bei de Lëtzebuerger Naturisten um 1. an 2. Juni 2019!

Um éischte Weekend vum Juni organiséieren d’Lëtzebuerger Naturisten hir Porte

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert
Neiegkeeten

De Flüchtlingsrot ass besuergt, de Minister huet geäntwert

Um Donneschdeg hat de Lëtzebuerger Flüchtlingsrot (LFR) d‘Press agelueden, fir

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet
Neiegkeeten

Joresbericht vum ILR zum oppenen Internet

De leschten Donneschdeg huet den ILR (Lëtzebuerger Regulatiounsinstitut) säi véierte

Summer a Sonn genéissen – Entscheet dech richteg!

Summer a Sonn genéissen – Entscheet dech richteg!

Sonn tanken a vum Summer profitéieren, an dat am Beschten ouni Sonnebrand, Sonnestach an Hautkriibs. Ouni de richtege Schutz kann d’Sonn schnell geféierlech ginn, wouduerch d’Fondation Cancer elo seng Sensibiliséierungscampagne „Entscheet dech richteg“ lancéiert huet.

Sonn

Iwwerméisseg Sonnebestrahlung kann am schlëmmste Fall zu Hautkriibs féieren. Et mécht also duerchaus Sënn, d’Haut mat Sonnecrème ze schützen, gëeegent Kleedung unzedoen a sech och emol am Schiet opzehalen. Wat elo vläicht als schmiereg, onangenehm an nerveg empfonnt gëtt, kann am Endeffekt zu Ärem Wuelergoen an Ärer Gesondheet bäidroen.

„Entscheet dech richteg“ ass eng digital Preventiounscampagne mat Videoen, engem Quiz, sou wéi enger spezieller Internetsäit mat Rotschléi zum Sonneschutz. Esou soll d’Ëffentlechkeet sensibiliséiert ginn, fir mat einfache Methoden den Hautkriibsrisiko ze reduzéieren.

D’Mëttegsonn ze vermeiden, d’Ouere beim Acrèmen net ze vergiessen an eng Kappbedeckung unzedoe misst gewosst sinn. Mee wësst Dir eigentlech wéi een Hauttyp Dir sidd, wéi een erausfënnt wéi laang een an der Sonn dierf bleiwen ier et zum Sonnebrand kënnt oder och wou een am Wanter den noutwennege Vitamin D hierkritt?

D’Lucienne Thommes, Direktesch vun der Fondation Cancer erkläert, datt ee mat dësem Wëssen, wéi ee sech richteg virun der Sonn schütze kann, de Summer auskäschten a genéisse kann, gläichzäiteg och eppes fir d’Gesondheet mécht. „Et läit u jiddwerengem selwer, sech richteg ze entscheeden.“

Opmaacherbild © Francesca Grima / Unsplash

Related topics Acrèmen, Fondation Caner, Genoss, Hautkriibs, Hauttyp, Kappbedeckung, Lucienne Thommes, Schiet, Sensibiliséierungscampagne, Sonn, Sonnebrand, Sonnecrème, Summer
Next post Previous post