Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur
International Love Sport WTF

Tierkei: Wirtschaftskris fir eng Diktatur

Déi tierkesch Lira huet e Freideg e brutale „Plongeon“ missen

Dës Ausstellung weist: Esou eppes wéi en onpolitescht Spill gëtt et net!
International Love Sport WTF

Dës Ausstellung weist: Esou eppes wéi en onpolitescht Spill gëtt et net!

Videospiller hunn an de leschte Joren eng bemierkenswäert Entwécklung duerchgemaach.

cool
Luxmobil: Den Infrastrukturminister mat éischte Resultater vun der Mobilitéitsenquête
International Love Sport WTF

Luxmobil: Den Infrastrukturminister mat éischte Resultater vun der Mobilitéitsenquête

Um Donneschdeg huet den Infrastrukturminister François Bausch déi éischt Resultater

lovesurprise

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

Super Bowl: D‘Adler klappen d‘Patrioten

De Philadelphia Eagles ass eng vun de gréissten Iwwerraschungen an der Geschicht vun der NFL (National Football League) gelongen. Si setzen sech an der Super Bowl LII mat 41-33 géint déi ultra favoriséiert New England Patriots duerch. Dat ganzt bei engem vum Ufank bis zum Schluss maträissendem Match.

An dobäi hat de Patriots Quarterback Tom Brady seng Equippe ëmmer nees bis un d‘Himmelsdier gefouert. Et sollt him awer ganz zum Schluss vun der Renconter net méi geléngen den Deckel zou ze maachen. Schlëmmer nach, bei der decisiver Offensiv-Phas hat hien „d‘Gackelchen“ verluer.

Alles hat awer ausgesi wéi wann d‘Patriots, déi iwwer dräivéierel vum Spill ënner Drock stoungen, op e neits eng historesch Performance géif hileeën an iwwert de Géigner ewech kéint „spadséieren“, esou wéi hinnen dat nach am leschte Joer gelonge war, wou si am drëtte véierel 28-3 géint d‘Atlanta Falcons a Réckstand gerode waren, an déi um Enn an der Verlängerung 34-28 geschloen haten.

Gedroe vum Tom Brady, haten d‘Patriots et 9 Minutte viru Schluss gepackt mat 33-32géint d‘Eagles a Féierung ze goen. D‘Eagles hunn awer Standfestegkeet bewisen, sech op hiert Zil konzentréiert, esou wéi se dat iwwert déi ganz Spillzäit gemaach hunn.

Elo muss een awer soen, datt Philadelphia eng vun de beschten Defensen an der NFL virweise kann. Déi hat et awer schwéier, an ass de ganzen Owend méi oder wéineger dem Tom Brady „nogelaf“. An et war den eréischt géint dem Enn vun der Partie, wou et hinne sollt geléngen, de Quarterback widderholl ze stoppen.

Fir d‘Eagles ass d‘Victoire iwwert d‘Patriots hiren éischte Super Bowl Titel, no zwou verluere Finallen 1981 an 2005. Déi lescht haten se dann och am leschte Moment géint eben d‘New England Patriots 24-21 verluer. Mee elo, zanter dem Erschafe vum Super Bowl 1967, huet och „Phillie“ endlech den Football-Olymp erklommen.

Dann ass do awer och nach ervirzehiewen, datt sech um Terrain zwee ganz „ongläich“ Quarterbacks géinteniwwer gestanen hunn. De scho vill zitéierten Tom Brady, ee Monument vun der NFL, an den Nick Foles, deen nach am Dezember als „Ersatz“ d‘Reie vun den Eagles gefëllt huet.

A wann d‘Resultat net dat impressionnantst an der NFL-Geschicht ass, esou huet et dann awer e neie Rekord ginn. Béid Equippen hunn iwwer 1.100 Yards am ganze Spill zréckgeluecht an domatter eng nei Beschtleeschtung opgestallt. Déi al huet bei 929 Yards geleeën.

mat AFP

Foto: D‘Philadelphia Eagles (hei d‘Nummer 21 Patrick Robinson) feieren hir verdéngte Victoire bei der Super Bowl LII géint d‘New England Patriots zu Minneapolis (Minnesota). © ELSA/Getty Images/AFP

Ähnlech Sujeten New England Patriots, NFL. Philadelphia Eagles, Nick Foles, Super Bowl, Tom Brady
Nächsten Artikel Virrechten Artikel