Search

You may also like

Adapto a CAPABS: Ännerungen beim spezifeschen Transport
Neiegkeeten

Adapto a CAPABS: Ännerungen beim spezifeschen Transport

Wéinst de jéngsten Entwécklunge kënnt et zu Ännerungen beim Transport fir Persoune

Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun
Neiegkeeten

Stad Lëtzebuerg: Froen a Motiounen zur Schoulorganisatioun

Nodeems leschte Mëttwoch, d‘Schoulschäffin Colette Maart (DP) säi Rapport zu

Wou ass de Brexit drun?
Neiegkeeten

Wou ass de Brexit drun?

Vu lauter Covid19-Gedeessems, engem sat(elitären) Skandal an der Ongewëssheet op

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!

Summerlech Temperaturen: Passt op Är Déieren op!

D’Veterinärsverwaltung rifft d’Déierebesëtzer dozou op, bei héije summerlechen Temperature besonnesch op d’Wuelergoe vun den Déieren opzepassen a se op kee Fall an engem parkenden Auto zeréck ze loossen.

Folgend Moossname solle respektéiert ginn:

  • Stellt den Déiere genuch Drénkwaasser zur Verfügung;
  • Gitt net an der praller Sonn mat hinnen eraus. De fréie Moien a spéiden Owend bitt méi angenehm Temperaturen;
  • Loosst d’Déier ni eleng, wann Dir den Auto geparkt hutt. Och net, wann d’Fënster e Sputt op ass;
  • Déieren, déi dobausse gehale ginn mussen op natierlech Aart a Weis oder en Ënnerdaach Schiet gebuede kréien a sech virun der Sonn schütze kënnen.

Opmaacherbild © Murilo Viviani / Unsplash

Related topics Auto, Déieren, héich Temperaturen, Ofkillung, Schiet, Spadséiergang, Summer, Veterinärsverwaltung, Waasser, Wuelergoen
Next post Previous post