Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch
Neiegkeeten

Israel féiert zu Gaza Loftschléi géint den Hamas duerch

Déi israelesch Arméi huet bestätegt an der Nuecht vum Dënschdeg

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)
Neiegkeeten

Breaking News: 10 Doudeger no Schéisserei zu Dayton (USA)

Laut der Police vun Dayton am Bundesstaat Ohio, huet e

Frankräich: Feier an enger chemescher Fabrick
Neiegkeeten

Frankräich: Feier an enger chemescher Fabrick

Et war ee „spektakuläert“ Feier, dat zu Rouen an der

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen

Een erfollegräiche Verlaf fir déi multipel verwendbar Boxen

Super equipéiert mat der ECOBOX – Méi laang genéissen

Sponsored Story – De Projet ECOBOX – Méi laang genéissen, deen an d’Liewe geruff ginn ass fir esou geziilt der Liewensmëttelverschwendung entgéint ze wierken, dierf elo scho gläich säin 1. Gebuertsdag feieren. D’Bedeelegung säitens den Ubidden an dem Konsument erweist sech als méi wéi zefriddestellend.

Bis ewell ënnerstëtzen iwwer 100 Restauranten, 50 normal Kantinnen a 60 Schoulkantinnen de System, bei deem ee seng Iessensbox ëmmer erëm notze kann. Méi wéi 55.000 Exemplaire vun der ECOBOX konnte scho verdeelt ginn.

Mat der ECOBOX, déi am Optrag vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung vun der SuperDrecksKëscht entwéckelt, an a Kooperatioun mat Horesca ëmgesat ginn ass, kann Iessen, bezéiungsweis dat wat een net packt vum Restaurant mat Heem geholl ginn. Verspiert een zu engem spéideren Zäitpunkt nees Honger, esou huet een d’Iessen direkt grëffbereet.

ECOBOX

Géint d’Liewensmëttelverschwendung, fir d’Ëmwelt

Dobäi gëtt d’Ëmwelt geschount, wëll duerch déi multipel Notzung vun der ECOBOX zuelräich Eewee-Verpakungen gespuert ginn. Dat féiert zu enger Reduzéierung vum Offallvolumen, wëll net just manner Verpakunge, mee och gläichzäiteg manner Liewensmëttel ewech gehäit ginn.

De System lieft duerch d’Matmaache vum Konsument. Traut Iech dofir a probéiert d’ECOBOX aus. Fir 5 € Pand kann ee seng eegen ECOBOX bei all participéierendem Partner ewech huelen, se zu all Zäit bei de participéierende Restauranten zeréck ginn an natierlech säi Pand erëm kréien. De kannerliichte System ass u keng Verflichtunge gebonnen, erweist sech awer als richtege Plus fir d’Ëmwelt!

D’Adressen zu alle Partner a vill weider Informatioune ginn et ënnert www.ecobox.lu.
D’ECOBOX – Eng Aktioun vum Ministère fir Ëmwelt, Klima an nohalteg Entwécklung

ECOBOX

Dräi Dreckscamionen u Liewensmëtteloffäll pro Dag

Eng Etüd zu de Liewensmëtteloffäll zu Lëtzebuerg huet eng Total Mass vun 68.000 Tonne Liewensmëttel erginn, déi all Joer vu Gastronomie, Handel, Grousskichen a Privatmenagen entsuergt ginn. Dat entsprécht ronn 124 kg pro Awunner pro Joer.

Dobäi wiere ronn 46% vun de Liewensmëtteloffäll am Grand-Duché vermeidbar. Eleng iwwert déi schwaarz Poubelle gi pro Joer 10.640 Tonne Liewensmëtteloffäll entsuergt, wat ongeféier 3 gefëllten Dreckscamione pro Dag entsprécht. Am Joer 2019 wäert dës Etüd zu de Liewensmëtteloffäll nach emol duerchgefouert ginn.

Weltwäit verdierwen 1,3 Milliarden Tonnen vun de produzéierte Liewensmëttel oder ginn ewechgehäit (FAO). An der EU leie mir bei 90 Milliounen Tonnen, wat 180 kg pro Awunner pro Joer bedeit. Dat veruersaacht 17% vun allen Zäregasemissiounen an hëlt 28% beim Verbrauch vun de Ressourcen an. De beschten Offall ass deen, dee vu vir eran net entsteet – dofir: Besser Mehrweg!

Nach ëmmer net iwwerzeegt? Wéi wir et dann heimat: Duerch d’ECOBOX gëtt Iessen an Iessensreschter sécher a mat Pleséier doheem verwäert. De Behälter ass dicht, geet gutt zou an duerch d’Material entsteet keen ellene Geroch. Engem bewossten a respektvollen Ëmgang mat Liewensmëttel steet also näischt am Wee!

Ähnlech Sujeten ECOBOX – Méi laang genéissen, HORESCA, Kantinn, Klima, Liewensmettel, Liewensmëttelverschwendung, Ministère fir Ëmwelt, nohalteg Entwécklung, Respekt, Restaurant, Sponsored Story, SuperDreckskëscht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel