Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En Amerikaner zu Jerusalem
Neiegkeeten

En Amerikaner zu Jerusalem

No Saudi-Arabien ass den Trump um Méindeg zu Jerusalem op

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen
Neiegkeeten

Kommentar: Eigentlech sollten si sech mat Äppel a Bieren auskennen

An de Zäite vu Klimawandel, Biodiversitéitskris a gesellschaftlechem Wandel misst

70 Joer Volleksrepublik China
Neiegkeeten

70 Joer Volleksrepublik China

Um haidegen 1. Oktober zelebréiert d‘Volleksrepublik China seng Grënnung. Bannent

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!

Summeruni – Een informative Weekend ëm d’Klimaproblematik a méi!

Um 27. an 28 Juli organiséieren déi Lénk d’Summeruni, ee Weekend, un deem um Stauséi zu Lëlz eng Rei Konferenzen an Echangen ëm d’Klimaproblematik ugebuede ginn, sou wéi interessant Diskussiounsronne ronderëm den Ecosozialismus an d’Strategie vun der Transformatioun.

Vun Dag zu Dag spëtzt sech d’Kris zou an et feelt nach ëmmer un aktive Moossnamen. Soumat ass an de leschte Méint och weltwäit den Aktivismus an dësem Beräich geklommen. Kucke mir nëmmen eleng zu Lëtzebuerg d’Demonstratioun am Mäerz, sou wéi den zivillen Ongehuersam op der Rouder Bréck viru kuerzem.

De Programm

Samschdes, de 27. Juli

  • 9:30 Auer Check-In an der Jugendherberg zu Lëlz
  • 10:00 Auer Aféierung an de Weekend
  • 10:30 Auer Konferenz – ass d’Gratuitéit eng revolutionär Moossnam?
  • 12:00 Auer Mëttegpaus
  • 13:00 Auer verschidden Atelieren
    1. Echange mat Klima-Aktivisten zu Lëtzebuerg
    2. D’Basen vun enger landwirtschaftlecher Politik mam Jos Thill
    3. Spadséieren mam Claude Schiltz
    4. Rhetoresch Formatioun mam Nathalie Oberweis
  • 15:00 Auer verschidden Atelieren
    1. Echange mat Transitiounsmouvement / CELL
    2. Ecosozialismus a Feminismus – wéi kann een dat vereenen?
    3. Kayak mam Claude Simon
  • 17:00 Auer Diskussiounsronn zur strategescher Transformatioun
  • 19:00 Auer Owendiessen
  • 20:00 Auer Sangen mam Tania Soubry

Sonndes, den 28. Juli

  • 8:00 Auer Kaffi
  • 9:30 Auer Aféierung an den Dag
  • 10:00 Auer Konferenz mat PTB
  • 12:00 Auer Mëttegpaus
  • 13:00 verschidden Atelieren
    1. Methoden zur Moderatioun mam Gary Diderich
    2. Ännert de Syndikalismus eppes zu Lëtzebuerg?
    3. Konferenz zur Transformatiounsstrategie mat Transform
    4. Eng lénks Politik an den Institutiounen
    5. Coalition Building
  • 14:30 Auer Paus
  • 15:00 Auer verschidden Atelieren
    1. Froen zu den LGTBQ-Phobien mam Léa Assaba
    2. Kache mat wëlle Kraider mam Nicki Weis
    3. Iwwerteneestëmmungen an de Kämpf zu Lëtzebuerg
  • 16:30 Auer Debriefing mat Feedback, Umierkungen, Reaktiounen an Suggestioune fir dat nächst Joer
  • 17:30 Auer Check-Out

Weider Informatiounen

D’Summeruni gëtt um kommende Weekend, de 27. an 28. Juli organiséiert. Am viraus muss ee sech iwwert ee Formular umellen. Mir wënsche vill Spaass!

Ähnlech Sujeten déi lénk, Echange, Ëmwelt- a Klimapolitik, Lëlz, Stauséi, Summeruni
Nächsten Artikel Virrechten Artikel