Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

surprise
De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen
International Neiegkeeten Stories

De Staatsrot stellt sech beim Vermummungsverbuet vill Froen

De Staatsrot weist beim proposéierte Vermummungsverbuet mam Daumen no ënnen.

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!
International Neiegkeeten Stories

What the Fakt – Eng europäesch Konventioun géint d’Gewalt géint Fraen!

Bei der sougenannter Istanbul-Konventioun hunn haut virun 8 Joer ganzer

Trump Interview: Europa ass de „Géigner“
International Neiegkeeten Stories

Trump Interview: Europa ass de „Géigner“

Eigentlech ass Däitschland ëmmer d‘Zil vum Donald Trump senge verbalen

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt

Liwwerservice op 4 Patten: Wéi de Sunny seng Nopesch ënnerstëtzt

Schwéier Situatiounen erfuerdere kreativ Moossnamen. Solidaritéit an Zäite vun der Covid-19-Pandemie ze entfalen, erweist sech besonnesch fir eeler a vulnerabel Persounen als groussaarteg an essentiell Ënnerstëtzung. A Colorado, engem Bundesstaat am Westen vun den USA, hunn d’Sunny a seng Besëtzerin Karen sech eng speziell Aktioun afale gelooss, fir der Nopesch, déi sech doheem selwer a Quarantaine gesat huet, ënnert d’Ärem ze gräifen.

Schonn iwwert ee Joerzéngt kennt d’Karen seng eeler Nopesch, déi u chroneschen Otemproblemer leid an dofir op medezinesche Sauerstoff ugewisen ass. Als vulnerabel Persoun, déi scho virum Ausbroch vum neiaartege Coronavirus gesondheetlech Problemer opgewisen huet, war et fir si eng Selbstverständlechkeet, sech selwer a Quarantaine ze setzen.

Sunny

© KKTV

Zënterhier këmmere sech de Golden Retriever Sunny an d’Meeschtesch ëm d’Akeef vun der eelerer Damm. Den Oflaf ass esou einfach, wéi genial: De Muppes geet d’Akafslëscht sichen a gëtt e bëssi geheemelt, bréngt d’Lëscht dann bei d’Karen, déi d’Liewensmëttel am Supermarché besuergt. Uschléissend liwwert den Hond an e puer Etappen d’Akeef un d’Zil.

Ma, net nëmmen den Hond profitéiert vun dem ville Geheemels, och d’Nopesch freet sech iwwert de Besuch op véier Patten. „Wat eng wonnerbar Saach, eng léif Saach. Hien huet ugefaangen mat schleefen, hin an hier. Et mécht Spaass, t’ass ee wierkleche Genoss“, freet sech d’Damm, déi iwwert dës häerzlech Aart vun der Kommunikatioun a Solidaritéit iwweraus dankbar ass. Esou ginn d’Deeg doheem ee Stéck méi erdréiglech.

Sunny

© KKTV

Déieren an de Coronavirus

Wéi d’Weltgesondheetsorganisatioun (WHO) matdeelt, géifen et keng Beweiser dofir ginn, datt Déieren de Covid-19 iwwerdroe kënnen. De Coronavirus ass eng grouss Famill u Viren, wouduerch eis Déieren awer mat aneren Vire vun dëser Grupp infizéiert kënne ginn.

Esou konnt ënnert anerem de SARS-CoV mat der Zibetkaz, déi am tropeschen Asien an Afrika heemesch ass, a Verbindung bruecht ginn, wärend de MERS-CoV vun Dromedaren iwwedroe ka ginn. Fir et also nach emol kloer ze stellen: De Covid-19 kann NET vun Iech op Är Hausdéieren a vice versa iwwerdroe ginn!

Haalt Iech weiderhin un d’Mesure vun der Regierung a bleift solidaresch!

Opmaacherbild: © KKTV

Ähnlech Sujeten Akeef, Colorado, Coronavirus, Covid-19, Liwwerservice, Solidaritéit, Sunny, vulnerabel Persounen, WHO
Nächsten Artikel Virrechten Artikel