Search

You may also like

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst
Neiegkeeten

D’Gentrifizéierung vum Pafendall, oder wéi d’Gemeng hier Awunner verdränge léisst

Am Pafendall riets vun der Primärschoul zur Säit vun der

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter
Neiegkeeten

Erfollegräiche Start fir d‘Sond: Solar Orbiter

Op der Weltraumgar zu Cape Canaveral am Bundesstaat Florida (USA)

Beim OGBL ass een éischter Zefridden
Neiegkeeten

Beim OGBL ass een éischter Zefridden

Beim OGBL, wou een ufanks net u Kritik, am Bezuch

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass

Ëmmer méi eeler Semester sinn toppfit an dynamesch ënnerwee, dat léist sech positiv notzen

Super Senior: wann et mam Léieren eppes komplizéiert ass

Et huet ëmmer scho Kanner ginn, déi „net esou séier“ an der Schoul waren, wéi dat de Programm eigentlech erfuerdert. Duerch den demographesche Wandel an der Migratioun, ass d‘Situatioun net wierklech besser ginn, an do haten si beim MEC Asbl (Mouvement fir Chancëgläichheet) eng gutt Iddi: Firwat net op d‘Wëssen an d‘Erfarung vun eise Senioren zréckgräifen an et besser maachen?

An esou huet sech de MEC ganz erfollegräich op d‘Sich no dësen eelere Semester gemaach, déi der Saach gewuess an och gewëllt sinn, sech ze engagéieren. Primär geet et drëms sécherzestellen, datt grad déi Kanner, déi aus deem engen oder anere Grond net op eng „Hëllef“ am familiären Ëmfeld zréckgräife kënnen, wann et ëm d‘Hausaufgaben oder méi komplex schoulesch Problemer geet.

Oft ass d‘Sprooch eng Barrière, mee et d‘Lëscht mat de Grënn firwat et „komplizéiert“ ka ginn, ass laang an awer sollt all Kand déiselwecht Chance hunn. Zudeem profitéieren net eleng d‘Butze vun dëser „Ënnerstëtzung“, nee och de Senioren dinn sech ganz nei Méiglechkeeten op. Eng dovunner ass et de Kontakt zur de jonke Generatiounen net ze verléieren. Woubäi Gedold ass en Atout…

D‘Sprooch… mee net nëmmen

An der Famillje wou kee lëtzebuergesch geschwat gëtt, ass natierlech d‘Sprooch déi éischt Barrière. Do wou primär eng frankophon oder lusitanesch Sprooch benotzt gëtt, dinn sech d‘Kanner schwéier mam Däitschen. Do wou éischter eng angelsächseg Sprooch genotzt gëtt, kann et beim Franséische komplizéiert sinn. Wann den Uschloss net soll verluer goen, muss hei entspriechend ugesat ginn.

Mee dat gëllt selbstverständlech fir all Fächer an dëse „Soutien Scolaire“ wéi et gäre genannt gëtt, dierf een net op déi liicht Schëller huelen. An dofir mussen et och déi richteg Seniore sinn, déi vum MEC hei an den Asaz geschéckt ginn. Dat heescht, datt een eng Selektioun maache muss, firwat déi interesséiert Senioren dann och gepréift, interviewt an eppes forméiert musse ginn.

Aktiounsgrupp LEADER Regioun Mëllerdall

Dëse „Service“, dee vun der Iechternacher Asbl säit Mäerz vun dësem Joer ugebuede gëtt, huet sech bis ewell op d‘Regioun Mëllerdall beschränkt, geet awer ab 2020 och bis Jonglënster ugebuede well et eng enstpriechend Demande gëtt. Et ass zudeem net Gratis, woubäi dës „Begleedung“ mat 100 Euro fir 10 Seancen (*) elo och net wierklech ee Lach an de Familljebudget rappe sollt.

Lancéiert gouf de Projet „Super Senior“ am Oktober 2018 a gëtt vum Aktiounsgrupp LEADER vun der Regioun Mëllerdall finanzéiert. D‘Resultater sinn absolut encourageant an d‘Eltere vun de Krapperten ëmmer nees begeeschtert, mat wéi vill Gedold dës „wäiss Käpp“ hir Missioun erfëllen. D‘Seniore kréien hiren Deplacement bezuelt an déi „Gutt“ gi mat edukative Kaddoe belount.

Och Loscht Matzemaachen?

Dir hutt d‘Pensioun an nach keen Hobby deen iech auslaascht? De Programm an der Flimmerkëscht ass keng vernënfteg Optioun an de ganzen Dag einfach „passéiere loossen“ emol ze langweileg? Ma firwat sech net och engagéieren? Wien Interessi un dësem sozioedukative Programm huet, dee ka sech beim MEC Asbl mellen, respektiv sech iwwert déi ganz Prozedur informéieren.

Am beschten ass et ee Motivatiounsschreiwes opzesetzen an ee Liewenslaf unzehänken. Datt alles kann een da ganz einfach per e-Mail un info@mecasbl.lu oder per Post un MEC Asbl, 9 André Duchscher Strooss zu 6434 Iechternach, areechen. Ware mir net komplett genuch an dir hutt ee ganze Batz Froen? Déi beäntwert iech d‘Aurélia Pattou ënnert der Nummer 2672 0035.

(*) Fir d‘Beneficiaire vu Sozialhëllef kascht et 50 Euro fir zéng Sëtzungen.

Related topics Iechternach, LEADER, MEC Asbl, Mëllerdall, Super Senior
Next post Previous post