Search

You may also like

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an
Kultur

Milliardär setzt Veto géint Jemen-Resolutioun an

Den US-Kongress wollt mat enger Resolutioun dem Donald Trump noleeën,

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten
Kultur

Frankräich: Reguléierung vun der Vitesse op Landstroossen dréit éischt Friichten

D‘Zuel vun den Automobilisten, déi op de Stroosse wou d‘Héchstgeschwindegkeet

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)
Kultur

Interessekonflikt bei der Familljeministesch? (eng kommentéiert Analys)

An engem „oppene Bréif“ – dee vun allen Oppositiounsparteie gemeinsam

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert

Dëppegéisser, Keele-Klatzen an Dogwalker: Gewënner vun der Summerausstellung vun der Stad Lëtzebuerg geéiert

Um Dënschdeg hunn d‘Gewënner vum Concours, deen am Kader vun der Summerausstellung „Beruffer vu fréier an Handaarbecht“ am Cercle Cité, stattfonnt hat, vum Stater Schäfferot op der Gemeng empfaange ginn.

Als Präis hunn déi Glécklech ee wierklech flott Buch aus der Kollektioun „Schätz vun der Fotothéik“ iwwerreecht kritt. D‘Sylvie Elter vu Jonglënster, Nora Sahr vun Héischdref, d‘Denise Beffort vu Käerjeng, de Ludwig Barth vu Gréiwels a de Jeff Baden aus der Stad hunn sech dann och iwwert de schéinen a wäertvolle Präis gefreet.

D‘Ausstellung, déi vum 15. Juli bis den 10. September am Ratskeller vum Cercle Cité ze bestaune war, hat grousse Succès beim Public. Dee konnt hei Opname vu Beruffer aus vergaangen Zäite gesi wat bei deem engen an anere sécherlech Erënnerungen erwächt huet.

134 Exponate, villes a Schwaarz-Wäiss, mee och faarweg Biller haten d‘Organisateuren aus der Stater Fotothéik zesummegestallt. Herrlech Opname vu grousse Fotografen: de Pol Aschmann, de Pierre Bertogne, de Vic Fischbach, de Jochen Herling, den Tony Krier, den Edouard Kutter, den Théo Mey, Marcel Schroeder, de Marcel Tockert an de Marc Wilwert.

En interessante Bléck op d’Beruffer

Op de Biller waren d‘Beruffer aus dem Biergbau, Mecaniciene vum Radio a vun den Autoen ze gesinn. Och d‘Erënnerung un de Service op der Tankstell, ass mam Bild vun engem Pompiste schéin an Zeen gesat ginn. Vertruede war och de Beruff vum „Dëppegéisser“, den Hiersteller vu Keele-Klatzen, wéi och den Hiert mat senge Schof.

Gefeelt huet dann och net den Dokter an d‘Infirmière vu fréier. D‘Glasbléiser, de Mann den d‘Déieren ausgestoppt huet an d‘Wäschfraen hunn och hir Plaz an der Ausstellung gehat. Méi Zäitgenëssesch dann den „Dogwalker“ d‘Personal Trainer oder d‘Webdesigner. Et war wéi gesot vun allem ze gesinn, a net ee Moment langweileg.

Vun de sëlleche Visiteuren haten der iwwer dausend richteg op d‘Fro vum Concours geäntwert. „A wéi enger Strooss war d‘Zentral-Molkerei 1935 an der Stad geleeën?“ Äntwert: um Boulevard d‘Avranches.

Foto: Bild vun der Präisiwwerreechung op der Gemeng Lëtzebuerg, mat de Vertrieder vum Schäfferot. © Marc Wilwert/Fotothéik Stad Letzebuerg

Related topics Concours, Fotothéik, Stad Lëtzebuerg, Summerausstellung
Next post Previous post